2018 - d’europäescht Joer vum kulturelle Patrimoine

« Eise kulturelle Patrimoine gehéiert zum Fundament vun eiser Gesellschaft. Dofir musse mer e fir déi nächst Generatiounen erhalen a valoriséieren. »  Xavier Bettel

Wat versteet een ënner « kulturelle Patrimoine»?

« Ressources culturelles et créatives, matérielles ou immatérielles dont la valeur pour la société a été publiquement reconnue : la définition du patrimoine culturel retenue par la Commission européenne est large. Elle englobe non seulement le patrimoine naturel (sites et paysages), architectural (monuments, ensembles architecturaux, villes historiques), les œuvres d'arts, littéraires, musicales, audiovisuelles, mais également le patrimoine immatériel (traditions, connaissances et savoir-faire des citoyens européens) »

Wat sinn d’Objektiven vun dësem Joer ?

« L'initiative vise à mettre en avant l'importance économique, sociale, historique du patrimoine culturel européen. Premier objectif : renforcer le sentiment d'appartenance à l'Union européenne pour tous les citoyens. Dans ce cadre, la Commission vise spécifiquement les enfants et les jeunes, ainsi que les personnes les plus éloignées des activités culturelles. Un autre but affiché est de favoriser les échanges entre pays sur les bonnes pratiques de protection et de valorisation du patrimoine. Les résultats des discussions permettront d'enclencher dès 2019 une réflexion à l'échelle européenne sur le sujet. »

An dësem Text steet kloer an däitlech dat d’Natur zum Patrimoine gehéiert A soll valoriséiert a protegéiert gin.

Genee dorëms geet et am Débat iwwer d’Nei Avenue- Avenue de la Liberté. Vill Leit stelle sech d’Fro ob deem Rechnung gedroe gëtt beim Plange vu verschiddene Projeten duerch d’Land. Am Mëttelpunkt steet am Ablack d’Bamallée vun der Neier Avenue, mee gläich dono stellt sech di nämlecht Fro fir d’Renaturéierung vun der Péitruss, wou och vill Beem solle verschwannen. X Petitiounen duerch d’Land weisen och dorops hin, dass d’Bierger déi vill « coupes à blanc » duerch d’Land net sou richteg verstinn. Mat Recht gëtt sech d’Fro gestallt ob des Methoden eng ekologesch oder reng ekonomesch Ursaach hunn : Zemools wann een da nach gewuer gëtt, dat onst Holz zum groussen Deel un China Verkaf gëtt . Tonnen an Tonnen dovun fidderen niewendrun och déi grouss Chaudière (Centrales de Cogénérations) vum Kierchbierg, wou et dacks zimlech schwaarz eraus dämpt.

Natierlech ass et gewosst dat e Bësch muss ënnerhal ginn, Beem di  « en fin de vie » sinn, sollen esouguer eliminéiert gin. Och wann dat onser engem wéi déd, ass nëmmen esou e gesonden Bësch nohalteg ze verwalten. Natierlech ass een als Laie net iwwer alles um Courant, mee secher ass dass et un Informatiounscampagne feelt!

Jo dat Wuert« Nohaltegkeet » gëtt vun eise Politiker dacks a gär benotzt, well et e Wuert ass, dat esou onnatierlech, onintressant an theoretesch klengt, dass et iwwerall hi passt. Komesch dat keen normale Bierger dat Wuert a sengem Alldag benotzt.

Wat heescht Nohaltegkeet? Fir wat steet dee Begrëff eigentlech, hei zu Lëtzebuerg?

Mir wëllen wëssen ob beim ursprénglechen Plangen vum Tram, d’Erhalen, d’Schounen a d’Protegéieren vun onsem Patrimoine Beem iwerhapt jee eng Prioritéit war. Mir wëllen wëssen ob dat eng nohalteg Planung ass. Ob alles, och wierklech alles gemaacht ginn ass a weider gemaacht gëtt fir ons Beem ze erhalen, och wann et schwiereg an deier ass.

Anscheinend mussen d’Beem an der Neier Avenue ewech fir kënnen di veraltert Leitungen a Kabelen ze ersetzen rënderem déi d’Wuerzelen gewuess sinn. Et heescht och d’Avenue wär ze schmuel fir all di Bunnen vun Tram, Auto Vëlo, Foussgänger, déi geplangt sinn. Et gëtt gesot d’Beem geingen deels gerett, deels ersaat.

