Léif Leit vun der CNEL,

Ech hu mat vill Interessi Äre climateXchange-Schlussrapport gelies. Besonnesch d’Kapitel iwwer d’Energie.

Dir fuerdert am Kapitel „Energie“, dat eis Gesellschaft op 100% erneierbaren Energië funktionéiert an de Stroum komplett aus Solarenergie, Waasser- a Wandkraaft hiergestallt gëtt. Mee och den organeschen Offall soll energetesch genotzt ginn a Biogasanlagen. Dir fuerdert d’Ënnerstëtzung vu bessere Späichertechnologien ewéi Gas als Späichermedium.

E Montage vum Auteur vum Bréif.

Et fält op, dat d‘Kapitel „Energie“ am Schlussrapport op enger hallwer Säit relativ knapp gehalen ass, zemol wann ee bedenkt wéi eng fundamental a radikal Ännerungen dee gefuerderten Energiesystem fir eis Ëmwelt, eis Landschaften, eis Gesellschaft an eise Wirtschaftssystem mat sech bréngt.

Et ass also en essentielle Sujet. Awer och en deelweis méi komplexe Sujet, mat enger Rei vun techneschen an ekonomeschen Aspekter deenen ee sech soll bewosst sinn. Dofir géing ech mer erlaben Ärem Kapitel „Energie“ e puer Commentairen an Informatiounen bäizefügen, déi an de regionalen Echangen vläicht net ugeschwat goufen, an am Rapport net ernimmt ginn.

Fänke mer direkt mat enger spannender Fro un, déi awer erstaunlecherweis am ëffentlechen Debat net dacks gestalt gëtt :

Wéi géing esou eng honnertprozenteg Energiewend fir Lëtzebuerg um Terrain konkret ausgesinn ?

Den Energieminister sot an engem rezenten Interview an enger populärer Lëtzebuerger Wochenzäitschrëft, dat hien dovun iwwerzeegt ass dat d’Technologien déi mer fir de Klimaschutz brauchen all do sinn, an e schwätzt an deem Kontext vu bezuelbarer Sonnenenergie a Wandparken. All dës Techniken ewéi Wandenergie a Solarenergie sinn effektiv säit laange Joren do a ginn och säit laange Joren politesch a finanziell enorm gepushed an ausgebaut. Wisou kënnt een dann ëmmer nach net zu engem spierbare Resultat ?

Kommt mir beliichten dofir emol déi verschidden Instrumenter déi Der am Schlussrapport fuerdert, an zwar op eng ganz konkret Aart a Weis :

D’Potenzial vu Waasserkraaft a nohalteger Biomass ass zu Lëtzebuerg relativ begrenzt. De gréisste Potenzial hunn effektiv d‘Wand- a Solarenergie, an déi aner nohalteg Energieproduktioun – dozou gehéieren och Solarthermie, Geothermie a Wäermepompelen - kënnt nom Rifkinstrategiepabeier op net méi ewéi ronn 10% vun eisem haitegen Energieverbrauch.

Et kann ee relativ einfach ausrechnen wéi vill Wand- a Fotovoltaikanlagen een opriichte muss fir dann op 100% ze kommen. D’Leeschtungsschwankunge vu Wand- a Solarenergie mussen dobäi awer saisonal ausgeglach ginn mat Hëllef vun der Gasspäicherung mëttels Elektrolyse, déi Der jo och am Schlussrapport ernimmt. Wéi Der sécher wësst, muss ee bei dësem Späicherprozess grouss Wierkungsgradverloschter a Kaf huelen, an déi mussen dann och an d’Berechnung mat afléissen.

Fir dës Berechnung kann ee bei der Wandenergie konkret z.B. vun 3 Megawatt Anlagen ausgoen mat ronn 20% Volllaaschtstonnen. Dat si wuelgemierkt keng romantesch „Wandmille“ méi, mee reegelrecht Industrieanlagen vun 200 Meter Héicht. Fir d’Fotovoltaik kann ee vun 11% Volllaaschtstonnen ausgoen. D’Verloschter bei der Gasspäicherung kann een an engem globale System vun der Gréisstenuerdnung hier mat ongeféier 50% unhuelen. Hei mussen déi schwankend Stroumproduktiounsanlagen also verduebelt ginn fir dës Verloschter nees ze kompenséieren.

Et kann een och gäre méi optimistesch Rechenhypotheesen unhuelen, mee wéi Der gläich gesitt, kënnt et bei dem Resultat net op den Detail un, mee vill méi op d‘Gréisstenuerdnunge vun dësem Resultat.

