Joer fir Joer, ginn nei Participatiounsrekorder bei Outdoorsportveranstaltungen verzeechent.

Hannert dësem positive Virdergrond, verstoppt sech awer a Wierklechkeet eng ganz aner Realitéit.

Ee Lieserbréif vum Garry Assel, Sportsproff an Expert fir Beweegung a Sport, am Bezuch op Gesondheet a Gesellschaft.

E rezenten Audit aus der Schwäiz confirméiert wat Spezialisten aus dem Beräich vun der Beweegung a Fräizaitgestaltung gefaart hunn: et entsteet e Gruef a Saachen Beweegung an der Gesellschaft. A knapp véierzeg Joer, ass d‘Zuel vun deene Leit, déi sech e bëssen beweegen, ëm bal 30 Prozentpunkte gefall. Gläichzäiteg, ass am Géigesaz dozou, d’Zuel vun deene Leit, déi sech e puer Mol an der Woch beweegen, däitlech eropgaangen, an dat ëm ronn 20 Prozentpunkte. Graff resuméiert: ëmmer méi Leit beweegen sech net genuch, oder guer net an hirem Alldag, wärend déi Leit, déi sech nach ëmmer vill beweegt hunn, éischter Gefalen dru fannen, hier Beweegungszäit nach weider eropzeschrauwen.

Haaptgrënn dofir, dass bal d’Hallschent vun de Leit wuel kee Sport mécht, sinn e Manktem un Zäit, Suen an déi néideg Informatiounen.

Dës beonrouegend Situatioun aus der Schwäiz mam Lëtzebuerger Kontext ze vergläichen, läit op der Hand.

Den Aktiounsplang « Gesond iessen - méi beweegen » vun 2006 war sécherlech eng éischt gutt Initiativ, mee well de chronesche Beweegungsmangel hei zu Lëtzebuerg ëmmer weider zouhëlt, geet dëse Plang bei wäitem net duer. No all deene Joren, wier eng Analys vum Aktiounsplang sécherlech ubruecht.

Well och hei am Land, brauche mer Kloerheet iwwer d’Beweegungsgewunnechte vun der Populatioun.

De Gruef tëschent deenen, déi sech vill beweegen, an deenen, déi quasiinaktiv gi sinn, gëtt wéi gesot ëmmer méi grouss.

D’Ziel sollt et also sinn, e maximum u Léit fir déi méi aktiv Liewensgewunnechten ze iwwerzeegen.

Dofir wier et net vu Muttwëll, eng kloer semantesch Trennung tëscht dem Sport, mam éischter kompetitive Gedanken, an anersäits der Activité Physique, déi sech éischter an d’Logik vum « Wuelbefannen» aschreift, ze maachen. Nëmmen esou ass eng méi staark Inclusioun vun der ganzer Gesellschaft a Saache Beweegung garantéiert.

D’Politik seet, se géing sech staark maachen fir d’Beweegung a fir de Sport, woubäi een hei ka bemierken, dass virun allem de Sport ënnerstëtzt gëtt, vun dem leider nëmmen e kléngen Deel vun der Bevëlkerung ka profitéieren. Well
« sech beweegen » fir méi Wuelbefannen am Géigesaz zum Sport am Veräin, sinn net onbedéngt gläichzestellen.

Ech schwätzen dann och hei net vun de groussen a luewenswäerten Efforten am Beräich vum therapeutesche Sport, dem « Sport-Santé », mat ënner anerem der Grënnung vun enger eegener Federatioun fir Gesondheetssport,
kuerz FLASS genannt.

Dës Fro ass awer sécherlech berechtegt : « Firwat muss een dann haut krank ginn, fir dass een Dokter engem muss roden, et soll een Sport maachen oder sech méi beweegen ? »

Eng national Campagne fir méi « aktiv Liewensgewunnechten » ass dat, wat mir brauchen hei am Land. An dëst Konzept geet méi wäit wéi douce Mobilitéit, déi jo säit e puer Joer schonn gefërdert gëtt. Et léich dann och no d’Aarbechtswelt, den Amenagement vu Gebaier a vum Territoire, an d’Mobilitéit, mat an dëse Prozess anzebannen.

U ganz punktuellen Manifestatiounen am Sportskalenner fir jiddereen, déi meeschtens lukrativ Privatinitiative sinn, feelt et eis sécherlech net. Fir eis Populatioun awer fir e méi beweegten Alldag ze motivéieren, gesäit ee keng determinéiert politesch Approche a Saachen Beweegungsoffer fir d’Wuelbefannen.

Well och an der Beweegung ass Nohaltegkeet tromp !

A vir bei eisen Jéngsten unzefänken, muss déi scho laang gefuerdert drëtte Stonn « Education physique et sportive » pro Woch, queesch duerch de Secondaire, Realitéit ginn.