D’Welt kann opootmen, Lëtzebuerg kritt endlech e Klima- an Energieplang. No den Aussoen vun de responsabele Ressortcheff.Inn.en ass dëse Plang ambitiéis.

Ënner anerem soll Lëtzebuerg als Land dat bescht ginn an der Energieproduktivitéit.

Ënner anerem solle fir de Klimaschutz erneierbar Energië gefërdert ginn.

Am Stroumsecteur gëtt zum Beispill op Fotovoltaik a Wandenergie gesat, an am Verkéierssecteur op „Bio“ Kraaftstoffer. Wann een der Rifkinstrategie gleeft, ka Lëtzebuerg säin Energiebedarf quasi komplett iwwer erneierbar Energien ofdecken. Politesch Aussoe confirméieren dëst 100% Zil jo och reegelméisseg.

Dat Ganzt soll an e Klimagesetz gegoss ginn.

Déi proposéiert Instrumenter si net nei. Mir brauchen do net wäit sichen ze goen. Se ginn an Däitschland säit ronn 20 Joer propagéiert. Ewéi a kengem aneren europäesche Land ginn hei Solar- a Wandenergie finanziell enorm gefërdert, ausgebaut a prioriséiert an d’Stroumnetz agespeist.

Dat Ganzt op der Basis vun engem Gesetz, dem EEG.

E Montage vum Auteur vum Bréif.

D’Resultat vun der däitscher Energiewend ass awer offensichtlech méi ewéi ernüchternd :

Den Energieverbrauch ass kaum zeréckgaangen an och déi héich CO2 Emissiounen loosse sech net weider vun den 30.000 Wandanlage beandrocken. Déi liwweren zesumme mat de ronn 1,7 Millioune Fotovoltaikanlagen just 6 Prozent (!) vum Endenergieverbrauch. Well trotz groussem Opwand dës Energieproduktioun nëmme marginal an zu allem Iwwerfloss och nach héich volatil ass, kann op konventionell Energie net verzicht ginn. Dowéinst wuessen d’Käschte vun dësem duebele System an den Himmel a belaaschten d’Wirtschaft an d’privat Haushälter. D’Sue fléisse vun ënnen no uewen an d’Täsche vun den Ökoindustrien a vun de Bedreiwer vu gréngen Energieproduktiounsanlagen, ouni dat d’Klima miessbar eppes dovunner hätt.

Dës onbestreitbar Tatsaachen ginn a reegelméissegen Ofstänn ganz offiziell an de Rapporten vum Sachverständigenrat oder dem Bundesrechnungshof kritiséiert. An engem Kontext wou nach ëmmer vill Erwuessener op en Ökobusiness erafalen, hunn zumindest Kanner a Jugendlecher erkannt, dat dës Strategie am Resultat gescheitert ass, a streiken dowéinst all Freideg. A kréien dofir Applaus vun der Politik, déi d’Situatioun recuperéiert wéi se kann.

D’Praxis an Däitschland weist, dat ee mat dësen Instrumenter keng fixéiert Objektiver anhale kann, dogéint awer eng helle Wull vun techneschen, ekologeschen, ekonomeschen a soziale Problemer generéiert. Trotzdeem gëtt ideologesch verblent a mat den ökoindustrielle Lobbyen am Genéck weider versicht fir e Klima ze kuréieren andeems d’Dosis vun ëmmer de selwechten onwierksame Medikamenter eropgesat gëtt, grad ewéi wa bei enger viraler Infektioun zwee Antibiotiquen méi géingen hëllefen ewéi virdrun een.

A well Lëtzebuerg e souveräänt Land ass, revendiquéiere mer ganz ambitiéis fir eis eege Feeler och elo maachen ze dierfen. Komm mer maachen dofir emol e puer Stéchprouwen, fir d’Kohärenz vun eiser aktueller an zukünfteger  Energiepolitik ze illustréieren.

