Di Begriefnisfeierlechkeete fir eise beléifte Grand-Duc Jean ass all deenen, di derbäi waren oder se op der Televisioun verfollegt hunn, ënner d’ Haut gaangen, well se esou einfach a feierlech, esou volleksno a gediegen, esou ergräifend an esou traureg war. Net ëmsoss hu mir iwwerall an deene Länner, wou d’ Feierlechkeeten iwwerdroe gi sënn, nëmme Luef kritt, an dat war komplett berechtegt, och wat d’ Qualitéit an de Professionalismus ubelaangt, mat där RTL virgaangen ass. Mee zum Schluss vun der Mass huet een Häerzklappe kritt an d’ Blutt ass engem aus dem Gesiicht gewach. Bei engem Schwenk iwwer di héchst Éieregäscht vir an der Kathedral huet een där héchster lëtzebuergescher Politiker gesinn, déi beim Sange vun der Heemecht kee Mond opgemaach hunn, dorënner och esouguer verschidde Ministeren. E Faux-pas, eng Ongeheierlechkeet, jo, e Skandal!

Et kann ee wuel verstoen, datt et Matmënsche gëtt, déi d’ Uergel vum Toun bréngen, wann se sangen; mee op deem doten Niveau a bei esou enger Geleeënheet misst een awer wéinstens de Mond opdoen an d’ Wierder dann ebe matschwätzen. Grad déi Politiker, déi andauernd vun Heemecht, Dynastie, Eegestännegkeet, Onofhängegkeet, lëtzebuergesch Sprooch, Léift zum Land braddelen, weisen dem ganze Land an esouguer wäit doriwwer eraus, datt se esouguer bei esou engen eemolege Geleeënheeten eis Nationalhymn voll fleeten.

Fir esou e skandaléist Behuele vun den héchste politesche Spëtzten aus dem Land gëtt et einfach keng Entschëllegung, guer keng. Ass dat do all Respekt, déi di Betraffen der « Heemecht », dem Land an eisem Grand-Duc Jean entgéint bréngen? Abee Merci dann! Mir wäerten eis et mierken.

Roby ZENNER