Mir sinn drun wéi d’Pan an der Fuesent. Oder, wéi een och seet, „verspellegt wéi d’Pan an der Fuesent.“ Wann ee sech beim Alain Atten sengem flotte Buch „De Sproochmates II “, méi genee am Deel vum Brauchkalenner, zu där Riedensaart informéiert, da léiert een, datt dëse Saz all Kéier dann agesat gëtt, wann een zum Ausdrock wëll bréngen, datt ee sou vill ze schaffen huet, datt een net méi driwwer gesäit. Mir sinn awer drun ewéi d’Pan an der Fuesent, sou den Här Atten ganz genee am Text. Drun wëllt deemno hei soen drubleiwen, derbäibleiwen, net ophalen, well dat am Ablack net geet, net méiglech ass.

Egal wéi, elo hu mir der, déi eis sou Munches virun den Europawalen versprach hunn, an  déi elo, no de Walen, nawell mat eiser Pan an der Fuesent kéinte konfrontéiert ginn – a garantéiert och sinn! Sou villes krute mir versprach, wéi beispillsweis : sozial, liberal, europäesch. Dat sinn déi, déi d’Gewënner sinn, sech awer trotzdeem a Fro stellen, wat jo scho mol schéin ass: „Mir hu villes verpasst. Mir kéinten e bësselche méi maachen.“ Sou hire Spëtzemann - virun de Walen, versteet sech. Aha, wat gouf dann déi lescht fënnef Joer vun iech (net) gemaach – kéint ee sech als Wieler*in  da mol an aller Naivitéit froen….Mä elo kucken déi Liberal, déi sech neierdéngs „sozial“ an och, dem (Klima-) Zäitgeescht beschtens ugepasst, natierlech och am grénge Mäntelchen gekleet presentéieren, eegenen Aussoen no „resolut no vir“! Da si mir mol gespaant….déi sozial-ekologesch europäesch Zukunft ass méi wéi ugesot!

Déi aner lecken d’Wonnen a kucken, sech fir d’Zukunft erëm besser opzestellen, an zwar genee déi, déi eben „sozial“ opgrond vun hirem Parteinumm hier sinn, awer paradoxerweis alles anescht wéi gutt fir dat „soziaalt“ Europa ofgeschnidden hunn. Wann op eemol grad Wirtschaftsliberaler  déi sinn, déi dat „Soziaalt“ entdeckt hunn – oder war dat just fir Stëmmen ze kréien... mä mir si jo awer net béisaarteg – dann ass dat awer fir eis „sozialistesch“ a „chrëschtlech-sozial“ Volleksparteien méi ewéi bedenklech…Déi Gréng déi ware mol eng Kéier (zu gudde GAP’s–Zäiten)  sozial a schwätzen haut net méi vill dervun – si hu sech jo schliisslech am Laf vun der Zäit ëmmer méi (wirtschafts-)liberal orientéiert. Sozial, ekologesch, basisdemokratesch – jo alles dat war mol eng Kéier…Trotzdeem: hir Zäit ass komm!

Mä – Gestëppels op der Säit gelooss – mir ginn an eng nei europäesch Zukunft: an do ass eis politesch Klass méi wéi gefuerdert, well et gëtt vill vun hinnen erwaart – an déi Erwaardung ass no deem (a bleiwe mir bei eise Lëtzebuerger Riedensaarten) allerhand Kabes, dee mir schonn esou hu missten vun EU-Säit erliewen, wuel vun eis Walvollek no all deene schéine Spréch a Verspriechungen nëmme berechtegt, oder?

Si si jiddefalls drun ewéi d’Pan an der Fuesent – eis elo vun eis gewielten Dammen an Hären fir d’EU-Parlament.

Oder och, fir ee franséischen Ausdrock an de Kontext ze setzen:

Il y a du pain sur la planche!

Frank Bertemes