Wann ee lo kuckt wat bei dëser einfach novollzéibarer Rechnung erauskënnt, ass vläicht deen een oder aneren dann awer erstaunt, well ee sech dat net esou däitlech erwaart hätt :

Fir eisem haitegen Energieverbrauch gerecht ze ginn, bräicht ee nämlech ronn zéngdausend (!) där industrieller Wandanlagen (Leeschtung ca. 30 GW) ; sämtlech Diecher vu Gebaier wiere voll gepaakt mat Fotovoltaik, an zousätzlech misst ee Fotovoltaik op Fräifläche bedreiwen an der Gréisstenuerdnung vu ronn siwenzegdausend (!) Fussballsterrainen (Leeschtung iwwer 30 GW).

Esouguer wa mer et fäerdeg bréngen eisen haitegen Energieverbrauch vu ronn 50 Terawattstonnen ze halbéieren (wat schonn enorm schwiereg wäert ginn), stousse mer vun de Gréisstenuerdnungen hier mat dësen Energieproduktiounsmethoden wéi een onschwéier gesäit séier un territorial Limitten.

Déi éischt Fro déi sech do stellt :  wou sollen dës Anlagen alleguer hin ? Mir hu jo kee „Lëtzebuerg B“.

Egal wou dës Anlagen hannenno stinn, sief et zu Lëtzebuerg oder am Ausland, onshore oder offshore, da bréngt dësen iwwerdimensionale System jäerlech Investitiounskäschten an der Gréisstenuerdnung vun engem héijen eestellege Milliardebetrag (!) fir de Bau vun industrielle Wandanlagen (ca. 1,5 bis 2 Milliarden pro GW), Fotovoltaikanlagen (ca. 1 bis 1,5 Milliarden pro GW) an Elektrolyseuren (ca. 2 bis 3 Milliarden pro GW). Dobäi komme Käschten fir Netzausbau, Späicherequipementer, Gastanklager, Gaskraaftwierker,…asw. Dës surrealistesch Baukäschte leien dobäi eng bis zwou Gréisstenuerdnungen (mol 10 bis mol 100) iwwer de Baukäschte vu konventionelle Stroumproduktiounsanlagen.

Wéinst der niddreger Produktivitéit kënnen déi alternativ Anlagen net rentabiliséiert ginn ouni héich staatlech Ënnerstëtzung, déi awer dann vun der Kollektivitéit muss gedroe ginn.

Wat kéint ee mat esou engem héije Milliardebetrag pro Joer soss nach finanzéieren ? Schoulen, Kliniken, sozial Wunnengen, Programmer fir den Ëmweltschutz, fir den Erhalt vun der Biodiversitéit…? Bei dem „gréngen“ Energiesystem fléissen d’Suen awer haaptsächlech vun ënnen no uewen an d’Täsche vun eenzele Profiteuren, déi d’Moyenen hu fir an dëse System ze investéieren.

De Ressourceverbrauch fir Baumaterialien (Mineralien, Metaller, seltene Erden) läit och eng bis zwou Gréisstenuerdnungen iwwer dem Verbrauch vu konventionellen Anlagen. Schied fir d’Ëmwelt am Allgemengen an d’Biodiversitéit am Besonneschen sinn do virprogramméiert.

Wéi vill vun de noutwendegen Anlage kéint ee realistesch ëmsetzen mat dëse katastrophale Wäerter fir Investitiounskäschten, Flächeproduktivitéit a Ressourceverbrauch ? Wéi sënnvoll wier dat fir eis Ëmwelt ? Relevant ass hei d’Verhältnesméissegkeet tëschent Opwand, negativen Impakter a Notzen.

Méi detailléiert Informatiounen iwwer de Potenzial an de Notzen vun der Wandenergie sinn an dem bäigefüügte Plausibilitéits Check compiléiert.

Physikalesch Gesetzer kann ee net mat gutt gemengter Iwwerzeegung a politeschem Wëlle briechen. D’Klimawierksamkeet vun der Wand- a Solarenergie ass dowéinst an der Realitéit nëmme marginal. Dier kënnt Iech gären informéieren, da gesi Der dat d’Wandenergie an d’Solarenergie a kengem europäesche Land iwwer en Undeel am eestellege Prozentberäich vum Energieverbrauch erauskënnt.

