
De Fränz Aulner mengt a sengem Commentaire, datt d'Politik net dolaanscht kënnt, d'Mëttelschicht z'entlaaschten an d'Depensë vum Staat z'iwwerkucken.
Wat méi Indextranchen erfalen, wat d'Leit ëmmer méi fuerderen, datt de Steierbarème un d'Inflatioun ugepasst gëtt, well se soss manner Netto kompenséiert kréien. Wat de Barème méi laang net ugepasst gëtt, wat eng Upassung no all Indextranche awer och ëmmer méi deier fir d'Leit a fir de Staat gëtt. D'Regierung ass dowéinst manner ewéi ee Joer virun de Walen an enger komplizéierter Situatioun.
Eigentlech hunn all déi Recht, déi froen, datt de Barème ugepasst gëtt. Och d'CSV, woubäi si dat selwer bal ni gemaach huet, wéi si an der Regierung war. D'DP huet dann hirersäits Recht, wa se seet, eng Upassung géing déi héich Revenue méi entlaaschten, woubäi dat hir eigentlech kéint egal sinn. D'LSAP huet da Recht, wa se seet, et misst ee méi héich Spëtzesteiersaz aféieren, fir deem entgéintzewierken, woubäi se do séier hir eege Paie méi belaaschte géing. D'DP huet da rëm Recht, wa se seet, dat bréngt net genuch eran, fir den Déchêt fiscal fir de Staat opzefänken.
Dat stëmmt natierlech nëmmen, wann een de Spëtzesteiersaz net genuch hieft a wann de Staat seng Depensen op engem héije Niveau wëll halen.
Wat kascht deier?
Ëmmer nees héiert een dann, datt méi héich Spëtzesteiersaz Talenter géingen ofschrecken, an d'Land ze kommen. Hei ginn Talenter awer mat räiche Leit aus dem Ausland verwiesselt. Jo, et gi sécher héich Kaderen op der Finanzplaz, déi vu Steiererhéijunge betraff an ofgeschreckt wieren eventuell. Mee et ginn och d'Leit am Fleegesecteur, am Handwierk an an den Déngschtleeschtunge vun allen Zorten, déi net esouvill verdéngen. Déi ginn am Géigendeel ofgeschreckt vun den deiere Wunnengspräisser an dem Stau, deen dat mat sech bréngt.
Et ass novollzéibar, wann eng Regierung manner ewéi e Joer virun de Chamberwale kee Lach an der Staatskeess wëll hannerloossen an dowéinst mat Steierkreditter d'Leit wëll cibléiert a selektiv entlaaschten. Wat se awer net bedenkt, ass, datt se der nächster Majoritéit keen Handlungsspillraum iwwerléisst, wa se d'Upassung vun de Barèmen ëmmer méi Indextranchen no hanne verréckelt. Amplaz elo Steierkreditter ze decidéieren, misst déi nächst Tripartite sech vläicht éischter iwwerleeën, wou se kéint d'Ausgabe vum Staat reduzéieren? Vläicht bei deene Staatspaien, déi d'Moyenne op méi ewéi 10.000 Euro de Mount an d'Luucht drécken.
De Botter an d'Geld vum Botter
Oder nach besser: se kéint iwwerleeën, wou se méi Steierrecettë kéint fannen, ewéi zum Beispill beim Steen. D'Reform vun der Grondsteier geet net wäit genuch zum Beispill. Ass d'Ofschreiwe vu Scholdzënse gerecht an zäitgeméiss? Een, deen 100.000 Euro brutto verdéngt, kann duerch seng Steiererklärung ënner Ëmstänn manner Steiere bezuelen ewéi een, dee manner verdéngt a sech kee Prêt méi leeschte kann.
Oder wéi gesot Ultra High Net Worth Individuals an Dividende méi besteieren. Vläicht muss Lëtzebuerg dach lues a lues e bësse méi lues trëppelen? Soss maache mer weider sou: d'Gewerkschafte froen ëmmer méi Kafkraaft a gläichzäiteg baue mer iwwerall Citéen an nei Stroossen. Dat ass den Enjeu vun dëse Walen: wou féiert d'Rees hin? De Botter, d'Geld vum Botter an de Sourire vun der Crémière: alles dat ze hunn, gëtt ëmmer méi schwéier.
Hei den éischten Deel vum Commentaire "Et gëtt Buttek" liesen.