Ass et net paradox, wann eng Méck sech ee Been erausrappt, fir een Elefant ze ginn?

Sou ee lëschtegt Zitat vun engem onbekannten Aphoristiker zum Thema „Größenwahn“. Mä dat wär jo un d’Adress vun eiser politescher Klass, déi scheinbar eng Weltelite an hirem Metier wëll sinn, scho bal frech – an dat wëlle mir jo net sinn, Sorry! Egal wéi: Hëtzeg Deeg zu Luxusbuerg – a scho geet et mam Misär vum Drénkwaasser lass - an der Uelzecht schlecht! Fir direkt scho mol op den Titel vun dëser klenger Sträitschrëft hinzeweisen. Ass dat awer net eréischt Kiermesufank? Nom Summer 2018 schéngt et, klimatesch gesinn, mam Summer 2019 monter esou weider ze goen. An dat schonn am Juni! No der Dréchent dreeën eis geschwënn schlëmm Wieder mat Iwwerschwemmungen – hoffentlech net …Mä wat mécht dat eis an eiser Dichtegkeet schonn aus – Uns kann keiner! – fir awer mol frech op dat besonnesch flott aleedend Zitat hei hinzeweisen!

Déi aktuell Dréchent bestëmmt Enn Juni schonn d’Dagesdiskussioun an eisem Ländchen, wou d’Uelzecht (nach!) duerch d’Wisen zéit, fir dem Jean-Antoine Zinnen seng Wierder vun eiser „Heemecht“ op dëser Plaz textlech ze beméien. Oder ass déi Uelzecht als eisen Nationalfloss geschwënn nach just eppes wéi d’Kiselbaach zu Schieren? Datt d’Fro vum Drénkwaasser héichaktuell ass, wonnert wuel keen – ausser eis féierend Politiker, déi am Moment éischter Europa musse retten, oder? (Dat ass awer elo definitiv een anere Sujet!) Datt et dëst Joer allerdéngs schonn esou fréi am Summer nach méi dramatesch ze si schéngt, dat verwonnert trotzdeem. Eis Regierung, déi scho virum Summerlach, dat dëst Joer awer wuel ausfalen dierft (eis Press dierft sech driwwer freeën, grad esou wéi mir Lieserbréifknouterer) ass jiddefalls am Alarmzoustand – alerte rouge, fir am klimatesche Fachjargon ze bleiwen ! An dat net nëmmen opgrond vun der Aktualitéit vu geheime Casieren, déi eise fläissege Volleksaffekot, de Maître Gaston Vogel zum Misär vun eiser politescher Klass, déi sech bis op d’Schanke blaméiert huet, vëlleg zurecht medial a genial thematiséiert hat – mat nohalteger Wierkung, wéi mir jo wëssen. Geheim Datebanken, déi eis „Gréng“, déi awer elo „not amused“ sinn, sou beschäftegt hunn, datt hir zwee Ministeren, am Sujet färrem troubléiert, mat „offene Bréiwer“ musse reagéieren, eng wéineg üblech a fir déi zwee Hären éischter penibel Praxis…Mä déi Form vu politeschem Malaise a juristeschem Kontext gëllt net nëmmen, parteipolitesch gesinn, fir eis Regierungsverantwortlech, déi sech mat den „Altlasten“ vum CSV-Staat rëmzeploen hunn – och dat muss fairerweis mol bemierkt ginn!

