Et huet ee jiddefalls Aen an Oueren opgerappt, wéi ee virun enger Zäit fir d’ éischt di Begrëffer « The Box » a « Springbreak » fir di fréier Ausstellungshalen um Kiercbierg héieren huet, an dat nach aus dem Mond vun engem Fransous, dee mir Lëtzebuerger ganz wäit an d’ Frankräich siche gaange sënn, fir d’ Geschécker vun eiser Ausstellung um Kierchbierg ze leeden ; wéi wa mir hei am Land keng gëeegent Persoun hätten, fir dee Posten ze besetzen an eist Land mat sengen Awunner beschtens ze kennen.

Schonn als Kanner huet et vun den Elteren, de Frënn an de Bekannten, jee, vu Jann a Mann ëmmer geheescht « Mer ginn op d’ Ausstellung », an da wousst jiddereen, wat gemengt wier : d’ éischt um Lampertsbierg an der Ausstellungshal an duerno jarelaang um Kierchbierg.

An elo ? Elo gi mer op de « Springbreak » oder mer klammen an d’ »Box » !

Ma hu mir se dann nach all ? A wie soll déi Dommheet do erfonnt hunn ? Ginn eis dann elo eis dräi offiziell Sproochen, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch net méi duer ? Firwat dann elo och nach esou eng véiert Sprooch richteg mat den Hoer erbäizéien, an dat mat Begrëffer, déi ouni zousätzlech Erklärung kee Mënsch versteet.

Zënter dem offizielle Sproochegesetz stelle mer jo esou gären op Schratt an Tratt eis Suerg ëm eis Sprooch an d’ Fënster, d’ Regierung befaasst sech extra mat engem neie Gesetz, fir esouguer mat engem extrae Commissaire eis Sprooch weider niewent deenen zwou aneren – Däitsch a Franséisch – ze heegen an ze fleegen, an da léisst se esou hirverbrannte Begrëffer zou, déi un sech kee Kapp a kee Schwanz hunn. Wou kann een eis Sprooch esou verhondsen an se esou lues, awer sécher zu Gronn riichten ?

Da sollen eis Politiker awer elo och mat hire salbungsvolle Sonndesrieden a Stellungnahmen an der Presse, am Radio an an der Televisioun ophalen a wierklech emol eppes Nëtzleches a Wierksames fir eis Sprooch maachen. Well och kleng Schrëtt wéi d’ Verbidde vun esou Dommheete wéi déi do verfeelen iwwer kuerz oder laang hir Wierkung net.

Roby ZENNER