Lëtzebuerg kritt eng nei Verfassung, e neit Grondgesetz. Dat wichtegst Gesetz op deem all nei a bestoend Gesetzer sollen ugepasst ginn.

Ass et net noutwenneg grad dëst Grondgesetz iwwert een oder méi  Referendumen vum Vollek ofstëmmen ze loossen?

Soll d’Chamber dëst fundamentaalt an zukunftsweisend wichtegst Gesetz eleng ofstëmmen oder ass d’Vollek net grad esou capabel iwwert d’Verfassung ofzestëmmen ewéi d’Chamber?

Ass et net méiglech d’Verfassung an e puer grouss Kapitelen opzedeelen an d’Vollek iwwert dës Kapitelen ofstëmmen ze loossen?

Ech hoffe just, dass d’Regierung an d’Chamber an dësem méi ewéi wichtegen Grondgesetz d’Vollek ofstëmmen léist an net eleng déi 60 Deputéiert.

Ass et net un der Regierung déi eenzel Kapitelen opzedeelen an déi passend Froen am Referendum ze stellen?

Ee Referendum ass deen eenzegen demokrateschen Wee fir eng Verfassung ze änneren alles Aneres ass fir mech eng diktatoresch Demokratie.