Un d'Division Pharmacie vum Ministère de la Santé.

Mein numm as edgar kohn, Ech leiden vun gebuert un, un enger « spondilolyse-lysthese » congénitale-dégénérative, hat 1 mol, 1993, mat 23 joer kriips inklusiv laang chimio therapie an nach eng zweete keier kriips mat 37 joer, maein alldag besteht aus schmerzen, ech hun all meiglech bekannten medikamenter zenter langem duerch a sinn zenter 2008 « cannabis patient » iwwer e neurolog aus deitschland, well mer hei am land net gehollef konnt/wollt gin, ech benotzen de medizinneschen cannabs vun der sorte « bedrocan », mat 23% thc / 1% cbd an dat mat ganz gudden resultater, ouni niewenwierkungen, per inhalatioun an als tinkturen,

Ech war dun, nodems et hei a letzebuerg, endlech, meiglech gin as de cannabis verschriwwen ze kreien, direkt den dag no dem cannabis-ausbildungsweekend fir d’dokteren, bei maein hausdokter gefuer, hien huet mir, ouni dass ech nofroen hu missen a well e maein fall gudd kennt, den cannabis vun der sorte « klenk 18/1 » verschriwwen a gesot dat waer och verfügbar, dat hätten sie de weekend um seminaire esou gesot kritt, duerno sin ech ob ettelbreck an d’abdikt vun der klinik gangen, do sin ech mat groussen aaen gekuckt gin, hun missen meng ganz krankegeschicht praeisgin, hun mech gefillt wei wann ech fir een « junkie » gehalen gin, dun krout ech gesot dass de « klenk 18/1 » net verfügbar wär a misst bestallt gin, dat war den 21.01.2019.

Zenterhir warden ech, mat pëng, ob des’d medicament, krout och vun der abdikt den « klenk 8/8 » virgeschloen, mais ech hun cbd an allen konzentratiounen probeiert, dat eenzegt wat cbd bei mir bewierkt as middegkeet an en decke kapp, wei no alkohol konsum, geint meng schmerzen huet et net gewierkt,

Ech sin och lo schon iwwer 10 joër ob « bedrocan 23/1 » agestallt, war nach nie « high », fonktionneieren ganz normal a mengem alldag, hun mech nach nie wei ob drogen gefillt an awer hun ech bei der ganzer saach hei soulues d’gefill et geht genau dorems, ech hun d’gefill de ministère oder dei verantwortlech wellen keen cannabis mat engem mei heigen thc gehalt hei importeiren aus angst mir patienten geifen ons drogeieren, dem as awer net esou, ech kennen mettlerweil eng rei patienten, an dei stemmen mir an all denen punkten zhou, mir sin keng drogeierter mir sin leit mat gebriechen, den thc gedd vun eisen cb rezeptoren obgeholl et koennt net zum « high », dch hun meng dosis an zing joer net missten erheigen, wei dat bei morphiumderivaten üblech as an ech sin och net süchteg, ech hat jo lo bal rem een mount keen « berdocan » an hat keng enzuchs erscheinungen ech hun jhust extrem schmerzen ouni medikamenter.

Op alle fall, hoffen ech dass ech mech ieren an mengem gevill, vlaeit gedd et jo nemmen problemer fir den « klenk18/1 » geliwwert ze kreien, (obwuel ech dat net wierklech glewen kann, well e koennt iwwer deitschland an do as en verfügbar), dofir schreiwen ech iech un, fir endlech gewessheet ze kreien, dozou koennt och nach, dasss ech di lest 10-11 joer meng medizin aus eegener tesch missten bezuelen, dat huet mech bis elo iwwer 50.000€ euro kast, ech sin koenstler, net millionnaire, main dokter huet mer, nodems no engem mount nach oemmer keen « klenk 18/1 » ukomm as, een rezept fir « bedrocan » verschriwwen, mat dem ech dun rem engkeier wei sou oft schon an holland 250km gefuer sin, fir rem eng keier 600€ ob den desch ze leen fir 100gr « bedrocan », 600€ dei ech rem net zreckkreien vun der gesondheetskees, well de « bedrocan » nachoemmer net verkeiersfäheg as hei am land, wat ech net verstinn, e gedd net waeit vun hei an holland produzeiett, en as staatlech gepreift, huet eng iso nummer wei en medikament, as gudd doseierbar, oemmer glaeich a wierkung an inhaltstoffen, proper an virunalllem vill mei belleg wei den « klenk »,

Ech keint lo hei esou weiderfueren, ech hun genuch an dem zesummenhang ze soen a machen dat och schon eng zaeit lang oeffentlech an waert och domat weidermachen, ech machen weider bis ech aentwerten kreien an endlech meng medizin, ech sin mettlerweil kuerz virdrun eng plainte weinst « coups et blessures » an « non assistence.. » geint den zhoustännegen ministère ze machen, hun och virun engem knappen mount een lieserbreif ob rtl zu desem thema veröffentlecht (https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/1310233.html#),

Ech appelleieren un aer’t menschlecht verständnis an oem eng kloer aentwert dei mech weiderbrengt, ech brauch gewessheet ob ech muss weider all mount an holland fueren geld ausgin dat ech net hun oder ob den « klenk 18/1 » oder eng  aner aehnlech sorte verfügbar wärt gin oder, ob et obmannst eng meiglechkeet gedd fir den « bedrocan » vun der krankekees zreckbezuelt ze kreien, den staat huet den medizinneschen cannabis per gesetz erlaabt, persounen a mengem fall steht en zhou, ech verlangen dat wat mer zhousteht, den staat/ministère oennerhoellt naeist geint maein leed, den staat daerf sengen bierger net schueden en as vir hir kierperlech onversertheet verantwortlech, et gedd ee gesetzt et soll endlech applikeiert gin,

Entschellegt meng obgewulltheet mais ech wees mer glaeich net mei anest ze hellefen an benotzen dofir desen wee fir iech dorop obmierksam ze machen, wat bürokratie kann bei leidenden menschen bewierken,

Merci nachemol fir aert verständnis,

mat frëndlechen greiss,

edgar kohn artist