De Lëtzebuerger Staat keeft Arcelor-Mittal d'Hallschent vu sengem neie Siège um Kierchbierg of. Datt dës Immobillientransaktioun eng finanziell Hëllef fir ArcelorMittal duerstellt, gëtt knapps verstoppt. Mä d’Regierung ass bereet, dee Präis ze bezuelen, fir datt de Stolbetrib seng Bréifboîte hei zu Lëtzebuerg hält, och wann en ëmmer manner hei produzéiert. Dat mengt d’Michèle Sinner an hirem Tëscheruff.

Tëscheruff vum Michèle Sinner

273,5 Milliounen Euro fir herno 18 000 Metercarré Bürosfläch. Dat ass méi, wéi déi 11 Satellitte kaschten, déi d’Lëtzebuerger Defense elo kaf huet - an dobäi kënnen déi tatsächlech fléien. Ëm d’Äerd. Den Infrastrukturminister François Bausch huet déi lescht Deeg couragéiert am Numm vun der Regierung versicht, z’erklären, et hätt een ebe virun enger hallwer Dose Joren d’Decisioun geholl, fir ArcelorMittal mam Terrain entgéintzekommen, fir datt se hire Siège net an d’Ausland verleeën. Et wier wichteg fir d’Visibilitéit no baussen, datt Lëtzebuerg e groussen Industriebetrib hätt, net just Banken, Fongen oder ebe Satellitten.

Dës Immobilientransaktioun beweist domat: Industrie ass do, fir sech no baussen ze bretzen. Net, fir hei heem Knascht ze produzéieren. ArcelorMittal beschäftegt antëscht manner Leit hei am Land wéi déi gréisste Botzfirma. Säit der grousser Stolkris marchandéieren Regierung, Staat a Gewerkschaften an der reegelméisseger Geiselnam, déi ee Stoltripartite nennt, Bäihëllefen an Investitioune géint Aarbechtsplazen, fir datt net all Wierker zougemaach ginn. An ee Bléck an de Bilan weist, datt de gréissten Stolbetrieb vun der Welt zu Lëtzebuerg méi Zënse wéi Stol produzéiert, fir dono d’Perten op de Steieren ofzesetzen. Wéi soss all Bréifboîte-Gesellschaft och.

De Clou drun ass: D’Fassad vum neie Stol- a Glaspalais gëtt mat Steewoll isoléiert, fir datt d’Mataarbechter am Wanter net erfréieren an am Summer net baken. Vläicht kënnt déi vun Illange hei vir am Frankräich? Dohin huet Knauf säi Wierk gebaut, nodeems et zu Suessem wéinst der Pollutioun net wëllkomm war. Mä Schuedstoffer maache jo bekanntlech op der Grenz Halt, och wa mir zu Lëtzebuerg fir fräie Kapitalverkéier an Europa sinn.