Ech sinn schons laang gëngt den Dunmping-Spézialist O’Leary.

Elo huet RYANAIR och nach den Culot fir seng Scholden nëtt ze bezuehlen an mir hoféieren deen Nischenpatron emmer méi hei.

Déi Nôricht hei ënnendrënner wärt hoffentlech Luxairport d’Aaen opmaachen. Ech fannen et nëtt normal dass mat esou Methoden eisen Wirtschaftsbetrieb LUXAIR emmer méi parts de marchés verléieren. Ech fannen et nëtt normal dass RYANAIR an och aaner Bëllegairlines hier Leit meeschtens iwert Passerelles’en servéieren kënnen an den Luxair-Passagéier am Sturm an am Reen iwert Fligertraapen muss laafen. Eng Frô: wéini erwëcht eis EU-Kommisarin VERSTAGER endlech fir deem Spuk dô endlech een Ënn ze setzen? Entweder ennerschreiwen sie (= all Bëllegairline hei um Findel) och Kollektivverträg oder sie sollen dobaussen bleiwen. Zu Marseille hun se Schierbelen hannerlôss, zu Hahn sinn se am Gaang ofzebauen an mir huelen se mat 2 Ärm op.

Il n’est jamais trop tard pour bien faire.

Chapeau un  franzéisch Autoritäten, déi den Courage hun fir konsequent ze sinn.

Fernand Zeutzius