Ass dat Europa, wou déi 2 gréisst Länner aus der EU Däitschland 2014 « 99 Vertrieder » a Frankräich « 74 Vertrieder » also 174 Vertrieder zesummen deenen aneren Länner « 592 Vertrieder » wëllen virschreiwen wéi d'EU an Zukunft soll Regéiert ginn?

Ass et net grad Frankräich dat am Moment ganz grouss Sozial Problemer huet an Däitschland d'Vollek mat Hartz IV a soss niddereg Léin Mond Doud probéiert ze halen?

Waren et nach no de Walen 2014 am Ganzen 766 Sëtz esou gëtt déi Zuel bei de Walen 2019 op 751 Sëtz gekierzt.

Europa war zanter senger Grënnung nach Nie esou gespléckt ewéi elo virun de Walen 2019.

Huet net déi aktuell Majoritéit vun der EVP deelweis ënnerstëtzt vun de Sozialisten a mat dem Här Macron an d'Madame Merkel am der Sozialpolitik an an der Ëmwelt komplett versot?

Ass et net ee Skandal das d'Kommissioun an där jëtzeger Legislaturperiod Länner ewéi Portugal, Italien, Griicheland, asw den Hals esou zougedréckt huet dass d'Leit do méi ewéi onwierdeg musse liewen, Honger Paien an Hongerrenten hunn?

Huet net och d'Flüchtlingspolitik vun Europa a virun allem Stoppen vun neien Flüchtlingen an Europa duerch Schlepper komplett versot? Wat mécht Europa fir Afrika an géint hier Ausbeutung duerch europäesch- an amerikanesch Firmen ?

Ginn ënnert anerem net Italien, Portugal a Griicheland, asw, net mat der Flüchtlingspolitik am Reen stoe gelooss a kréien ausser ëmmer méi Sanktiounen keng valabel Hëllef vum Europaparlament?

Ass et normal, kee Skandal, dass z.B. d'Flüchtlingen a Griicheland, Kanner Selbstmord maachen anstatt z.B. Griicheland an aner vu Flüchtlingen betraffe Länner vun der EU Ënnerstëtzt géinge ginn? Ass et net esou dass d'EU Kommissioun « EVP-CSV- LSAP – DP an aner Parteien» deck Riede schmäissen, näischt maachen an Sommeten organiséiren, sech de Bauch voll mat Iessen geheien während d'Flüchtlingen an de Lager un Honger Stierwen ?

An da Spunien a Katalounien, ass dat keng Demokratesch Katastroph?

Sinn d'Auswierkungen vum Austrëtt vun England nët méi grouss fir Europa ewéi fir England? « Verdeedegung» Wär hei net een 2. Referendum déi richteg Léisung gewiescht?

Ass et net Ondemokratesch, dass Europa an d'Europaparlament esou ewéi d'National Regierungen an d'Parlamenter sech extra Ugestrengt hunn an deenen lëschten +- 15 Joer d'Manifestatiounen vun Dausenden a Milliounen Leit komplett ze ignoréieren?

Ass d'Sozialpolitik an d'Ëmweltpolitik an Europa ënnert dëser Majoritéit net komplett ignoréiert ginn an de Geck mam Schaffende Vollek gemaach ginn?