Den 9. Mee ass Europa-Dag. E gudde Moment fir drun ze erënneren, dass d'Lëtzebuerger Bevëlkerung zu 93% aus EU-Bierger besteet. Dat huet di lescht Etüd vum Statec erginn. Um Pass vun all dëse Leit, y compris natierlech de Lëtzebuerger, steet virum Numm vun hirem jeeweilegen Hierkonftsland "Union européenne". Mir sinn also eng Miniatur-EU. Esou wéi mir elo den 9. Mee zu engem Feierdag gemaach hunn, esou sollte mir och elo d'Walrecht fir all EU-Bierger aféieren! Dann hätte mir endlech eisen an Europa eenzegaartegen Demokratiedefizit behuewen.

Et géif och den zukünftege Lëtzebuerger Membere vum Europaparlament, eisem zukünftegen EU-Kommissär, esou wéi natierlech eisem Vertrieder am Europäesche Rot, dem Premier Minister Bettel, gutt zu Gesiicht stoe wann si d’Thema vum ‘Walrecht do wou en EU-Bierger wunnt’, op den europäeschen Ordre du jour géife setze loossen. Domat géifen si derzou bäidroen d’Uniounsbiergerschaft weiderzebréngen an den Nationalisten alt nees e bësse Wand aus de Seegelen ze huelen.

Mir sollten och op kee Fall an eis Verfassung schreiwen, dass all Lëtzebuerger gläich virum Gesetz sinn, mä dass all Awunner vu Lëtzebuerg gläich virum Gesetz sinn! Op dësem geographeschen Territoire muss jiddereen, deen hei lieft, sech un d'Gesetzer vun dësem Staat halen!

D'Verfassung muss d'Verfassung vun eisem Land ginn, an net vun der Halschent vun der Populatioun. D'Politik, déi hei am Land gemaach gëtt, ass eng Politik fir all Awunner vum Land. No eiser Verfassung mussen d'Deputéierten d'Interesse vum Land vertrieden, an net just d'Interesse vun engem Deel vun der Bevëlkerung, bzw. vun deenen, déi si gewielt hunn!

An dësem Land ass keng Plaz fir Nationalisten an däerf et keng ginn! Well ouni deen enorme Bäitrag vun den net-lëtzebuergesche Salariéeën, Entrepreneuren an Investisseure wier Lëtzebuerg eent vun deenen äermste Länner vun Europa! An ouni de Bäitrag vun den net-lëtzebuergesche Kulturschaafenden, wiere mir och kulturell vill méi schwaach opgestallt.