Huele mer emol eist grousst Virbild, de „Musterschüler“ Däitschland :  ronn 30.000 Wandanlagen an 1,7 Millioune Fotovoltaikanlagen mat enger installéierter Leeschtung vun iwwer honnertdausent Megawatt hu nëmmen en Undeel vum Endenergieverbrauch vu ronn 6%. Bis elo gouf et nach keng Wierkungsgradverloschter duerch Gasspäicherung, well dës Späicherform op engem industrielle Moossstaf technesch a wirtschaftlech effektiv net ëmsetzbar ass.

Eppes muss engem zumindest direkt opfalen :  wann ee wéi Däitschland iwwer zwanzeg Joer brauch fir ënner gënschtegste Bedingungen mat relativ héijen Ausbauraten op dëse marginale Niveau ze kommen, da brauch ee mat dëse Produktiouns- a Späicherinstrumenter jo en halleft Joerdausend fir eng honnertprozenteg Energiewend ëmzesetzen. Kann d’Klima esou laang waarden ?

De Versuch déi däitsch Energiewend ëmzesetzen war bis elo och mat groussen Efforten an héijen negativen Impakter verbonnen. Et goufen e puer honnert Milliarden Euro an dee System gepompelt mat grousse negativen soziale Repercussiounen.

Vun elo un gëtt et fir Däitschland awer nach wesentlech méi schwéier, well se ëmmer manner Plaz fanne fir industriell Wandanlagen opzeriichten (dofir ginn elo massiv Bëschflächen ofgeholzt fir den Ausbau weider ze dreiwen !), a well d’Stroumnetz kaum nach stabil ze halen ass, bedéngt duerch de forcéierten Ausbau vu schwankender Wand- a Solarenergie, gekoppelt un d’Schléissung vu konventionelle Kraaftwierker. Netzstabilitéit a Versuergungssécherheet si no der Bundesnetzagentur an den Iwwerdroungsnetzbedreiwer aus eegener Kraaft net méi garantéiert.

Mat oder ouni zousätzlechem deieren Netzausbau ass Däitschland elo tatsächlech op d’konventionell Stroumproduktioun aus dem Ausland ugewisen. Dat en Energiesystem op dëser Basis physikalesch guer net funktionéiert interesséiert d‘Politik awer manifestement net.

Wou kann een elo am Klimaschutz usetzen ? Wéi eescht ass et der Politik wierklech mat dem Klimaschutz ?

Mir hunn elo festgestallt, dat Politik sech bei Decisiounen a bei dem Festleeë vun ambitiéisen Ziler net onbedéngt no physikaleschen Erkenntnesser orientéiert.

Wéi vill sech eis Politik elo fir Klimaschutz interesséiert, gesi Der awer un zwee ganz konkrete Beispiller vun Aktivitéitsberäicher déi vun eiser Regierung ënnerstëtzt ginn.

Éischt Beispill ass de Lëtzebuerger Fluchbetrib, deem säi Kraaftstoffverbrauch déi lescht Joren duerchschnëttlech an der Gréisstenuerdnung vun 1% vun eisem globalen Energieverbrauch jäerlech geklommen ass.

Just fir dësen enormen Zouwuess klimaneutral ze halen, misst schonn eleng all zwee (!) Deeg eng industriell Wandanlag a Betrib goen. Bei deem Rhythmus wier Lëtzebuerg natierlech an Zäit vun e puer Joer mat Wandanlage vollgestallt. Wat maache mer duerno ?

Zweet Beispill :  Lëtzebuerg soll en Datenzenter vu Google kréien, wou de Wirtschaftsministère am Joer 2017 nach transparent kommunizéiert huet dat hei mat engem jäerleche Verbrauch vun 2,5 Terawattstonnen ArcelorMittal vun der éischter Plaz als Stroumverbraucher géing verdrängt ginn.

2,5 Terawattstonnen entspriechen ongeféier 38% vun eisem globale Stroumverbrauch respektiv 5% vun eisem gesamten Energieverbrauch. Dat entsprécht vun der Gréisstenuerdnung hier och der Stroumproduktioun vu ronn 1.000 industrielle Wandanlagen (mat Gasspäicherung fir bedarfsgerechte Stroum), oder wann een e Frënd vun der Sonn ass missten hei Fotovoltaikparken mat enger Fläch vu ronn 10.000 Fussballsterrainen mobiliséiert ginn. Dat wieren nach eng Kéier 200-mol (!) esou vill Flächen ewéi den Datenzenter selwer an Usproch hëlt, a schonn hei ass de Landverbrauch jo en Thema.

