
D’Anne Wolff kuckt a sengem Commentaire aus der Perspektiv vun enger jonker Wielerschaft op d’Walen a stellt fest, dass hinnen net einfach en Desintressi un der Politik dierf ënnerstallt ginn, ma hir Intressie wieren am Dagesgeschäft einfach ze dacks zweetrangeg.
Jonk Leit sinn also net "politikverdrossen", éischter "PolitikERverdrossen", fir beim populäre Reproche ze bleiwen, deen déi Jonk an eisem Nopeschland Däitschland ëmmer nees gemaach kréien.
Mee vu vir:
Viru kuerzem war ech op engem Conveniat. Meng Klassekomeroden an ech gehéieren zu där Generatioun, déi elo fir d’Zweet d’Chamberwale matmaachen.
Antëschent schafft jiddereen, et si Salariéen, Beamten a Leit aus Betriber dorënner. Huet ee sech bei den éischte Wale vläicht nach a sengem Jugendzëmmer u bekannte Gesiichter a Walprogrammer orientéiert, muss ee lo e Loyer oder a ganz ganz rare Fäll e Prêt bezuelen, denkt vläicht iwwer Kanner no oder steet virum Schrack an d'Selbststännegkeet. Dotëscht louch Corona an de Krich an der Ukrain.
Wee wielt dir dës Kéier? Hunn ech gefrot.
"Das kleinere Übel" war d’Äntwert.
Eng zimmlech desillusionéiert Äntwert, déi awer de Reproche net gëlle léisst, et géing ee sech net fir d'Politik intresséieren. Villméi weist se vläicht eng Flemm iwwert d’Aart a Weis, wéi eng kuerzfristeg Politik gemaach gëtt.
Pünktlech virun de Wale ginn d’Stammwieler verwinnt. Sou kruten d’Staatsbeamte zum Beispill no grad emol enger Woch Verhandlung méi an der Pai. Déi versprache Steierreform ass dogéint zanter Joren en Thema, ma eréischt elo schéngt eng Zort Torschlusspanik opzekommen, et ginn ëmmerhin Steiererliichterungen an Aussiicht gestallt. Déi eigentlech Reform bleift awer aus.
Wat awer feelt, si laangfristeg Léisunge fir d'Logements-oder d’Klimakris. An déi Froe concernéieren déi Jonk nach eemol ganz anescht wéi eeler Generatiounen, déi schonn ofgeséchert sinn. Eng Ofsécherung, déi fir déi zukünfteg Generatioune wäert schwiereg sinn.
Op déi Suergen allerdéngs kënnen déi aktuell Spëtzekandidaten an den Ae vu jonke Wieler, wéi et schéngt, net wierklech äntweren.
Hunn déi Jonk also d’Flemm mat der Politik, oder d’Politiker d’Flemm mat deene Jonken an hire Suergen?
"Das kleinere Übel”: Do muss eis Gesellschaft sech d’Fro stellen, wéi dat an Zukunft wuel ausgesäit. Elo scho profitéiere populistesch Parteie vun der ugespaanter Situatioun. En Trend, deen a ganz Europa ze gesinn ass. Zu Lëtzebuerg inzenéiert d’ Piratepartei sech als Robin Hood vun der Wourecht, adr-Leit schreiwen e Buch, deem säin nationalisteschen ugehauchten Duktus e batteren Nogoût hannerléisst.
Fillen d‘Bierger sech net eescht geholl, riskéieren déi einfach a radikal sougenannte "Wourechten" an de Credo "Mir géint Déi do uewen" besonnesch attraktiv ze sinn.