Bal jiddereen am Land weess, datt mer dräi offiziell Sproochen hunn, nämlech Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, an dorop si mer net nëmmen e bëssen houfreg a mer ginn esouguer iwwerall an der Welt fir eis Villsproochegkeet gelueft a beneit an engems.

Wann een awer d’ Wierklechkeet méi genee ënner d’ Lupp hëlt, da gëtt een all Dag an iwwerall enges Bessere beléiert: eemol kënnt eis lëtzebuergesch Sprooch ze kuerz an eemol eng aner vun deene verbleiwenden zwou Sproochen, an dat ass meeschtens dat Däitscht.

D’ Kanner léieren am Cycle 1 an der däitscher Sprooch liesen a schreiwen, munnech Fächer ginn an der Grondschoul an an de Lycéeën op Däitsch ënnerriicht, mee dobausse kënnt di däitsch Sproch bal iwwerall am Land vill ze kuerz. Nun ass awer den Tourismus eng vun eisen Haapttrëmp, an trotzdem huele mer kaum Rücksicht op di däitschsproocheg Touristen, an dat sënn der net wéineg, déi aus Däitschland, aus Éisträich, aus Holland an aus osteuropäesche Länner kommen, déi sech éischter op Däitsch zuwee fannen.

Op de Kräizunge steet bei der rouder Luucht « Avancez jusqu’à la bande d’arrêt ». Viru munneche Barrièren kann ee liesen « Coupez le moteur en cas d’arrêt ». A wie vun den däitschsproochegen Touriste soll dat da verstoen? Dës Deeg elo sënn an der Stad Lëtzebuerg witzeg Offalleemeren opgestallt ginn, fir d’ Leit z’ invitéieren, den Offall dran ze geheien: alt nëmmen Däitsch a Franséisch. D’ Verkéiersschëlter, d’ Menuskaarten an de Restauranten, d’ Hiwäiser an d’ Fuerpläng bei der Eisebunn, den Offallplang vun de Gemengen, jee, op enger Onmass vu Plaze steet nëmme Franséisch. Et gëtt ugeholl, datt mir Lëtzebuerger jo Lëtzebuergesch a Franséisch liesen a verstoe kënnen ; mee et gëtt keng Rücksicht op déi vill Leit geholl, déi nëmmen Däitsch verstinn. Déi fillen sech regelrecht iwwergaangen a verluer. Da wier et scho méi wéi ubruecht, wann et méiglechst iwwerall eng Zweesproochegkeet géif ginn, an zwar Däitsch a Franséisch, et misst emol kee Lëtzebuergesch sënn, well mir versti jo am Prinzip déi zwou Sproochen.

Et wier also elo endlech un der Zäit, datt mer och Rücksicht op déi munnech Leit huelen, déi eist Land besichen an nëmmen Däitsch verstinn.

Roby ZENNER