D’Reform vun der Fleegeversécherung ass den 1. Januar a Kraaft getratt. Eréischt op den Dag selwer sinn d’Leit, déi an de leschte Joren evaluéiert goufen, informéiert ginn, dass si nach just 40 Stonnen d’Woch respektiv 5 Deeg Dagesfoyer d’Woch zegutt hunn. An trotzdeem behaapt de Minister an der Press: „Kee verléiert eppes!“

Et geet hei ëm déi Leit, déi virum 31.12.2017, 6 oder 7 ganzer Deeg Dagesfoyer zegutt geschriwwe kritt haten. Dëst mat gudder Begrënnung a ganz sécher net einfach esou. Eng Evaluatioun säitens der Fleegeversécherung ass jo deels eng schwéierfälleg Ugeleeënheet a bei ville Leit net einfach.

Eleng doheem gelooss !

Vergiesse mer net, dass et och al a krank Leit gëtt, déi ganz eleng doheem sinn, déi oft weder Famill nach soss een hunn fir no hinnen ze kucken. Dës Leit sinn an engem Dagesfoyer beschtens encadréiert. No der Reform elo däerfen dës Leit dann zwee Deeg an der Woch doheem sëtzen a waarde bis ee vum zoustännege Réseau no hinne kucke kënnt oder Repas sur Roues hinnen d’Iesse bréngt.

Jo, Här Minister, ech weess, et steet hinne jo fräi weider mat an de Foyer ze goen, wann se den Dagespräis ab 150 Euro bezuelen. Mä – an do stellen ech mer seriö Froe wéi no dir nach bei de Leit sidd – et gëtt och ganz vill Persounen, déi dofir net dat néidegt Klenggeld hunn. A jo, Här Minister, Dir loosst soen: arrangéiert Iech mat Ärem Réseau an deelt déi 40 Stonnen einfach op d’Woch op. De Bus vum Réseau z.B. dee vun Hëllef Doheem fiert mat engem geschoulte Chauffer/Educateur mueres d’Leit sichen a féiert se owes  heem. Wann dës Leit, wéi Dir virschlot, zu aner Auerzäite geféiert musse ginn, da sinn si gebieden den Adapto-Bus ze bestellen. Dat bedeit dann, dass den Adapto-Bus nach wéinstens 2 bis 3 Mol d’Woch méi fuere muss, an dat oft mat enger eenzeger Persoun als Passagéier. Wat kascht dat de Staat respektiv d’Allgemengheet zousätzlech, wann et iwwerhaapt machbar ass? Dobäi kënnt, Här Minister, dass déi Leit, déi  an den  Dagesfoyer ginn, gesondheetlech alles aanescht wéi nach fit sinn an oft Unzeeche vun Altersdemenz hunn. D’Chauffere vun den Adapto-Bussen si sécherlech net esou geschoult fir mat kranke Leit ëmzegoe wéi déi vun de Réseauen.

Et muss nogebessert ginn!

An Här Minister, wat ass dann elo d’Resultat vun Ärer Reform? Ëmmer méi al a schwaach Leit gi géint hire Wëllen doheem isoléiert oder mussen an d’Altersheem. D’Ziel sollt jo eigentlech sinn, deene fleegebedierftege Leit duerch eng breet Offer vun Dagesfoyeren d’Méiglechkeet ze ginn, mat anere Leit a Kontakt ze bleiwen an doduerch hier geeschteg a kierperlech Fäegkeeten esou laang wéi méiglech ze fërderen an ze erhalen. Et ass wëssenschaftlech bewisen, dass d’Orientéierung vun dëse kranke Leit nëmmen duerch e gutt strukturéierten Dagesoflaf funktionéiert.

Här Minister, huet net all Mënsch d’Urecht bis zum Schluss e méiglechst selbstbestëmmt Liewen no sengen eegene Wënsch ze féieren. Ass e wierdegt Liewe – wéi et och an eiser Verfassung steet – op dës Manéier nach ginn? Sidd Dir Iech bewosst, dass eng grouss Unzuel vu Leit an hiere leschte Joren einfach am Stach gelooss ginn. Et gëtt héich Zäit, dass all politesch Parteien an dësem Dossier hier Responsabilitéiten iwwerhuelen. Déi stur Reform dreift al, schwaach a krank Leit nach méi an d’Isolatioun: dat däerf net sinn!

Georgette PUNDEL

Wormer