Zënter Joerzéngte scho kréien d’ Leit an der Gemeng Déifferdeng de Kapp voll getrotert, d’ Eisebunnsbarrière an der Avenue Charlotte géif verschwannen, an nach ass kee Fanger kromm gemaach ginn. An dobäi war et awer méiglech, virun enger Zäit a kierzester Zäit direkt zwou Barrière mateneen an der Avenue de la Gare an an der Rue des Mines zu Uewerkuer souzesoen ouni Problemer duerch esouguer zwou Ëmgehungsstroossen z’ ersetzen. An der Tëschenzäit huet sech d’ Verkéierssituatioun am Zentrum vun Déifferdeng radikal verschlechtert. Net nëmmen, datt elo net méi – ofgesi vun de Gidderzich – wéi fréier all Stonn zwéin Zich an all Richtung do laanscht fueren, mee elo all Véierelstonn der zwéin. Derniewent huet d’ Zuel vun de Gefierer a vun de Foussgänger radikal zougeholl.

Wann der nach sollte sënn, déi d’ Noutwennegkeet net agesinn, datt et elo scho fënnef op 12 ass an datt onbedéngt eppes muss geschéien, deen hätt solle kucke kommen, wéi et Freides, de 5. Juli muerges géint 8 Auer do ausgesinn huet. An der Avenue Charlotte stoungen d’ Gefierer di eng Säit bis bei d’ Gemeng an di aner Säit bis bal bei de Rousegäertchen zu Uewerkuer. Total blockéiert waren d’ rue Pasteur, d’ rue Kondel, de boulevard Emile Krieps bis esouguer e gudden Deel vun der avenue du Parc-des-Sports. Et ass einfach näischt méi gaang. D’ Foussgänger an d’ Kannerkutsche stounge wéi Schoulklassen an engem Schoulhaff dës an déi Säit vun der Barrière. Munnech Leit sënn trotz der Liewensgefor ënnert der Barrière erduerch gekroch, anerer sënn ëmgedréint.

Esou eng onméiglech Situatioun, déi sech regelméisseg widderhëlt, ass haut net méi z’ erdroen; schliisslech liewe mer elo am 21. Joerhonnert an net méi am Mëttelalter.

Duerfir gëtt et héich Zäit, datt manner geried a versprach, mee duerfir awer ëmsou méi emol endlech Neel mat Käpp gemaach ginn !

Roby ZENNER