Eng Chance verpasst fir méi pro-europäeschen Idealismus

Jeunesse Européenne du Luxembourg (JEL) ënnert hirem President den
Christophe Origer huet sech géint transnational Lëschten bei den
Europawahlen ausgeschwat. Eng Positioun déi absolut am contraire zu der
Positioun vun der Union des fédéralistes européens an därer
Jugendorganisatioun Jeunes Européens fédéralistes (JEF) steet. Fir eng
ganz Rei vun Sympathisanten vun enger federalistëscher Iddi hei zu
Lëtzebuerg ass dat sécher een Schlag an Gesicht. Fro stellt sech wat JEL
zu dëser Entscheedung gedriwwen huet an op hei net éischter
aner Faktoren eng Roll gespillt hunn a op d'JEL duerch des Aktion net
hier Legitimitéit a Iwwerparteilechkeet verluer huet. Jeunesse Européenne du Luxembourg (JEL) huet sech mol erëm zu Wuert
gemellt. An enger Zäitspan vun zwee Joer, wou sécherlech op
europapoliteschen Niveau vill beweegend Evenementer passéiert sinn a
wichteg Entscheedungen geholl goufen, huet een leider net vill vun der
JEL héieren. Lo zum Zäitpunkt vum informellen EU-Sommet zu Bréissel hunn
si zum Sujet vun den transnationalen Lëschten, an dat opgepasst net
virdrun mee ereicht no der Ofstëmmung an der Ofleenung am EU-Parlament
Positioun dozou bezunn. D'Argumenter dogéint déi den Här Origer genannt
huet, woen praktesch och eent zu eent déi nämmlecht déi den Elmar Brok
benotz huet. Den Här Brok als President vun der Union des fédéralistes
européens huet net nëmmen dogéint gestemmt, mee hien huet och nach Thema
vun den transnationalen Lëschten als "Sündenfall gegen den Föderalismus"
bezeechent a soumat säin eegenen Verband diskreditéiert, dorops hien och
hefteg vun der JEF kritiséiert gi ass. Op dat Argument vum Här Origer,
dass Europadeputéiert vun der éischter an zweeter Klass entstoen géifen
well ech kuerz agoen. D'Europadeputéiert déi national gewielt géifen gi,
wieren nach ëmmer bei wäitem an der Iwwerzuel géigeniwwer deenen op den
transnationalen Lëschten, et géif weder ee Ongläichgewiicht respektiv
nach eng Ofwäertung entstoen. Vill méi hätt dat ganzt eng
Symbolesch Natur. Transnational Deputéiert géifen fir een EU-Parlament
stoen wat een tatsächlech Representativ Organ wier an eng Vertriedung
vun den europäeschen Bierger a net nëmme vun eenzelen
Nationalitéiten.Transnational Lëschten géifen déi europäesch Parteien
stäerken, Loyalitéit vun den Deputéierten géigeniwwer hirer Partei
stäerken, am amplatz just zu hirem Land an iwwer transnational Lëschten
kéinten déi eenzel Spëtzekandidaten fir den
Kommissiounspresident untrieden wat dës Wahl nach méi demokratesch géif
maachen.

Fir den Macron ass Thema nach laang net vum Dësch

Och wann bei der Ofstëmmung elo eng Majoritéit aus Chrëschtdemokraten,
Nationalkonservativen a rietsen Euroskeptiker d'Aféieren vun
transnationalen Lëschten ofgeleent hunn ass dat nach laang net den Enn
vun dësem Projet. Den franséischen President Macron well och nach elo
weider dorun festhalen a transnational Lëschten souguer am national
Gesetz verankeren. Et däerf een och net vergiessen, dass 2019
Europawahlen sinn, bis dohinner ass et zwar nach een Stéck, mee éischt
Ëmfroen gesinn eng Nidderlag vun der EVP viraus an eng massiv
Stäerkung vun der Alde-Fraktioun, wat deemno dann erëm eng Mëtt-Lénks
Majoritéit schaffen géif fir den Projet, respektiv dass sech
Chrëschtdemokraten un hier europäesch Wuerzelen erënneren a och dann fir
dat Thema ze gewannen sinn.

Gett Jeunesse Européenne du Luxembourg als Plattform fir
Wahlreklamm benotz ?

Lo nodeems JEL bemol erëm opgetaucht ass presentéiert si sech als eng
Zwee-Mann Arméi, den President Christophe Origer genau sou wei den
"Member" Max Hein sinn allen zwee CSJ Memberen. Natierlech zweiwelt keen
Integritéit vun dësen zwee Herrschaften un, mee bei enger Organisatioun
déi vun sech seet dass se apolitesch wier sinn jo sécherlech och nach
Memberen mat engem aneren politeschen respektiv
onpoliteschen Hannergrond aktiv.Och feelen vun
transparenten organisatoreschen Strukturen oder Aktivitéiten déi virun
kuerzen erfollegt sënn respektiv nach iergendwellech Beméiungen fir
d'Rekrutéieren vun neien Memberen maachen ganz Saach schonn bëssen
bizar. Wann een sech dat ganz ukuckt, kennen engem also schonn
Iwwerleeungen opkommen, dass hei net villäicht just einfach den
attraktiven Numm vun engem proeuropäescher Organisatioun benotzt
ginn ass fir domadder Publicitéit ze maachen am eegenen sënn.Et bleift
ofzewaarden wei Europa-Union Lëtzebuerg dorop reagéiert.

Als europäeschen Federalist den selwer beim JEF an Däitschland aktiv
ass, stëmmt mech dat ganz zimlech nodenklech.