Eise Lieserbréif-Auteur André Wagener schreift eis vun engem Zuchtrajet op Köln an zréck.

Am Februar hunn mer ons zesummen mat 3 Frënn Tickete fir ee Concert zu Köln kaf, an den éischten Weekend am Juli sollt et dann esou wäit sinn. Well mer wéi gesot zu 5 waren, hunn mer anstatt mat zwee Autoen ze fueren, den Zuch als Transportmëttel erausgesicht, och well een sech esou besser ënnerhalen kann. Mir sollten als läscht op der Gare Sandweiler/Contern eraklammen. Kaum op der Gare ukommen, gëtt affichéiert datt onsen Zuch annuléiert gouf. Well keng weider Informatiounen koumen, et ass jo keen Uspriechpartner op esou enger ländlecher Gare, hunn mer den nächsten Zuch an d'Stad geholl fir do ons Frënn ze treffen.

No e wéineg Hin an Hier, gouf ons dunn matgedeelt, datt den nächsten Zuch - 1 Stonn méi spéit wéi geplangt - géif fueren, well de Problem am Stellwierk zu Wittlech geléist wier. Zu Koblenz hunn mer den Zuch dunn gewiesselt, an déi läscht Stonn an engem net klimatiséierten Zuch de Rescht vun der Streck op Köln zeréckgeluecht. De Deo hat zu dem Zäitpunkt endgülteg verluer.

Ons Réckrees sollt, obschonns guer net vun ons gefrot, dach nach eng ganz spannend Ugeleeënheet ginn. Zu Köln fuere mer mat 5 Minutten Verspéidung fort. Mir haten Sëtzplaze reservéiert, déi am Waggon 11 sollten sinn. Duerfir hunn mer och nach mussen bezuelen, just zimlech blöd wann den Zuch nëmmen 4 Waggone huet. Ënnerwee ass de Retard ëmmer méi ugewuess an hätt theoretesch zu Tréier schonn bei 31 Minutten geleeën. Kuerz virun Schweich fält dunn d'Klimaanlag aus, oder si gouf bewosst ausgeschalt.

Zu Schweich dann d'Duerchsoe, datt onsen Zuch een Hëtzschlag hätt an elo all Computer géifen nei gestart ginn. Nom Neistart dunn eng weider Duerchsoe, datt mer dach w.e.g. den Zuch um anere Quai huelen an op Tréier weiderfueren sollen. Zu Tréier gehetzt duerch d'Hëtzt setzen mer dann endlech am Zuch fir heem.

An dësem Zuch hunn mer dunn Schicksalsgenossen kennegeléiert, déi Samschdes méi fréi ënnerwee waren, an zu Wittlech vum Personal virun d'Alternativ gestallt goufen, entweder nees op Lëtzebuerg zeréck oder iwwert Mannheim op Köln weider ze fueren. Zum Gléck hunn sech hei dunn e puer Leit zesummefonnt an si sinn mat engem Taxi fir 8 Leit op Köln gefuer.

Et muss een sech dach d'Fro stellen, wéi een d'Leit zum ëffentlechen Transport wëll beweegen, wa bei esou eng kuerzer Rees, esou vill schif leeft. Jo, et war warem dee Weekend, mee Temperaturen vun wäit an déi 30 Grad sinn elo awer och net esou aussergewéinlech, fir esou eng Panneserie z'erklären.

Ech hunn elo d'Fraisen fir d'Reservatioun zeréckgefrot an iwwerleeë mer, wat ech elo mat deenen 8 Euro stiichten soll. Een Handventilator kafen?

Wagener André, Conter