Lëtzebuerg soll als Land dat bescht ginn an der Energie-Produktivitéit.

Dës Ambitioun aus dem Klimaplang kann ee wuel kaum an d’Realitéit ëmsetzen ouni drastesch Reduzéierungen vun eisem Energieverbrauch. Wat zeechent sech awer elo konkret um Terrain of ?

Wéi soll sech zum Beispill eist Land entwéckelen ? Vill Leit hunn de leschten Oktober „ekologiebewosst“ gewielt, well hinne suggeréiert gouf et kéint een eppes géint en ëmweltschiedleche Wuesstem maachen. Elo gi mer vum Statec drop virbereet, dat d‘Zuel vun de Stéit zu Lëtzebuerg sech bis 2060 verduebelt, fir zumindest bis dohinner eisen ekonomeschen a soziale System ze erhalen. Wéi soll dës Strategie ressourcëschounend iwwer d’Bühn goen ? Well eis Kanner eréischt NO 2060 an d’Pensioun ginn, musse se fir eng ekologesch a sozial nohalteg Perspektiv ewéi et ausgesäit schonn HAUT Freides protestéieren.

De Klimaplang wëll och de fossile Kraaftstoffverbrauch reduzéieren, an taxéiert dofir prompt d’Clienten op der Pompel. Hanner dësem Polit-Placebo kann een awer wonnerbar verstoppen, dat zum Beispill de Kraaftstoffverbrauch vun eisem Findel ënner engem ekologeschen Transportministère am Schnëtt ëm ronn eng hallef Terawattstonn pro Joer geklommen ass, a sauf imprévu wäert kräfteg weider wuessen.

Doriwwer eraus setze mer jo ganz innovativ op Gadgeten ewéi dat autonoomt Fueren. Nieft der Steigerung vun der Attraktivitéit vum Individualverkéier an den domat zousätzlech gefuerene Kilometer bréngt dëst als Niewewierkung eng enorm digital Dateflut mat sech, déi och muss geréiert ginn. Mir brauchen also nei Datenzentren. D’Implantatioun vun engem Datenzenter ass domat zur politescher Chefsaach ginn. Hei gëtt e jäerleche Stroumverbrauch vun 2,5 Terawattstonnen an de Raum gestalt.

Wann also alles no politeschem Plang verleeft, generéieren eleng schonn de Kraaftstoffverbrauch um Findel an de neien Datenzenter e potenziell ZOUSÄTZLECHEN jäerlechen Energieverbrauch an der Gréisstenuerdnung vu ronn 5 Terawattstonnen innerhalb vun enger eenzeger Legislaturperiod.

Wat stellen dës 5 Terawattstonnen (TWh) fir Lëtzebuerger Verhältnesser elo konkret duer ?

Dat ass en Zouwuess innerhalb vu nëmmen enger Legislaturperiod vu ronn 10% vun eisem haitegen Endenergieverbrauch.

5 TWh entsprieche vum Niveau hier dräi Véierels vun eisem jäerleche gesamte Stroumverbrauch, oder och nach iwwer zwanzegmol (!) der mëttlerer jäerlecher Energieproduktioun vun den iwwer 60 Wandanlagen zu Lëtzebuerg.

5 TWh  wieren och bal dat sechsfacht (!) vum jäerleche Stroumverbrauch vun de Lëtzebuerger Haushälter :  mat dësem Vergläichswäert, deen d‘Promoteure vu Wandindustrieanlagen esou gäre gebrauchen, entsprieche 5 TWh effektiv der jäerlecher Stroumconsommatioun vu ronn 1,4 Milliounen Haushälter ! Eng handelsüblech Wandanlag soll jo de Stroum fir ongeféier 1.400 Haushälter liwweren, wat no de Promoteuren eng enorm Quantitéit duerstellt. Abee, fir op déi equivalent 1,4 Milliounen Haushälter ze kommen, brauche mer da jo nëmme ronn 1.000 Wandanlagen innerhalb vun enger Legislaturperiod opzeriichten, just fir den ZOUWUESS am Fluchbetrib a „Guggel“ klimaneutral ze halen…

Dir fannt dat absurd ? Ech och !

