Aus gesondheetleche Grënn gouf ech d'lescht Joer am August reklasséiert.

Reclasseiert heescht:
Ech därf wieder schaffen, enner aaneren Konditiounen.

Meng Stonnen goufen net verännert. Just meng Aarbescht ass mir ugepasst gin. Doduerch, dass ech meng Aarbescht net verluer hun, mee emmer nach därf bei mengem Patron schaffen, sin ech an mengem Avancement an an menger Karrière zereckgestuuft gin. Ech behaalen een Plafong (Brutto) vun menger leschter Pai. Be mengem Patron sin ech elo an menger Karrière ganz virukomm, esou wie wann ech fresch vun der Schoul komm wier. Ech wärd och net mei avanceiren, mee mat deem Brutto-Plafong an d'Pensioun goen. Mein Patron bezillt mir also den Loun vun engem Meedchen daat graad ugefaangen huet. Daat ass absolut net vill.

Fir daat auszegleichen kreien ech eng Indemnisation compensatoire, die meng Patronspei bis zum Brutto-Plafong opfellt. Wann een awer ufänkt an den System vum Reclassement ze kommen, kritt een net direkt den Ausgleich, mee Avancen. Ech kruut vun Auguste 2017 bis elo 4 Avancen, an dei goufen all lescht Joer iwerwisen. Leider war der Administration de l'Emploi een Feeler ennerlaaf, si haaten mech an hierem System matt 40 Stonnen anstatt 24 agedroen. Waat eng Differenz vun 250,00€ pro Avance mecht.

Natiirlech hun ech matt deenen Suen lescht Joer geschafft. Deemno waren die 4 Avancen ganz seier ausgeschöpft. Emmerhin war jo och Chrëschtdag derteschent, mein Klengt haat Gebuertsdag, et ass ageschoult gin, an leider huet sein Papp hatt net unerkannt, sou dass hatt och keng Alimenter kritt. Sou, vir dann elo dei Avancen op 0 ze kompenseiren, kreien ech gudd 6 Meint keng Indemnisation Compensatoire. Daat heescht konkreet: ech muss als Allengerzeihend Mamm, matt Haus-, Auto- an Allgemeng-Scholden an matt engem klengen Kand iwert d'Ronnen kommen.

Wann hatt net an der Maison Relais ageschriwen gewiecht wier, hätt hatt emol neischt z'iessen kritt. Eng Aarbeschtskollegin, dei selwer am Reclassement ass, awer emmerhin eem Mann un hierer Seit huet, huet mir Suen gin, fir Brout ze kaafen. Mein Klengt kann emol neischt matt senger Mamm ennerhuelen, hatt kritt andauerend ze heiren: Nee mir hun keng Suen. Ech hun mein Hausprêt missen anfreiren loosen fir 6 Meint. Verschidden Rechnungen, Spidol am Ausland, ..., sin nach net bezuelt, well ech net "flesseg" war.

Ech sin absolut dankbar, dass ech därf wieder schaffen. Daat fennt een esou an kengem aaneren Land. Mee dass ech mir doweinst emol keen Brout kann leeschten, daat fannen ech allerhand. Do gett et keng zweet Pai, die mech opfänkt. Ech sin net nemmen Mamm am Stood, mee och bon père de famille, an hautesdags, och wann meng Akaafsplaatz um bëllegen Niveau leit, ass et net einfach ze liewen an deen Stood ze géreiren.

Ech sin net eleng an deser Situatioun, all deenen "Reclasseierten" geet et esou... Et wier eng gudd Iddo, deen System do mol ze iwerdenken an unzepassen un dei individuell Situtioun. Et kann net sin, dass ech muss 6 Meint op meng Suen, dei mir zougesoot gin sin, muss waarden. An dobei kennt herno Netto net mei vill bei meng kleng Pai derbei, well ech op menger zweeter Steierkaart mat 21% taxeiert gin.

Ech sin absolut dankbar, dass meng Elteren mech ennerstëtzt hun, well soss keinten mir zwee, mein Meedchen an ech, an den Aarmenbüro goen!

cz