D'Buergen si gebrannt, d'Fuesent ass gefeiert, d'Glieser vun den Neijoerschpätt stinn nees an de Schief - d'Regierung schafft nees voll konzentréiert un hiren Dossieren. An do heescht d'Zil: Zeréckgewielt ginn - an déi Walcampagne-Maschinerie dréint an d'Dräier-Koalitioun drift programmatesch ëmmer méi auserneen - wann op der Tripartite e Freideg net e gemeinsame Plang fonnt gëtt, fir d'Mëttelschicht substantiell z'entlaaschten, ass d'Koalitioun um Pabeier um Enn... E Commentaire vum Roy Grotz.

E Commentaire vum Roy Grotz

T'ass kal a gro am Stater Regierungsquartier, de Wand hault duerch d'Gaassen - nëmme vereenzelt gesäit een en Deputéierten oder Ministèresmataarbechter op der Sich no enger Eclair oder engem waarme Schocki. Bal all d'Ministere sëtzen iwwerdeem konzentréiert an hiren Büroen an preparéiere sech op denEvent vun e Freideg. Dat ass natierlech de 50. Gebuertsdag vum Staatsminister - Wat him schenken, wéi him eng Freed maachen, wéi sech passend kleede fir d'Party?

Schwiereg bei Engem, deen ewell alles huet a bal alles erreecht huet.

E Freideg ass awer och nach eng aner Zelebratioun. Richteg, am feierlechen Kader vum Sennenger Schlass gëtt de Sozialdialog gefeiert. A wéi gesäit d'Resultat aus?

D'Betriber kréien eng ganz Indextranche kompenséiert an d'Gewerkschaften kréie Steier-Kreditter zerwéiert an erkläert, wéi d'Gas- a besonnesch d'Stroumpräisser, och iwwer dëst Joer eraus, wäerten ausgeglach ginn. Wann dann d'Dräier-Regierung fir d'Geschichtsbicher ass - oder och net.

Absënns d'LSAP huet am Virfeld vum Sozialdialog héich gepokert an d'Spëtzekandidatin Paulette Lenert gesäit d'Deckelen vum Index als keen Tabu. Dobäi kënnt, datt d'DP d'Sozialiste virgefouert huet, andeems d'Anti-Harakiri-Ministesch Yuriko Backes sot, datt de Sputt vun de 500 Millioune ka via Steierkreditter direkt bei Deenen ukommen, déi et am néidegsten hunn. Net weider ofgeschwat an der Regierung, mä op der Place publique mediewierksam placéiert.

An d'DP trëppelt och nach no, andeems de Wirtschaftsminister Fayot - en absence wëll a Südamerika ënnerwee - an der FEDIL-Houmass virum versammelten Patronat vum Staatsminister an de Mond geholl an op eng gelungen a bosseg Aart entschëllegt gëtt - mä Jiddwereen hat de Message verstanen, datt hei keng onzertrennlech Frënn schwätzen.

Et ass eeben Walcampagne, d'glacéiert Händschen sinn géint Box-Moulle getosch an et ginn der onversinns op de Bak, wou et nëmmen geet.

Déi onduge Gréng kucken deem Spillchen tëscht Blo a Rout natierlech ameséiert no a bréngen mam Sam Tanson eng Politikerin mat Sënn fir d'Saach an d'Nuancen a Positioun, iwwerdeem de "Godfather" Bausch d'Fiedem zitt an déi bleech éischt Rei vu gréngen Decideuren kuckt hire Profil iergendwéi geschlaff ze kréien, fir awer nach eng Alternativ duer ze stellen, wann d'Fro sech da soll no de Walen stellen.

Alternativlos wëll sech och natierlech d'tockeg CSV mam schamperen Luc Frieden duerstellen an fuerdert virun der Tripartite eng Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun - genee déi Revendicatioun, déi d'Gewerkschaften och zesummen am Gepäck hunn - a genee dat, wat d'DP an der aktueller Krisesituatioun net wëll, well et irresponsabel wier.

Wat d'Leit - Salariéen, Jonker, Eelerer a Patronen an dëse Krichszäiten wëllen, ass genee dat: eng responsabel Regierung, déi keng faarweg Seefeblosen verkeeft, net träntelt an triwwelt, mä eng solidaresch a realistesch Politik mécht, déi der Klimakris Rechnung dréit a Kee stoe léisst. Dorunner gëtt och d'Resultat vun der Tripartite gemooss an net no der Dimensioun vum Premier sengem Gebuertsdagskuch - vun deem Jo och Jiddwereen wëll säi Stéck kréien.

Et steet vill an der Dräierronn um Spill: souwuel d'Kredibilitéit vun der Regierung, mä och vun de Sozialpartner - hir Wale sinn d'nächst Joer an annoncéieren sech an de Kulissen elo schonn.

Schlëmm wier et, wann d'bëlleg Basars-Mentalitéit an de Marchandage zu Senneng géifen iwwerweien.