All Kéiers wann ech muss an d ‘Spidol fir e geplangten stationären Openthalt froen ech natierlech ëmmer laang am Viraus  fir en Eenzelzëmmer ze kréien. D´Äntwort an all Spidol ass meeschtens déi selwecht: Mär maachen eis Bescht mee mär können näischt verspriechen, d'Gestion des lits këmmert sech dorëms an et ass ob Ärer Fiche vermierkt dass där gären en Eenzelzëmmer hätt.

Ech hunn nach ni eng „Éischt Klass“ an engem Spidol kritt, et huet ëmmer geheescht et hätt en net genuch Better fräi.

Nodeems ech déi Äntwert scho 6 Mol a verschidde Spideeler ze héiere krut hunn ech do mol en „Insider“ gefrot den an der Gestion des lits schafft firwat dat ni klappt mat engem Eenzelzëmmer an krut do gesot dass KEEN en Eenelzëmmer kritt egal wévill een sech ustrengt oder drop besteet an egal wéivill Assurancen een huet déi engem dat géingen bezuelen. D´Gestion des lits hätt strikt Uweisungen all Ufro fir en Eenzelzëmmer ze refuséieren,  schlicht an einfach well d´Spidol dann net souvill verdingt wéi wann se all Zëmmer duebel beleeën.

Ech froe mech firwat ech all Mount CMCM/Prestaplus an DKV bezuelen déi jo all domadder werben dass sie am Fall vun enger Hospitalisatioun d ‘Käschten fir en Eenzelzëmmer gären iwwerhuelen.

Et ginn natierlech Leit déi gären en Bett noper hunn fir ze schnëssen an dass Zäit besser eriwwer geet, dat verstinn ech komplett mee et ginn och Leit déi eben léiwer alleng sinn.

Wen décidéiert dat iwwerhaapt a wen gëtt do déi Instructiounen eraus fir dat ze verbidden?

Sinn et déi jeeweils Direkteren vun de Spideeler? De Gesondheetsministère?

Ech schécken dëse Lieserbréif mol un en Deputéierten, vläit kann déi Fro jo mol an enger Parlament fro gekläert ginn.