
A gutt véier Méint sinn d'Gemengewalen. Dës Kéier ass et fir auslännesch Bierger méi einfach gemaach ginn, sech op d'Lëschten anzeschreiwen, an awer loossen d'Chifferen nach ze wënschen iwwreg. Mä gëtt iwwerhaapt genuch gemaach, ass genuch politesche Wëllen do, datt och Net-Lëtzebuerger den 11. Juni hir Stëmm ofginn? D'Claudia Kollwelter huet sech a sengem Commentaire Gedanken dozou gemaach.
Huele mer d'Gemeng mat deene meeschten auslännesche Bierger: D'Stad Lëtzebuerg ass mat ëmmerhi 70 Prozent Net-Lëtzebuerger Awunner grousse Virreider an hätt jo eigentlech och de gréissten Interêt, dës Leit dozou ze kréien, sech fir d'Gemengewalen anzeschreiwen, oder?
75.000 Net-Lëtzebuerger kënnen sech an eiser Haaptstad aschreiwe fir wielen ze goe – Mëtt Januar waren et der awer nëmme knapp 7 Prozent. Jo bis Juni ass nach eng Zäit, ma et muss een awer scho viru Mëtt Abrëll ageschriwwe sinn, an dat sinn dann awer och scho rëm nëmmen nach zwee Méint.
Campagnë goufen annoncéiert, gesinn huet een dovun awer nach näischt. Dobäi gëllt et a mengen Ae genee fir dës nei Wielerschaft hei am Land, net ze träntelen. Si ginn eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg wielen, mussen also och d'Méiglechkeet hunn, sech mat Zäit kënnen z’informéieren an e Bild ze maache vun der politescher Landschaft, de Parteien an de Kandidaten.
Op wat waarden déi politesch Responsabel also? An domat viséieren ech net just déi vun der Stad Lëtzebuerg, mee vun all de Gemengen uechtert d'Land. D'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen huet dës Woch op enger Pressekonferenz d'Gemeng Bech genannt als gutt Beispill, déi en toute-boîte gemaach hunn, mat engem Formulaire wou een sech direkt aschreiwe kann. Zu Bech sinn ëmmerhi schonn iwwer 30 Prozent vun de Net-Lëtzebuerger fir d'Gemengewalen ageschriwwen.
Wisou sinn aner Gemengen nach net op de selwechte Wee gaangen? Ass d'Motivatioun vläicht och net iwwerall déi nämmlecht? A wisou geet een sou Aktiounen a Campagnen net einfach national un, amplaz datt all Gemeng hir eegen Zopp kacht? D'Parteien si gefuerdert an och wann et d'Gemengewale sinn, hätt ee sech och kënne virstellen, datt d'Regierung sech fir eng méi grouss ugeluechte Campagne engagéiert hätt – an dat souwuel am ëffentleche Raum, op de sozialen Netzwierker, wéi och an de Medien.
Ma fir e neien, net-Lëtzebuerger Wieler vu sech iwwerzeegt ze kréien, mussen d'Kandidate vläicht och ëmdenken. Hei geet et net duer, datt ee just mat sengem Image a senger Persoun praalt – Contenu ass verlaangt! De Politiker ka manner drop hoffen datt seng Bekanntheet ëm eng Stëmm garantéiert – vive de Panachage hei zu Lëtzebuerg!
Et geet net ëm d’Käpp, et geet em de Contenu– mee wien artikuléiert Inhalter, an op wéi eng Sprooch? Déi Fro stellt sech net just am Walkampf, mee och am politeschen Alldag. Als Politiker muss en also och en Effort maachen, fir dës Wielerschaft – ma et ass awer a mengen Aen och just MAT dëser Wielerschaft, datt ee vun enger Representativitéit oder Demokratie schwätze kann an een als Gewielten och wierklech behaapte kann, datt een seng Aarbecht spéider an engem Gemengen- oder Schäfferot am Interêt vun all den Awunner maache géif. Et soll also net méi laang gewaart ginn, mee d'Leit elo informéiert a sensibiliséiert ginn, fir am Juni an d'Walbüroen ze goen.