Vun deer schwedescher Mausi hirer Aktioun däerf jo jiddereen sech seng eege Gedanke maachen. De Fong vun deem Gefiederméchels ass natierlech richteg, och wann eng Modi vu 16 Joer net selwer alles esou konnt fannen a formuléiert hunn, wéi een et op alle Kanäl gesäit a ‚jusqu’à la nausée‘ ze héiere kritt. Do stécht déckflëssegen ‚Ideologe-Power‘ dohannert; och an der Rei. Mä mat Elementer, déi jiddereen am ‚Wiki‘ kann noliesen; iwregens iwwer d’Greta selwer. An dann: Mir wëssen, datt een haut iwwer den Handy&Co tonneweis Leit an nullkommanäischt ‚op d’Strooss‘ kritt (cf. ‚Gillets jaunes‘, vrun allem cagouléiert ‚Casseuren‘), och datt ‚ Vegi-Ideologen‘ sech an eng Saach erawulle wéi d’Holzmueden an déi décksten Dillen. Dajee alt. De Fong: Hei geet et jo ëm de Klimawandel duerch d’Verbrenne vun Allméiglechem, dat CO2 produzéiert. Datt et ower zënter Milliarden a Millioune Joere Klimawändel guff, an dat noweisbar och an de leschten dausend Joeren, keng Ried bei de Protester! Firwat? Mä dat stéiert an deene Klima-Pännercher! Datt dat milliardefacht CO2-Gedrecks ower nëmmen iwwer ‚Hydrokarbüre‘, misst relativéiert ginn, ass nun emol ze kuerz gegraff. Et geet dach net just ëm Kuelekraaftwierker a Verbrennungsmotoren…a wann, da muss een och ‚bei der Mol‘ bleiwen; da misst iwwer dee ganze Problemkomplex geschwat a protestéiert ginn! Et heescht jo, d’Léift giff blann maachen; de gespëtzten ideologesche Äifer an den Haass ower och! D’Politiker, déi sech drunhänken, soll een an deer Saach wéi ‚bëlleg Meedercher‘ kucken…fir net méi däitlech ze ginn. Cheese…

Wéi ass et da mat deenen zéngdausende Ueleg- Containermastodonten, déi duerch d’Ozeane schëffelen? Wéi huet et sech mat deenen Dausende vu Mega-Croisièresschëffer? Wéi steet et mat deem, wat op den Uelegsfelder duerch zeg-Dausende vu Kamäiner ongebremst a –gefiltert an d’Loft geblose gëtt?... wat ass vun deene Milliounen Tonne Keroseen ze halen, déi op der ganzer Welt als Niwwel mat de  Fligeren hirem ‚Fuel Dumping‘ d’Welt verpeschten?  Wat soll ee vun deene milliardeweisen Hickechte vu Béischten, Elephanten, Nilpäerd an anere Planzefrësser hirem Eropgestouss, Geflapps, Gekniddels a Gebonschels halen? Dat kënnen d’Beem dach och net alles neutraliséieren.

Greta, Du häss nach e sëlleche fir op d‘Lee! An zwar Problemer, déi een, am Sënn vum Ausdrock, kënnt konkret an de Grëff kréien, wou net onbedéngt de Freideg-Nomëtteg misst duerhale fir ze protestéieren: Bedenk dach emol déi onerhéiert Schmuddelerei vu Plastik, anerem onopléisbare Material a bewosst  ‚verklapptem‘ Wouscht, déi d’Mier an seng Fauna/Flora schreckleg ermëlzen. Och dogéint missten iwregens all déi konsequent hëllefen, déi op gutt ‚Hameler Ratefänkert-Fassong‘  hannert Dengem (berechtegte) Schwonk lafen.

D’Jugend vun haut? Déi ass net besser an net méi schlecht wéi déi vu gëscht a virgëscht…ower wat wiere mir dach sengerzäit och op engem geschwänzte Freidegmëtteg matgelaf!  Esouguer op engem Samschdeg, e ganze Schouldag!…wou een dann an deer esou aaaaaler Zäit nach ongestrooft Schouldag hätt kënne ‚blo‘ maachen, ‚Heidewitzka‘!  Mä, wéi et schéngt si mir jo nëmme gaschteg :-)

Lex Roth

Ajoute vum Lex Roth

Eng MODI an eng MAUSI sinn an eisem Sproochgebrauch dat, wat een am Däitschen ënner ‚Kosename‘ versteet, esou wéi ‚Butzi, Stippchen…‘ ech kennen a gebrauchen et a soss kengem Zesummenhank fir e klengt Meedchen, och fir meng eegen! Genee esou hunn ech et och a mengem Lieserbréif verstan a geschriwwen. Wien eng Beleidigung dora gesäit, deen ass ganz einfach ‚laanscht den Dill‘, wat eis Sprooch ugeet.

Iwregens geet knapps een op dat ‚Bannescht‘ vu mengem Gebabbels, op d’Schwéngerei vum Kueldioxyd (CO2) duerch d’Schëffer, d’Fligerei, d’Petrolsfelder, an, déi ech däitlech ernimmt hunn; datselwecht fir de Plastik an aner Schmuddelereien am Mier. Wéi ass et mam Ënnerscheed tëscht Ëmwelt a Klimawandel? Ass dat ‚Iwwergoen dann elo alles fein? Net fair? Oder wéi soll een et nennen?

Natierlech sinn ech ower frou iwwer d’Lëtzebuergescht vu menge ‚Korrespondenten‘. Dat wier et dann elo definitiv….mä „vive“ déi fräi Meenung! Ower firwat sech esou schrecklech couragéiert ANONYM, hannert der Heck eraus schéissen a verstoppen?

Lex Roth