"Elo wësse mer also erëm alleguer, ëm wat et geet", esou fänkt den Nico Graf säi Commentaire un.

Mir hunn eis gëscht bekuckt an der Redaktioun. Déi jo emol ze éischt e laange Raum ass, e Großraumbüro, wéi se déisäit soen, a jiddwereen hat op eemol de Gedanken, wann do ee mat enger Kalaschnikow erakéim - e kuerzen Ament Hesitatioun, ier mer dunn erëm ugefaang hunn ze fonctionnéieren, weider Informatiounen ze kréien, Téin ze sichen, Confirmatiounen ze froen. An ëmmer erëm d' Fro: wéi vill Doudeger? E Bilan, deen ëmmer méi schwéier ginn ass. Polizisten, Karikaturisten, Journalisten. Erschoss. Mat der Spezialitéit, datt d'Attentäter an der Redaktioun vum Charlie Hebdo genee wësse wollten, wie se viru sech hätten, wie se erschéisse wollten. "Nous sommes menacés parce que nous sommes un pays de liberté", sot de François Hollande op der Plaz. Dorëms geet et: Gedankefräiheet, Meenungsfräiheet, Pressefräiheet. Eben och an deem klassesche schéine Sënn, datt een engem seet: Ech si guer net d'accord mat deem, wat s Du sees, mä ech kämpfen drëm, dass Du dat soen däerfs. En Zitat, dat dem Voltaire zougeschriwwe gëtt, wat deen awer esou wuel ni gesot huet. De Voltaire huet iwwer e bestëmmten Auteur awer dëst geschriwwen:

Cet homme valait mieux que tous ses ennemis ensemble ; mais je n’ai jamais approuvé ni les erreurs de son livre, ni les vérités triviales qu’il débite avec emphase. J’ai pris son parti hautement, quand des hommes absurdes l’ont condamné pour ces vérités mêmes.

Genee dorëms geet also: Drëm ze kämpfen, datt een, mat deem een net d'accord ass, Iertumer an Trivialitéite soen däerf. Net ëmmer einfach d'ailleurs, wann een awer och guer net averstan ass mat deem, wat deen anere seet, wéi en et seet a wéi en eppes karikéiert. Toleranz ass grad do gefrot, wou een se bal net aushält, wou et extrem schwéier fält, liberal ze sinn. Wann een elo nach eng Kéier duerch d'Zeechnunge vum Wolinski, vum Charb a vum Cabu bliedert, da gesäit een, wéi se ausgedeelt hunn, "même combat" géint de Popst a géint de Prophet a géint de President a géint de Le Pen.

Mat dësem Attentat geet e Krees zou. Dësen: An Däitschland nennen d'europäesch Patriote géint d'Islamiséierung vum Abendland, d'Pegida-Leit, déi vernennen d'Press Lügenpresse. Op déi Lügenpresse ass zu Paräis geschoss ginn.

Net méi spéit wéi ugangs dëser Woch sinn och Lëtzebuerger Kräizritter op Köln gefuer, fir do géint de menaçanten Islam ze demonstréieren. A wat haten se mat? Rout Léiwen. An Täscheluuchten. A Pefferspray. Fantastesch. Täscheluuchte géint d'Däischtert. Well fir géint hiren Obscurantissem ze kämpfen, hat den zoustännege Kardinol jo d'Beliichtung vum Kölner Doum ausgeknipst. A Pefferspray haten se mat, fir sech ze wieren oder fir ze attackéieren. Peffer also – dat aalt orientaleschst Gewürz. Arméiert ausgerechent mat deem Gewürz fuere si an d'Stad, wou den dräi sougenannten hellege Kinneken hir Reliquie leien, de Weisen aus dem Morgenland hir Schanken, an ausgerechent do wëlle si géint eng orientalesch Iwwerfriemung protestéieren.

Eis Lugadiste schéissen nach net. Mä op den Dag genee haut kréien zwee Männer de Prozess gemaach, déi Journalisten um Internet mat Gewier-Kaliberen a mam Flobert (a mat der Marine LePen) menacéieren.

Et ass bestëmmt keen Hasard, datt d'Attentat zu Paräis genee op deem Dag geschitt ass, wou déi ganz franséisch Press sech iwwerschloen huet, de Michel Houellebecq a säin neit Buch ze presentéieren – wou jo en Islamist franséische President dran ass. Den Tamtam ëm den Houellebecq ass en réalité en Debat iwwer de front national an d'Marine Le Pen. Déi sech ante portas fillt, fir Presidentin ze ginn.

Dat ass dat, wat esou verréckt ass den Ament: Islamisten a Rietsextremer sinn objektiv Alliéierter - même intolerante Combat, même combat géint d'République.

Ech si gespaant, wéi tolerant, wéi oppen, wéi eescht am Summer eis national Diskussioun iwwer d'Wahlrecht fir Auslänner verleeft.

Do weise mir dann, wat mer sinn.