Police-Campagne
1.300 Kontrollen, 1.200 Infraktiounen an 120 Permise fort.
Tëscht dem 9. Februar an dem 11. Mäerz - also iwwert d'Fuesdeeg - hat d'Police en national Campagne fir méi Sécherheet op de Stroosse lancéiert.
________________________________________ Bon, daat ass jo Alles schein a gut.

Do ass allerdengs en aalen a jidderengem bekannten Problem, deen heescht: «Um Trottoir parken».

Mat deem schengt keen eppes um Hut ze hun.

8 Stonnen um Trottoir parken, hei ans do um Foussgängerstreifen, während der Aarbechtszäit ass viir eng bestemmten Unzuel vun Auto-Fuerer zu enger normaler Saach gin.

Um Trottoir parken an Iesse goen, ass genee esou normal gin. Ob daat privat Leit oder Berufsfuerer mat Camionen sin, Busser, suguer Fahrschoulen (waat brengen die hiire Schüler soss nach bei, froen ech mech?) Autoen Motorrieder, nujé, alles waat rullt.
Dass do Leit, Jogger, handikapeiert Rollstull-Fuerer, asw.. vum Trottoir eroof an erob mussen, dorunner steiert keen sech.

Reklameiers du, kriss du gesoot, dass eis Police iwwerlaascht ass oder dass se soss Prioriteiten hun, am groussen Ganzen keng Zäit duerfir obbrengen.

Zu Metz kascht esou parken 130.-€. Wann ech gelift! Nachahmenswert.

An deem Sönn

Michel Koob