
© RTL
De Logement zu Lëtzebuerg ass sécherlech aktuell mat dee gréisste Probleem, mat deem d'Gesellschaft an d'Politik ze kämpfen huet.
Um Mëttwoch sinn alleguer d'Acteuren aus dem Secteur fir virgezunnen Assisen zesummekomm. Wierklech vill dobäi erauskomm ass awer net. Dobäi géif et héich Zäit, dass se alleguer mol wierklech an de Krisemodus géife schalten, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
De Probleem ass zanter Joerzéngte bekannt. D'Präisser sinn ze héich fir déi, déi eng Wunneng brauchen an déi traditionell Investissementer an de Steeën, déi all gudde Lëtzebuerger an esou munchen Investisseur aus dem Ausland gemaach hunn, dreiwen d'Präisser weider an d'Luucht. Dogéint gemaach gouf kaum eppes. Zanter 2017 ass de Marché du komplett duerchgedréint, mat enger Präishausse vu 17 Prozent Enn 2021.
Elo, wou de System dreet ze kippen, well den Otto-Normal-Häuslebauer op der Bank méi wéi déi anormal déif Zënse muss bezuelen, ass op eemol grouss Panik. Op d'mannst gëtt emol esou gemaach wéi wann.
Weder d'Politik nach de Bausecteur schéngen nämlech esou wierklech am Krisemodus ukomm ze sinn.
Bescht Beispill sinn d'Logementsassisen. De Minister annoncéiert, datt hie wëlles huet, dem Regierungsrot an nächster Zäit zwou kleng Mesuren ze proposéieren. Wow. An dësen Zäiten hätt ee sech dach awer e bësse méi Wumms erwaart. Vläicht esouguer eng nohalteg Visioun fir d'Zukunft. An net, dass u Mesuren, déi virun der Kris vläicht gepasst hätten, mordicus festgehale gëtt, ouni sech un déi aktuell Situatioun unzepassen.
En änleche Manktem u Realitéitssënn gëtt et bei den Entrepreneuren. Ech erënnere kuerz drun: Jorelaang Präishaussen am zweestellege Beräich. Wien huet doru wuel verdéngt? Direkteren, déi hir Entreprise anstänneg geréieren, hunn an där Zäit eng Mouk op d'Säit geluecht. Ëmmerhin war jo ofzegesinn, dass déi ultra niddreg Zënsen iergendwann erëm missten an d'Luucht goen an déi Exzesser um Marché da géifen opfléien.
D'Argument, et kéint ee sech et net leeschten elo e puer Méint manner ze verdéngen fir weider kënnen ze bauen a kee mussen z'entloossen, ass deemno kaum kredibel. An d'Fuerderung d'Entgleisunge vum Marché vun de leschte Joren elo mat Steiersue weider ze finanzéieren ass, a mengen Aen, schonn zimmlech affrontéiert.
Déi nächst Méint wäerten deemno weisen, wéi et wierklech am Secteur ausgesäit. Wann de Staat Projeten, zu senge Konditiounen a wéi de Minister versprach huet am Interêt vum Bierger, opkeeft.
Jiddereen muss elo seng Margen iwwerdenken, vum Promoteur, iwwert d'Baufirmaen an d'Handwierker bis bei all déi Leit, déi Terrainen zeréckhalen, respektiv op iwwerdriwwe Plus-valuen halen.