Wéi eng Rezepter ginn dann elo am Klimaplang proposéiert fir eng nohalteg PRODUKTIOUN vun der Energie ?

Eng politesch gefërdert Ökoindustrie mat fixéierten Objektiver betrëfft zum Beispill de Secteur vum Biogas an haaptsächlech vun de Biokraaftstoffer.

Fir sech nees bewosst ze maachen ewéi ekologesch a sozial onsënneg des Energieform ass :  eisen haitege globalen Energieverbrauch vu ronn 50 Terawattstonnen géing reng rechneresch eng landwirtschaftlech Fläch mat Energieplanzen mobiliséieren, déi vun der Gréisstenuerdnung hier am Schnëtt ongeféier déi aachtfach (!) Gréisst vun eisem Landesterritoire huet.

Dës Ökoindustrie bedeit :  Konkurrenz zur Nahrungsmëttelproduktioun, intensiv Landwirtschaft mat héijem Asaz vu Pestiziden an Düngemëttel, katastrophal CO2 Bilanz, Monokulturen wou keng Biodiversitéit méi stattfënnt. De Biodiversitéitsdesaster passéiert deelweis hei bei eis, mä muss wéinst der katastrophaler Flächeproduktivitéit gréisstendeels an aner Länner a Kontinenter exportéiert ginn mat der Konsequenz dat z.B. Reebëscher ofgeholzt ginn oder d’lokal Bevëlkerung keng Méiglechkeet huet fir sech adequat ze ernären wéinst den induzéierten héije Liewensmëttelpräisser.

Eng aner politesch gefërdert Ökoindustrie mat fixéierten Ausbauziler betrëfft de lobbystaarke Secteur vun den industrielle Wandanlagen.

Fir sech nees bewosst ze maachen ewéi onsënneg des Energieform ass :  eisen haitegen Endenergieverbrauch vu ronn 50 Terawattstonnen géing reng rechneresch eng zesummenhänkend Fläch vu Wandparken duerstellen, déi di véierfach Gréisst vun eisem Landesterritoire hätt (Rechenhypothees : 3 Megawatt Anlagen, 20% Volllaaschtstonnen, 50% Wierkungsgradverloschter bei deelweiser Power to Gas Späicherung, mëttleren Ofstand tëschent den Anlage vu ronn 6-mol dem Rotorduerchmiesser).

All dës Anlage géingen eng Investitioun duerstellen an der Gréisstenuerdnung vun iwwer 100 Milliarden Euro (déi exorbitant Käschten fir den Ausbau vum Stroumnetz an d‘Späicherequipementer nach net mat aberechent) an hätten e Ressourcëverbrauch vu Baumaterialien mat engem Gewiicht an der Gréisstenuerdnung vu ronn honnert Milliounen Tonnen. Dat Ganzt fir eng Lafzäit vu nëmmen 20 Joer, da muss nees nei investéiert a gebaut ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt dacks scho no nëmme 15 Joer „repowered“.

Wéi geséich elo e graffe Vergläich mat engem haut ideologesch verpönte konventionelle Kraaftwierk aus? Huele mer zum Beispill en TGV Kraaftwierk ewéi Twinerg, dat rezent huet missen zoumaachen. Eisen haitegen Endenergieverbrauch vu ronn 50 Terawattstonnen géing bei enger gudder Auslaaschtung enger Stroumproduktioun vu ronn 20 Kraaftwierksunitéiten entspriechen. Déi hätten e gesamte Flächeverbrauch vu ronn 1 Km2 also ronn zwanzegdausendmol (!) manner ewéi d’Bioenergien. Se hätte Baukäschte vu ronn 3 Milliarden Euro, an e Ressourcëverbrauch bei de Baumaterialien an der Gréisstenuerdnung vun 2 Milliounen Tonnen (Hypothees : ca. 250 Tonnen pro MW).

