"10 Joer Gambia hunn d'Problemer net méi kleng gemeet, mee méi grouss". Mat dësem Constat huet de gekréinten CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden um Weekend annoncéiert,...

... wou d'Rees vun der Partei soll nom Oktober hiféieren - riicht zeréck un de Pouvoir - mat beschtefalls engem Partner am Koalitiounsbett oder och nach zur Nout enger drëtter Partei un der Säit. Ob d'Rechnung opgeet, hänkt net nëmme vum Wieler of, mee och vun der CSV-Ekipp ronderëm ... Iwwerleeunge vum Roy Grotz.

De Commentaire vum Roy Grotz

"Mat him verbanne sech an der Partei Hoffnungen. Déi eng schwätze vum 'Messias-Mythos', déi aner soen, hie wier den James Dean vun der Politik, deen ze fréi gaangen ass, fir de Status vun engem Held ze kréien" - gutt an der Press geschriwwen - ëm wie geet et?

Nee, net ëm de Luc Frieden, mee an engem Artikel 2018 an der FAZ ëm de Frieden-Double Friedrich Merz, deem säin CV a groussen Zich deem vum Lëtzebuerger CSV-Messias gläicht.

Et ass dann och eng däitsch Marketingagence vun Hamburg, déi d'CSV um Wee zeréck un d'Muecht beréit an all onkamoud Falen a Steng aus dem Wee soll raumen.

Déi mam Luc setzen op dem Ex-Finanz- a Budgetsminister seng Manager-Qualitéiten: D'Messagen aus der Ettelbrécker Konvent-Mass liese sech wéi eng Guide-Ligne, fir Jeunes dirigeants mat Steiererliichterunge fir Leit a Betriber, d'Energie-Transitioun begleet vun engem Marshall-Plang a Mesuren, déi de Betriber net wéi dinn.

Neen zu Verméigens- oder Ierfschaftssteier oder och engem gedeckelten Index. Jo zu méi séieren administrative Prozeduren an enger pragmatescher Ëmweltpolitik - flott ne diert, do ka jiddereen ënnerschreiwen.

D'Fro ass lo, wéi sech d'CSV personell an de Bezierker zu dëse Sujete positionéiert an opstellt an op de laangjäregen Spuerbuch-Minister och Stëmmen a Leit wéi Galles, Spautz, Mischo oder Weydert zouléisst.

Da muss awer och de Spagat zu der Inner-cercle-Fraktioun stëmme mat Roth, Mosar, Gloden, Wiseler, Hansen a Margue - an ob den neien-alen CSV-Star déi Turn-Akrobatien hikritt, ass ze hannerfroen.

Et ass Zäit fir e Wiessel - fir eng aner Politik - an déi fänkt haut hei un - sou sot et de Luc Frieden, deen och ganz gentil du geklappt krut. E Luc Frieden, deen och seng sozial Kompetenz ervirgestrach huet, wëll hien déi lescht Jore beim Roude Kräiz aktiv war - Stéchwuert "Gruef tëscht Aarm a Räich zouschëppen".

D'Hamburger Rieden-Analyste ware sécher zefridde mat deem Speech, wouranner xMol op déi Jonk, dem Luc Frieden seng Kanner an d'Zukunftsgestaltung vum Land higewise gouf.

Och wa Blo-Rout-Gréng d'rout Kaart vum Ex-Juncker-Dauphin gewise krut, sou wëll et sech de Luc Frieden als rénge Strateg mat kenger Faarf verdierwen an keng Exklusivitéiten ausschwätzen- et wëll een net nees als Paria do stoen um Walowend, wann d'Party fir d'drëtte Kéier komplett ouni d'selwer-ernannt orange Gestaltungspartei gefeiert gëtt.

Dat wëllen "déi mam Luc" mat alle Moyene verhënneren - well soss bleift vun der houfreger Vollekspartei just nach e Slogan an e Logo ouni all Schäin an Identitéit.

Et ass der CSV hir lescht Chance. Et ass dem Luc Frieden seng allerlescht Chance. Jonker ginn an dëse Wale bei der CSV keng verbrannt, well bis op e puer kleng Ausname keen an d'éischt Rei gelooss gouf.

De Charisma an d'wirtschaftsliberal Experienz vun engem Luc Frieden mussen duergoen. D'Loft, d'Opbrochstëmmung an d'Dynamik si vläicht aus der Dräier-Koalitioun eraus, trotzdeem wäerten dës Parteien alles ginn, fir net musse mat der CSV de Passé opzeschaffen.

#déimamXavierSamPaulette sinn nämlech fest gewëllt, de Cockpit net sou séier ze verloossen an d'CSV weider um Parking vum Findel ze loossen - wou si no engem Parking sicht.