D‘Politik trëtt net un oder op, fir Problemer ze schafen! Wien géing sou hirer Leit och wielen? Et schéngt awer wéi wann se op där enger Säit versicht, Deel-Problemer ze léisen, fir op där aner Säit neier opzewerfen. Ginn domat Problemer net just verréckelt oder verlagert?

Firwat soll Europa als Experiment, als Schoulbeispill duerhale mussen? Als Strof, vu wiem, well mer net genuch Nowuess produzéieren? An d‘Japaner, d‘Südkoreaner, asw.? Oder well deenen Däitschen d‘Fachaarbechter feelen? A wéi mer wëssen, haut sichen se där, trotz allem, nach ëmmer!

D‘Europäer ënner sech si mol nach net zesummegeschweesst, an d‘EU schéngt gewalteg ze wackelen. Eng gewësse noutwenneg Stabilitéit, déi och Stäerkt ausstrale sollt, feelt deem Ganzen. Och sinn d‘Nowéien, di eenzel national Traumata, vun deenen zwee leschte Weltkricher, net all verheelt. Wéi soll dat elo, ënner ageleet verännerte Bedingungen, da stattfanne kënnen, wann eng Onmass u kulturell „Friemen“, an duerch si bedéngt Problemer, nach derbäi kommen? Mat Verdrängung gi Problemer bestëmmt net geléist! Derbäi kënnt deen zentralistesche Féierungsstil vu Bréissel, gekoppelt un déi sëllech international Verträg a Konventiounen, déi eng Demokratie praktesch ophiewen, well jo vu virera festläit, wat lokal, a wéi, ëmgesat muss ginn. D‘UNO hëlleft elo och nach kräfteg mat, d‘Kaarten am Sënn vu Bréissel ze mëschen! An eis iwwerzeegt Demokraten – vun all Bord -, warnen si eis vläicht virun dem Verloscht, eis erkämpft Fräiheet net méi gebrauchen ze dierfen fir selwer ze decidéieren, ze bestëmmen, wouhi mir (als Europäer) histeiere wëllen? (Huet Lëtzebuerg sou net a schwéieren Zäiten, eng grouss Kraaft aus dem nationale Sproch geschëpft: „Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn!“? 1) War dat deemools scho falsch, well ze patriotesch? A wéi rietsextrem, xeno- an islamophob, a soss, géinge mer haut, fir deeselwechte Gesang, agestuuft ginn?)

Verschidde Konschtwierker däerfen net méi gewise, verschidde Wierder, Texter net méi zitéiert oder publizéiert ginn. An der Weltliteratur fänken „se“ och un, ze sichen, fir ze „botzen“. Amplaz vu Bicher, ginn elo Gedanke „verb(r)annt“! Ass dat den Ufank? Den Ufank vun engem Totalitarismus, deen op demokratescher Legitimatioun baséiert, wéi een dat dorëmmer liese kann?

Haaptsächlech de lénke Bord vun eiser Gesellschaft, deen an der Zäit dach ganz vill zu deenen erkämpfte Fräiheeten bäigedroen, a vill Matstreider dobäi verluer huet; dee genau sou d‘Opklärung 2) erméiglecht huet a vill schwéier Aarbechtskonditioune positiv geännert krut, muss trotzdeem kräfteg ëmdenken, sech erneieren, fir net selwer laangfristeg, d‘Opfer vu sengen eegene Gedanken ze ginn. Déi ural lénk geschätzten Dugend, d‘Autoritéiten ze kritizéieren, gëtt déi net haut vun deene Leit ëmmer méi ënner „riets“ subsuméiert, gären dann, wann et hirer Leit betrëfft? An dobäi waren hir Leit nach deemools eng Zort Reformatoren, wéi de Luther. A genau wéi de Luther, - deen eng Zäit laang neie Geescht a frësche Wand bruecht huet, eigentlech zum urspréngleche Chrëschtentum, also op d‘Fundament, zeréck wollt -, sou wënschen sech vill där no lénks ausgeriicht Kräften och erëm zu hirem Ursprong zréck.

Dobäi muss een an der Aschätzung versichen, korrekt ze bleiwen, an sech d‘Strukturéiere vu „lénks“ an Erënnerung behalen, wat den „Ursprong“ betrëfft. An ouni ze generaliséieren, well „lénk“ haut eng Mixtur, e Sammelbegrëff ginn ass. 3)

D‘Demokratie, fuerdert si net noutgedrongen zum Debat op? Gehéiert en hëtzegen Debat net souguer zu der demokratescher Sträitkultur, grad als Zeeche vu Weltoppenheet an Toleranz? Wann also an der Demokratie den Debat iwwer gewësse Sujeten einfach net méi däerf kontradiktoresch gefouert ginn, da leeft eppes méi wéi schif! Et heescht da ganz séier, dat wier „politesch net korrekt!“ Sou, Aneren einfach Haass an Hetz virzegeheien, gesteet een sech domat net seng eegen Ohnmächtegkeet, säi Versoen (?) an, dee Geescht net gebändegt ze kréien, deen ee selwer aus der Fläsch eraus gelooss huet? Texter einfach unhuele mussen, déi hannert zouenen Dieren elaboréiert goufen, wéi wann se „inspiréiert“ wieren, bilden déi dat zukünftegt Gerëscht vun engem neien, europawäitem an uniformen Regéierungsstil? Oder muss/soll een et drop ukomme loossen an et gleewen, wéi di Liberal, datt, wat d‘Vëlker méi no unenee réckelen, wat d‘Globaliséierung sech méi séier verwierklecht, wat sou, eng spontan Uerdnung entstoe géing? 4)

Waren d‘Dieren bei der Elaboratioun vun deenen Texter vläicht net zou? A wat fir enge Medien, mat ëffentlech-finanzielle Mëttelen ënnerstëtzt, sinn déi „Pobeieren“ da publizéiert ginn, eben fir den Debat ze lancéieren, fir kënne schonn am Virfeld participativ täteg ze ginn? Net erwënscht? Hunn d‘Journalisten do versot, hiert Ideal bedrunn, an Informatiounen zréck behalen; absichtlech net nogefuerscht? Oder duerften se ganz einfach keng Hiweiser op all déi gewollt a gewalteg net nëmme kulturell Ëmwälzunge ginn, déi op den europäesche Kontinent solle geziilt, also absichtlech duerkommen?

Dat heescht awer beileiwe net, erëm zeréckrudderen! D‘Zukunft läit bekanntlech virun engem. Et kann een se net unhalen; se awer vläicht matgestalten, wann een dann net iwwerrumpelt gëtt an d‘Richtung stëmmt.

1) https://lb.wikipedia.org/wiki/Mir_wëlle_bleiwe_wat_mir_sinn

2) Woubäi dee Bord haut allerdéngs fir munch Relioun op engem Aen verblennt schéngt

3) E Googlen ë.a. iwwer „kultureller Marxismus“, “Frankfurter Schule“, „Kritische Theorie“,

„Political Correctness“ weisen d‘Richtung un (déi ee fir sech fir richteg oder falsch hält!)

4) https://www.suhrkamp.de/download/Blickinsbuch/9783518127223.pdf