Reaktioun op eng Carte Blanche op RTL.lu.

Eng kleng Erklärung fir den breeden Public! Dei lescht Woch huet mech eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff op rtl.lu interpelleiert mam scheinen Titel: « De Beruff vun der Infirmière - Dir denkt, Dir wësst wat de Beruff vun enger Infirmière ausmécht? »

Doranner beschreift sie wei et hier meiglech war enger weier kranker Patientin hieren Daag e bessen mei schein ze maachen an weivill hier daat selwer bruecht huet.

Selbstverständlech well all Infirmier an Infirmière zu Letzebuerg esou schaffen wei am Artikel beschriwen, dest gett him/hier awer vun eisem aktuellen « Gesondheets »system quasi onmeiglech gemaach.

Emmer manner Personal fir emmer mei Tâchen ze erfellen an dann quasi t'Halschent vun der Zait alles dokumenteieren mussen waat een gemach huet fir ze beweisen dass een eppes geschafft huet.

Duerno kritt een dann fir 100% geleeschten, an virun allem bewisen Aarbecht, nemmen 80% Personal vun der CNS zur Verfügung gestallt. Natierlech kann een dann net mei 100% leeschten. Dei dann mat vill Krämpes geleeschten Aarbecht gett daat Joer drop vun den Décideuren fir 100%teg erklärt an dovunner gett alt nees den Personalschlessel vun 80% ausgerechent.

Sou geet daat Joer fir Joer an schon zanter villen Joeren.

Deen Berechnungssystem ass kanadesch an heescht PRN (Projet de Recherche Nursing) an zielt ganz kloer sait senger Affeierung dorober eraus Personal ze spueren. Iweregenz huet Canada an deem Joer wou mir den System agefouert hun virun 15-20 Joer, desen bei sech oofgeschaaft well en net funktionneiert huet, dest ass och eng Iwerleeung Wert.

An sech musst der Iech den PRN esou vierstellen:

Dir gitt Iech een neien Auto kaafen.

Een « Décideur » huet elo awer entscheed dass der, fir Geld ze spueren, nemmen 3 Pneuen kritt opwuel der der 4 braicht fir ze fueren.

Daat Joer drop schellt en bei Iech an erklärt Ären Auto mat 3 Pneuen als 100% komplett an décréteiert dass der him fir weider den Budget ze haalen musst een weideren Pneu oofgin, ee Joer drop daatselwescht Spill asw, asf....

Dir mierkt wou daat Spillchen hinfeiert. Ären Auto gett all Joer manner an manner, mee den « Décideur » seet Iech dass en trotzdem nach zu 100% fahrtüchteg ass!

Genee esou leeft et sait Joeren an eisen « Gesonheets »system ass « krank » an riskeiert ze kolabeieren.

KLAMM Armand
Infirmier en Anesthésiste et Réanimation
Président vun der DELEGATIOUN ZithaKlinik
Member vun der Direction Syndicale vum OGBL Santé, Services sociaux et educatifs.