Gëtt et dann nach esou eppes: Ofgezockt vun de Steieren an der Krankekeess

Wéi d’ Liewen heiansdo esou spillt: Et wëllt oder et muss een eist Ländche verloossen an an d’ Ausland plënneren.

Mee wuel di wéinegst vun eis sinn sech bewosst iwwer di Konsequenzen, déi et mat sech zitt, wann een an Däitschland, an d’ Belsch oder an d’ Frankräich plënnert. An dat sief un engem eenzege Beispill ënnert villen nogewisen.

Eng Koppel verleet hire Wunnsëtz vu Lëtzebuerg an Däitschland. Vun deem Dag un gëtt se direkt aus der Steierklass 2 erausgehäit a flitt an d’ Steierklass 1, wéi d’ Jonggesellen, wéi wann se nach ni bestuet gewiescht wär. Mee net nëmmen dat, wat vill schlëmmer ass: Vun deem Dag un, wou se hei am Land ofgemellt ass, gëtt se och aus der Krankekeess hei am Land erausgehäit. Mee net nëmmen dat: D’ Krankekeess fiert trotzdem riicht virun, der Koppel hier Cotisatioun ofzeknäppen. A wou gëtt et dann nach esou eppes!? Eng Ongerechtegkeet an e Skandal sonnergläichen. Mee dat sinn eben d’ Gesetzer an d’ Bestëmmungen hei am Land.

Am Kloertext heescht dat fir déi Koppel, datt se net méi wéi bis elo vun hirem Akommes vu 4722,52 Euro ronn 358 Euro Steiere bezilt, mee ronn 1000. An d’ Krankekeess knäppt hier weiderhin 132,23 Euro of, ouni datt se vun do un een eenzegen Euro fir Doktesch-, Spidol- an Apdiktrechnungen iwwerhëlt.

Dat heescht also am Kloertext, datt d’ Koppel elo ronn dräimol méi Steieren a weiderhin d’ Cotisatioun fir d’ Krankekeess bezuele muss, ouni datt se weiderhi verséchert bleift. A wat geschitt, wann de Mann oder d’ Fra sech mussen enger schwéierer Operatioun ënnerzéien?

D’ Steieramt berifft sech dobäi op den Artikel 157bis vum Steiergesetz, an deem et heescht : » Les contribuables mariés qui deviennent non-résidents au courant de l’année sont à ranger impérativement dans la classe d’impôt 1. »

Deemno gesäit et esou aus, wéi wann eise Staat op di do Manéier déi Koppele ganz haart bestrooft, déi aus iergendengem Grond – gewollt oder ongewollt – eist Land verloossen. Aus wat fir engem Grond geschitt dat? Als Sanktioun? Als Strof? Mee kann et da méi eng grouss Ongerechtegkeet ginn, déi hiresgläiche sicht? A wou bleift do d’ Uwennung vum Artikel vun eiser Verfassung, déi seet, datt all Bierger virum Gesetz gläich sinn? Et ass jo och méi einfach, fir schéi Sonndesrieden ze halen a vu Gerechtegkeet ze quasselen, wéi di lëtzebuergesch Bierger ob hei am Land oder am Ausland gerecht ze behandelen.

Duerfir kann et virun esou enger Ongerechtegkeet, déi hiresgläiche sicht, nëmmen eng Léisung ginn, nämlech déi, dat onméiglecht Gesetz an di komplett ongerecht Bestëmmung vun der Krankekeess esou séier wéi méiglech ofzeschafen.

Roby ZENNER