Wann eenzel Komponenten erneiert ginn, ass d’Lafzäit vun esou engem Kraaftwierk gutt zweemol esou héich ewéi bei Wandanlagen. Käschten a Baumaterialien kënnen am Verglach also nach bal halbéiert ginn.

Vun der Gréisstenuerdnung hier sinn also Käschten a Ressourcëverbrauch beim Bau vu Wandanlagen op d’mannst fofzegmol (!) esou héich ewéi bei Kraaftwierker wéi der Twinerg. Zousätzlech Käschten a Ressourcen fir den Ausbau vum Stroumnetz, fir Energiespäicher a Reservekraaftwierker sinn hei emol nach net mat aberechent.

Bei der Exploitatioun gëtt et bei Wandanlage wuel keng Brennstoffkäschten, mä déi diffus Energie muss op engem groussen Territoire mat engem enormen Opwand agesammelt ginn. D’Aarbechtspoduktivitéit wier bei erneierbaren Energien 5 bis 10-mol méi niddereg pro produzéierter KWh ewéi bei konventionelle Kraaftwierker (no Analysen vum däitsche Physiker G. Ganteför). Dat wier schonn eleng en ekonomesche KO-Facteur an erkläert wisou dës Energien op déi héich Subsiden ugewise sinn.

Do stellt sech jo awer d‘Fro wéi plausibel et iwwerhaapt ass, dat bei dëse katastrophalen Investitiouns- a Produktivitéitswäerter déi „gréng“ Energië jee eng Kéier déi konventionell Energien ersetze kënnen, a wou do déi ekonomesch a sozial Nohaltegkeet wier. Anlagen déi op sech gestalt betribswirtschaftlech net iwwerliewensfäeg sinn, kënnen och net op laang Dauer vollekswirtschaftlech gedroe ginn. Wéi eng sozial Konsequenzen huet et wuel, wann e grouss opgeblosene Wirtschaftszweig, deen un engem laangfristeg net finanzéierbare Baxter hänkt, vun engem Dag op den aneren zesummebrécht ?

Do lieft et sech dach wesentlech méi onbeschwéiert, wann een einfach blann engem Show-Ekonomist gleeft, deen engem Folgendes verzielt :

„The bulk of the energy we use will soon be generated at near zero marginal cost AND BE NEARLY FREE IN COMING DECADES.“ (Zitat aus dem Rifkin Strategiepabeier).

Mat de Milliarden déi potenziell mat dem Klimaplang wäerten an de Sand gesat ginn kéint een och Schoule finanzéieren, Kliniken, sozial Wunnengen, Transportinfrastrukturen, Programmer fir d’Biodiversitéit ze erhalen, an dergläiche méi.

Wéi e Potenzial gesäit eise Klimaplang dann elo KONKRET fir d‘Wandenergie fir ?

Am Klimaplang steet fir den Horizont 2030 eng mëttel Joresproduktioun mat Wandenergie vu knapp 0,7 Terawattstonnen. Dat si glécklecherweis keng 100% vun eisem Endenergieverbrauch, och keng 50% oder 20%... dat si sage und schreibe 1,4% vun eisem haitegen Endenergieverbrauch. Ee Komma véier Prozent ! Si mer hei iren an der Realitéit ukomm ?

Extrapoléiert op den Horizont 2050-2060 kéime mer da vläicht op en Undeel fir d’Wandenergie vu ronn 3% bis 4%, virausgesat mir kréien dëse volatile Wandstroum och an d’Stroumnetz integréiert, well e bei der Netzintegratioun an direkter Konkurrenz steet mat dem Solarstroum dee jo och héich volatil ass.