Wéi ass et mat Transparenz :

Wéi ass et méiglech dat d’Bierger elo eréischt informéiert ginn wat mat onser Neier Avenue soll geschéien, an dat nach nëmmen duerch en Reportage ob RTL an enger Ausso vum Stater Conseiller Marc Angel ?

Vierwat gin keng richteg Informatiouns Campagnen organiséiert ?

Natierlech stellen mir Bierger ons elo vill Froen. Mir hunn Angscht et géing goen wéi um Glacis mat den alen Käschtebeem beim Nikloskierfecht . Dat huet villen Bierger d’Häerz gebrach !

Keen Wonner dat d’Bierger dann sou hefteg an emotional reagéieren, zemools wann et ëm hir eenzeg richteg schéin Avenue am Land geet. Mat hirer Bamallée, mat hiren schéinen breeden Trottoiren an der exzeptioneller Architektur ass si weltbekannt a klasséiert. De Numm « Avenue de la Liberté » , besser « liberté d’expression » kéint net besser passen ! Jo léif Politiker, dir hutt ons déif getraff an mir bréngen et elo zum Ausdrock.

Awer keng Angscht, mir falen net iwert iech hier, schliisslech droen mir mat d’Verantwortung wat am Land passéiert, mir hunn iech gewielt an mir bezuelen är Paien. Mee mir erwaarden Offenheet, Éierlechkeet an Zesummenaarbecht. Mir wëllen kloer Entworten wouhin mir ons beweegen, zu enger nohalteg ekologescher Gesellschaft oder zu enger nohalteg ekonomescher "Wegwerfgesellschaft" ?

Mir sollen net vergiessen dat mir beim Iwwerstrapazéieren an Maltraitéieren vun der Natur an den Natierlechen Ressourcen, alleguer nëmmen ze verléieren hunn. En ganz akut Beispill mat katastrophalen Folgen : d’Stierwen vun de Beien, an all dat wat et mat sech wäert bréngen. Leider gëtt des Tatsaach net vun genuch Mënschen seriö, geholl an ass geschwënn irreversibel, wéi sou vill aner Trauregkeeten di mat onser Ëmwelt passéieren.

An der Campagne « notre future territoire », die lancéiert gouf vum Ministère fir Nohaltegkeet, däerfen mir Bierger dofir elo mat schwätzen, wann et ëm d’Gestaltung vun eisen Dierfer a Quartiere geet! Dat nennt een, op « nohalteg »: Co-Creatioun! Dat klengt gutt. Wat genee ass domadder gemengt, wann d’Bierger an Ateliere un der Planung vun onser Zukunft därfen matschaffen? Soll doduerch vläicht méi Transparenz geschaaft ginn oder ass et e Moyen fir en Deel Responsabilitéit lass ze ginn, wann emol eppes géing schif lafen?

Gutt klengt och de Konzept « C2C » , den Lëtzebuerg d’lescht Joer entdeckt huet! Bauen, schafen, er-schafen, dat ganzt an engem ekologesch korrekten Design. (Cradle to cradle oder « rien ne se perd, rien ne se crée » steet fir e permanente, en éiwege Recyclage, dee virun 16 Joer erfonnt ginn ass )

An nach emol, et geet net drëm, alles dat ze kritiséiere wat gemaach oder net gemaach gëtt! Et ass keng Kritik um Neien, um Erneieren, um Moderniséieren, um « Mat der Zäit goen »!

Am Fall vun de Beem an der Neier Avenue an och deenen am Péitrussdall an soss ueschtert d’Land, geet et ëm Respekt, Respekt vis-à-vis vum Patrimoine, vun der Natur, an schlussendlech och vun de Gefiller vun den Bierger.

Mir brauchen eng Zukunftsplanung, déi kee politesche Kompromëss ass en vue vun de nächsten oder iwwernächste Walen, mee déi de Mënsch, de Bierger an Awunner an Wieler mat abënnt an se net virun "Faits accomplis" setzt an hinnen nach just d’Méiglechkeet vun enger Petitioun léisst.

Et gëtt dofir och héich Zäit, dass mir Bierger hei am Land - Lëtzebuerger oder net - ons rëselen, ons net ze schued si fir mat ze schaffen, andeems mir mat eise Politiker e konstruktiven Dialoge féieren, si am A behalen an ënnerstëtzen, wann et drëm geet, Decisiounen ze huelen, déi vläicht wéi dinn.

Wat wier dat flott éierlech a konstruktiv mat eneen ze schaffen – mir sinn prett « NOHALTEG » natierlech an dat am « meilleur des mondes (encore) possibles »...si dir et och, dir Politiker?!??

Dany Prum