Keelenéquipe vum K.C. Kränzchen ass dest Joer Landesmeschter gin an der Nationaldivisioun... oder net...

Nodems sämtlech Matcher gespillt guffen, an fest stung wenn Championat gewonnen huet, huet Keelenfederatioun ob Grond vun enger Reklamatioun am leschten Drettel vun der Saison, die ganz Championat iwwert den Koup geheit. Bei der Reklamatioun ass et em eng anner Equipe gangen die hier Bunn während dem Championat traffikieert hätten. Heirophin ass dât och kontrolieert gin, an et ass eng Sanktioun gefall. Die betreffend Equipe ass aus dem Championat disqualifizieert gin, an Fédératioun huet die erspillten Punkten op der traffikieerten Bunn aus dem Championat eraus gerechnet. Mat der Aktioun huet Fédératioun den theoreteschen Landesmeschter ofgeseet, an eng anner Equipe daerf elo den Landesmeschtertitel feieren. Wat bei der Saktioun awer net nozevollziehen ass, dass sie die betreffend Equipe em eng Divisioun erofgestufft hun, wou die souwiesou ofgestiegen wären, an dât och ouni die Sanktioun... Desweideren berifft Federatioun sech op een Urteil aus dem mount Abrell... Firwat huet Fédératioun die Equipe dann nach sämtlech Matcher färdeg spillen geloss, an se net direkt aus dem Championat geholl hun... All Equipe huet jo dann op där traffikieerten Bunn gespillt, an dat ennert den selweschten Konditiounen... Also ass die enzeg reel Saktioun gient den K.C. Känzchen vun Angelduerf gefall. Die sin elo net mei Landesmeschter, well sie die waren die op der traffikieerten Bunn och nach gudd gespillt hun, an der beschellegten Equipe och nach Punkten ofgeholl hun...

Et gief een net mengen, dass eis Keelenfederatioun international Topspiller ennert sech huet die eis Land vertrieden, an se esou widdert den Kapp gestouss ginn, well se neischt Falsch gemeet hun ausser gudd ze spillen...

An anneren Sportarten gief esou eng Frechheet durch die ganz Press geschleeft gin, an et wär een Skandal...

Lossen mir hoffen, dass Basketfédératioun net dât selwescht mat den Mouselpikes mecht, well dann gief ech gären den Reebound gesinn.