Am Rifkinrapport gëtt en Energiebilan affichéiert, deen dokumentéiere soll dat Lëtzebuerg eng komplett Energiewend fäerdeg bréngt. Mä wann een awer d’Zuelen auserneepléckt, baséiert dëse Bilan rechneresch op enger Energieproduktioun, déi héchstens engem Fënneftel vun eisem haitegen Energieverbrauch entsprécht. Fir op dëse bescheidene Niveau ze kommen, misst awer d’Zuel vun de Wandanlage vis-à-vis vun haut mat ongeféier zéng multiplizéiert ginn, an e puer honnert Km2 Fräifläche misste fir d’Exploitatioun mat Energieplanzen an Fotovoltaikparken zu Laaschte vun der Biodiversitéit geaffert ginn.

Esouguer wa mer déi néideg Fläche kéinte mobiliséieren, esouguer wa mer technesch Léisungen fir d’Volatilitéit, a viabel wirtschaftlech Modeller géinge fannen, da kéime mer mat realisteschen Ausbauraten grad esou gutt an Däitschland ewéi bei eis eréischt a ronn 200 Joer an d’Géigend vum 100% Zil. No de Pronosticken vum IPCC wier dat zéngmol ze laang. Also hu mer hei och nach en ZÄITLECHE KO-Facteur.

Déi offiziell affichéiert Potenzialer fir erneierbar Energië bestätegen also, dat dës Strategie e Klimaplacebo vum Feinsten ass.

Dat weist ëm wat et hei wierklech geet : hei gëtt energetesch e bësse „gepiddelt“, der politescher Clientèle ka gesot ginn „mir hunn eppes gemaach“, a virun allem gëtt hei eng ökoindustriell Lobby zerwéiert wou e puer Promoteure sech zu Laaschte vun der Kollektivitéit mat Subventiounen d’Täsche fëllen. Wisou de LÉNKE politesche Bord dat mat ënnerstëtzt bleift hiert Geheimnis...

Mat der aktueller grénger Politik an der freedeger Ënnerstëtzung vun eiser nationaler Ëmweltgewerkschaft kënne ganz legal op der Basis vum aktuelle „Naturschutz“ Gesetz d’Gréngzonen industrialiséiert ginn. Et kënnt eng reegelrecht Goldgriewerstëmmung bei Lokalpolitik a Promoteuren op, fräi nom Motto „Wann et Bräi reent, da soll een de Läffel eraushalen“.

Hei e konkret Beispill :   den Direkter vum Naturpark Mëllerdall huet an engem Interview den 24. Mee 2018 op radio100,7 nach betount  „D'Zil vun engem Naturpark ass et, d'Landschaft ze schützen an ze erhalen“ .

Elo hunn d’Gemengeresponsabel vu sechs Gemengen am Naturpark sech vun engem Promoteur verféiere gelooss fir an enger gemeinsamer Gesellschaft industriell Wandanlage ze bedreiwen.

No enger rezenter Ëmfro kommen d’Touristen haaptsächlech op Lëtzebuerg wéinst der Rou an der Schéinheet vun der Landschaft. D’Kuerzsiichtegkeet vun dëse politesche „Responsabelen“ déi op e vermeintleche finanziellen an politesche Profit ausgeriicht ass, ass an der Konsequenz natierlech total kontraproduktiv. Konsequenterweis sollten des Gemenge fräiwëlleg aus dem Naturpark austrieden.

Glécklecherweis gëtt et an dësem Naturpark awer och nach politesch Responsabel, déi de Naturschutz héichhalen, net op dës Klimaplaceboen erafalen, an d’Allgemengwuel virun d‘Partikularintresse stellen.

Promoteure bréngen an hire Presentatiounen ëmmer ganz hypokritesch de Klimaschutz als Verkafsargument an d’Spill a froe ganz manipulativ wat dann d’Alternativ zu hire Wandanlage wier.