Et ginn awer nach aner lästeg Dossieren, wéi e.a. Jughurtsfabréck an Datenzenter, déi d’Aktualitéit an den „Infotainment“ an hëtzege Summerméint beherrschen an déi eiser „politescher Klass“ net onbedéngt de Genoss vun der „Sommerfrische“ erliichteren dierften – loin de là! An dëse Kontext passt natierlech besonnesch den Dossier Google, deen aktuell a wuel nach eng Zäit am Ländche fir hefteg Debatte dierft suergen. Datt elo grad d’Wiederkonditiounen mat der Drénkwaasserversuergung an eben deem Kontext „Google“ een Topic vu besonneschem Reiz duerstellen, dat fir Opreegung am Land vum Floss, deen eigentlech duerch d’Wise soll zéien, suergt, dierft wéineg verwonneren. Ee Floss, deen nämlech iergendwéi soll op de Rouscht „verluecht“ ginn, fir „Google“ ze killen … ee Witz, iwwer deen een normalerweis misst laachen, wann et net esou een doudeeschte Sujet wär! Wat soll dee Quatsch?? Wat soll iwwerhaapt esou een Energie- a Killwaasser-opwännege Datenzentrum hei am Ländchen? Wou ass d’Plus-Value vu Google fir Lëtzebuerg? Dräihonnert Aarbechtsplazen a risegen Halen voller Kabelen op 38 Hektar beschtem Akerland? Wann ee beim anere Reizthema Spacemining nach absolut Argumenter (positiv ze liesen) e.a. fir d’Fuerschung, ka fannen, sou fält dat fir ee Wahnsinnsprojet am Interêt vum Internetkonzern Google (fir wien och soss?) scho bedeitend méi schwéier: Pro- Argumentatioun bis gläich Null! Oder ass privat Datefuerschung, also Spionage am (neie) „Fuerschungsberäich“ vun deenen diversen Daten vum normale Bierger, wuelverstanen, well eng Plus-Value – ausser am Sënn vum George Orwell sengem „1984“, fir duerchaus zynesch ze bleiwen,  Zoustänn, deene mir ëmmer méi no kommen? „Mä ech hunn dach näischt ze verstoppen!“ – dee wuel topgste Saz, deen een haut besonnesch vu Google-Unhänger, déi deen Internetgigant sou unhimmelen, héiert - soulaang, bis si mol direkt a perséinlech mam Datemëssbrauch konfrontéiert ginn? Wann een dat da mol selwer ze spire kritt! Dozou géif et nach ganz vill ze soen, mä dat sprengt elo awer de Kader vun dësem bescheidene Lieserbréif …

Et wär jiddefalls mol héich Zäit, datt eis Politik géif driwwer nodenken, Google ganz einfach fir eist Land ze vergiessen a sech Gedanken iwwert d’Drénkwaasserproblematik an och iwwert eng sënnvoll Notzung vun Uewerflächewaasser géif maachen – do wär hir Energie jiddefalls am Sënn vun der Nohaltegkeet bedeitend besser agesat, wéi sech mat megalomane Projeten lächerlech ze maachen!

… woumat mir awer erëm bei der Méck a beim Elefant wären!

Oder nach, nom Friedrich von Schiller:

Sie bauen immer, bauen

Bis in die Wolken, bauen fort und fort

Und denken nicht dran, dass der schmale Grund

Das schwindelnd schwanke Werk nicht tragen kann.

Frank Bertemes

Ajoute vum Auteur

Atert oder Uelzecht ?

Et ass natierlech ëmmer flott, Commentairen zu sengen Texter oder och  Sträitschrëften ze liesen. Wann déi engem awer solle widerschwätzen, dann ass dat „de bonne guerre“, mä den Inhalt vun där Kritik muss da scho richteg an och zoutreffend sinn. Bei aller perséinlecher Estime fir dee gudden Här Roth, sou ass hien awer wuel net um leschte Stand vun deem ominéisen Dossier „Google“-Datenzenter. Ech géif him an der Lieserschaft duerfir dee folgenden Extrait aus engem  Wort-Artikel vum 8te Juni 2019 (cf.  ënnen am Text) zur Lecture empfeelen, dee kloerstellt, dat et elo eben NET méi ëm d’Atert, mä bel et bien grad ëm eis gutt Uelzecht geet!

Nieft der Ironie vu sengem Text geet et dem Auteur vun deenen Zeilen, deen als stolzen Eisebunner net nëmmen d’Land, mä duerchaus och d’Landkaart zimlech gutt kennt an deen och nach grad genee am Zentrum vum Land am Uelzechtdall wunnt, an deen d’Uelzecht all Dag gesäit a genee kuckt  (an och dat wär schonn erëm een Artikel fir sech),  eben ëm d’Schicksal vun eiser Uelzecht!

Soss hätt hie sech an der Lieserschaft deen Text sécherlech och erspuert – dat an der Hoffnung, datt déi Debatt  hei och iwwerflësseg ass, well Google ni kënnt!

Alzette anstatt Attert

Worauf man im Umweltministerium ein besonderes Auge behalten wird, ist die Frage der Abwässer und deren Auswirkungen auf die Gewässer. Hier sind die Umweltregeln klar. Alleine die Erwärmung der Gewässer durch eingeleitetes Kühlwasser könnte die gesamte Flussfauna erheblich stören. Im Umweltbericht wird deswegen von einem Nutzen der Attert als Kühlwasserlieferant abgeraten. Der Fokus der Studien konzentrierte sich deshalb auf die zwei Kilometer vom geplanten Standort entfernte Alzette.

Léif Gréiss un Iech an näischt fir ongutt, Här Roth!

Frank Bertemes