Dat zweet Beispill veranschaulecht ganz konkret dräi Aspekter an dëser Diskussioun :

  • Et gëtt akzeptéiert, dat duerch de Betrib vum Datenzenter déi potenziell Klimawierksamkeet vu ronn dausend industrielle Wandanlagen annuléiert gëtt ;
  • Hei gesäit een de grousse Potenzial vun eisem Verbrauchsverhalen par rapport zum marginale Potenzial vun der Wandenergie (een eenzegen Datenzenter versus dausend Wandanlagen) ;
  • Hei gesäit een déi politesch Hypokrisie :  den 20. September ass gläichzäiteg den Terrain fir den Datenzenter ëmklasséiert ginn mat der ausdrécklecher Ënnerstëtzung vun der Regierung, wéi de ganzen Dag an de Medien ze héiere war, an Owes spéit no dem EU Sommet zu Bréissel huet eis politesch Spëtzt Krokodilstréine viru lafender Kamera vergoss well 28 europäesch Staaten sech net op fest Klimaschutz Ziler eenege konnten, obwuel „d’Jugend zu Recht a ganz Europa géing op d’Strooss goen“.
Wéi Der gesitt, gitt Der effektiv zu Recht op d’Strooss a kritiséiert déi aktuell Politik.

Mee, wann een am climateXchange-Schlussrapport d’Kapitel iwwer d’Energie esou liest, …kéint deen Text net och aus dem Wahlprogramm vun iergend enger x-beliebeger Partei erauskopéiert sinn ?

Dir gesitt also, ier Der Iech ëmsinn hutt, gi Der schonn a genau dee System assimiléiert, géint deen Der eigentlech protestéiere wollt.

Fir Iech géint de politeschen Storytelling ze immuniséieren, brauch Der nëmmen all Kéiers wann Der eng industriell Wandanlag gesitt, Iech Folgendes ze soen :

„De Lëtzebuerger Energieverbrauch läit bei ronn 50.000 Gigawattstonnen an eis ökoliberal Gesellschaft huet net wëlles mam Fouss vum Gas ze goen. Eng Wandanlag produzéiert ronn 5 Gigawattstonnen, dat ass also een Zéngdausendstel vun eisem Energieverbrauch. Wann de Stroum als Gas gespäichert gëtt, produzéiert eng Wandanlag nach just d’Halschent, dat sinn da fënnef Honnertdausendstel vun eisem Energieverbrauch.“ − Gleeft mer, dat wierkt.

Firwat ginn dann iwwerhaapt Wandanlagen opgeriicht ? Fro Der Iech sécher.

Eischtens ass et emol e flotte Business fir eenzel Promoteuren a Grondbesëtzer. Dëse Business brauch héich Subside fir rentabel ze sinn, muss dee Moment vun der ganzer Kollektivitéit gedroe ginn, a féiert an eng prekär Plangwirtschaft ouni Interêt fir Innovatiounen. Är Fuerderung no der Demokratiséierung vun dësem Business mat „Gemeinschaftseoliennen“ bleift éischter Wonschdenken, de Business ass fest an der Hand vun enger Lobby a vun eenzele Promoteuren déi de néidege Knowhow hunn.

Zweetens profitéiert d’Politik vun dem „gréngen Hype“, well se hei engem Zäitgeescht ka nolafen, wat potenziell Stëmmen abréngt, notamment bei de jonken an zukünftege Wieler – also Iech.

De Business ka mat guddem grénge Gewësse weiderlafen, an d’Ëmwelt kritt kontraproduktiv Placeboë verschriwwen.

Wat kann een elo maachen ?

Et kann ee villes maachen :  kritescht Denken developpéieren, sech informéieren, Informatiounen vu Politik a Medien iwwerpréiwen (d’Informatiounen aus dësem Text soll Der roueg och iwwerpréiwen, beschäftegt Iech domat, a setzt Iech roueg mat Zuelen a Gréisstenuerdnungen auserneen !).

Profitéiert vun Ärem aktuellen Afloss op Medien a Politik, fir dat massiv an d’Fuerschung investéiert gëtt, an technesch Auslafmodeller ewéi d’Wandenergie net méi gefërdert ginn.

Mir brauche komplett nei Technologien, déi eng genügend héich Energiedicht hunn, déi versuergungssécher sinn, déi ëmwelt- a ressourcëschounend sinn, an esouwuel wirtschaftlech ewéi sozial nohalteg sinn. D’Wandenergie entsprécht manifestement kengem vun dëse Kritären.

Ech stinn Iech vir zousätzlech Informatiounen gären zur Verfügung.

Bescht Gréiss,