Mä a wéi enger Form stellt dann hir eegen deier Natur- a Landschaftsverschmotzung eng Alternativ duer ?

Wéi eng Alternativen et konkret zu der aktuell bedriwwener Politik gëtt, kann een an engem Bäitrag vum 28. Februar 2019 noliesen, deen hei verlinkt ass.

Och vill Medie maache kritiklos bei deem „Spillche“ mat a loosse sech bewosst oder onbewosst fir den Ökobusiness instrumentaliséieren. Et vergeet bal keen Dag wou een net iergendwou an der Dagespress e Gefällegkeetsartikel mat der obligatorescher Foto vu Wandanlage gesäit. An esou gëtt d’Gesellschaft da lues a lues konditionéiert. Oder et gesäit een an de Medien „Stëmmungsbiller“ aus der Natur mat Wandanlagen :  Wandanlagen  „in the mist“, oder Sonnenënnergäng zu Buerschent wou ee sech dach seet „nee wat schéi Biller“. Dat hei Industrieanlagen duerch eng Landschaft opgewäert ginn an net ëmgedréint d’Landschaft duerch d’Industrieanlagen, an dat dës Landschaften virdrun och ganz wonnerbar ouni Industrieanlagen auskomm sinn, dat gëtt eben duerch d‘manipulativ Muecht vun de Biller verniwwelt.

En Argument wat een dacks vu professionellen Ëmweltschützer héiert :  „Och mir zu Lëtzebuerg mussen eise Bäitrag zum Klimaschutz leeschten“. Ganz am Sënn vun „act local“ eben. Do kléngt ëmmer e wéineg ënnerschwelleg mat :  „Mir brauchen dës Energie, och wann et mat Affer verbonnen ass, ewéi zum Beispill d’Landschaftsverschandelung oder de Verloscht vu Liewensraim fir d‘Vullen…“  De Klimaschutz gëtt dobäi ganz bewosst virun den allgemenge Naturschutz oder Landschaftsschutz gestalt, well hei geet et jo dann ëm eppes „méi Grousses“.

Mä bei dem „act local“ däerf een ebe grad just de „think global“ net aus den Ae verléieren.

Wat ass da ganz konkret déi GLOBAL Klimawierksamkeet vun den aktuelle politeschen Instrumenter ?

Am Kontext vum Klimaschutz weist d’Erfarung notamment an Däitschland, dat eng héich subventionéiert Fërderung vun der Wandenergie am Zesummespill mat de Mechanismen vum Handel mat Emissiounszertifikater kontraproduktiv ass, an de Klimaschutz just onnéideg deier mécht, ouni e wesentleche positiven Impakt op d’Reduktioun vun CO2 Emissiounen ze hunn.

D’Praxis weist :  Den Ausbau vun der volatiler Wandenergie provozéiert en ineffiziente Stop&Go Betrib vun thermesche Kraaftwierker, verbonne mat onnéideg héijen Emissiounen. E provozéiert och d’Fräisetze vun Emissiounszertifikater, wouduerch CO2 Emissiounen net REDUZÉIERT mä just sektoral a geographesch VERLAGERT ginn.

Däitschland mécht mediewierksam e puer Kuelekraaftwierker zou fir hir lokal Klimabilanz kosmetesch ze verbesseren, muss dee Moment awer fir d’Versuergungssécherheet Kuelestroum aus dem Ausland importéieren. Wat och net schwéier dierft sinn, well europa- a weltwäit ronn 1.400 Kuelekraaftwierker an der Planung, an deelweis schonn am Bau sinn. Grad ewéi zu Lëtzebuerg mam Tanktourismus, geet et also nëmmen ëm lokal Statistiken, awer net ëm d’Saach ! Do brauche Freides keng Schoulbusse méi ze fueren.

An engem iwwergeuerdente Kontext kann een an der Praxis effektiv net feststellen, dat den Ausbau vun der Wandenergie an Europa en Afloss op d’Consommatioun vu fossille Brennstoffer op de Weltmäert hätt. Déi Brennstoffer déi net an Europa verkaf ginn, ginn dann eben op enger anerer Plaz op der Welt verkaf a consomméiert, notamment an Asien. Dem Weltklima ass et awer egal op wéi engem Kontinent den CO2 emittéiert gëtt.

Eiser Natur an eise Landschaften ass et awer net egal, wann enorm Wandindustrieanlagen an d’Gréngzonen an ëmmer méi dacks direkt an d’Bëscher opgeriicht ginn. Naturbeloosse Landschaften, Kulturlandschaften a Siidlungsraim gi mat de schonn elo bestoenden Impakter nach zousätzlech technesch iwwerfriemt, a verschmëlzen zu engem industrialiséierten landschaftlechen Eenheetsbräi. Bei engem verstäerkten Ausbau gëtt et keng Réckzuchgebidder méi fir Mënsch an Déier, déi sech dësen disproportionéierten Industrieanlagen net méi entzéie kënnen. Eis Kanner hunn also vollkomme Recht fir eng besser Ëmweltpolitik ze manifestéieren. Fir dat se awer net vun enger ökoindustrieller Lobby a politescher Ideologie instrumentaliséiert a manipuléiert ginn, kann ee sech nëmme wënschen, dat se sech iwwer déi technesch, ekologesch, ekonomesch a sozial Zesummenhäng vun den aktuelle Klima-Placebo-Instrumenter informéieren, an den aktuelle Klimaplang an hier Protester mat abezéien.

Mat all där waarmer Loft déi den aktuelle Klimaplang degagéiert ka sech eist Klima nämlech net ofkillen.

Hei verlinkt fënnt een eng Kompilatioun vu véier Plausibilitéits Checken mat allem wat Der schonn ëmmer iwwer d’Wandenergie wësse wollt, mä Iech ni getraut hutt ze froen:

  • iwwer den Ausbaupotenzial vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg ;
  • iwwer de Kärproblem vun de Leeschtungsschwankungen bei der Wandenergie an den technesche Méiglechkeete fir se auszegläichen ;
  • iwwer d’Ëmsetzungsméiglechkeete vun enger honnertprozenteger Energiewend am Sënn vun der Rifkin Strategie ;
  • iwwer den Interêt general vun der Wandenergie. RTL hat am Juni 2018 de gréisste Lëtzebuerger Wandpromoteur mat den Argumenter aus genee dësem Plausibilitéits Check konfrontéiert. D’Argumenter konnte net widderluecht ginn :  d’Problematik vun der Volatilitéit an der inexistenter Versuergungssécherheet huet an der Äntwert missen unerkannt ginn, ouni dat et awer eng konkret Léisung fir dëse KO-Facteur gëtt ; op negativ Impakter a punkto „Wirtschaftlechkeet“, „Ressourcëverbrauch“ a „Klimaschutz“ gouf et guer keng Äntwert ; bei der Problematik vun der klenger Energiedicht (aktuell ronn 60 Wandanlage liwwere just 0,5% vum Lëtzebuerger Energieverbrauch) gouf just gesot, dat ee sech z.B. net mat dem Transportsecteur ze vergläiche bräicht, en Argument wat awer an Zäite vu Sektorkopplung an der politesch gewollter Elektromobilitéit net méi haltbar ass.
Dës Plausibilitéits Checken riichte sech engersäits u politesch Responsabel, fir dat se gesinn, a wéi engem Mooss se hir Glafwierdegkeet op d’Spill setzen, wa se de „Biergerinnen a Bierger“ verzielen, dat d‘Wandenergie e wichtegt Instrument fir eng Energiewend a fir de Klimaschutz ass.

A natierlech riichte se sech anerersäits un d‘„Biergerinnen a Bierger“ déi da gesinn wiem se traue kënnen.