Eise Lieserbréif-Auteur schreift iwwer d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit par option.

D'Integratioun ass net just e schwéiert Thema ze beschwätzen, mä ass och e komplexen a laangwierege Prozess. Joer iwwer Joer goufen juristesch "Brécken" gebaut fir d'Integratioun vun den Net-Lëtzebuerger ze vereinfachen. Mä komm mir analyséieren mol méi an d'Déift eng vun dëse "Brécken" : d'Adoptioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit par option.

An engem Volet vun der Acquisitioun vun der Nationalitéit par option geet et dorëms, datt en auslännescht Kand, wat hei zu Lëtzebuerg gebuer gouf a seng Schoul siwen Joer laang hei am Land gemaach huet, d'Nationalitéit vum Groussherzogtum ufroen kann, wann e seng 18 Joer krut. Déi betraffe Persoun muss allméiglech Dokumenter ofginn a dunn e Formulaire ausfëllen. Dunn gëtt de Fall fir véier Méint beim Justizminister behandelt, wou dann d'Nationalitéit accordéiert gëtt oder refuséiert.

Um Pabeier kléngt dat wéi e supper Erfolleg vun eiser Lëtzebuerger Administratioun fir d'Integratioun ze vereinfachen a d'Uzuel un Lëtzebuerger usteigen ze loossen. Mä mir mussen eis ëmmer drun erënneren, datt déi betraffe Leit hei am Land gebuer sinn a mindestens siwen Joer laang eng Lëtzebuerger Schoul besicht hunn. Respektiv kënne mir bal dovunner ausgoen, datt 90 Prozent vun deene Leit vun der Spillschoul un bis d'Première hei gemaach hunn. Déi Leit kennen dann déi nämlecht schoulesch Matière wéi d'Lëtzebuerger, dat nämlecht schoulesch Wëssen iwwert eist Land, déi nämlecht Traditiounen, déi nämlecht Feierdeeg a déi nämlecht Sprooch.

Komm mir maachen e klengt mentaalt Experiment : Huele mir mol un, ech géing Iech mat engem Net-Lëtzebuerger, deen säi ganzt Liewen hei am Land verbruecht huet, an engem Zëmmer aspären a Dir misst dann mat em schwätzen. Dunn nach e mol dat nämlecht mat engem Lëtzebuerger dës Kéier awer. Den Hoken ass, datt Dir net wësst, ween den Auslänner ass a ween den Gebürtegen ass a Dir musst dat dann ermëttelen. Muncher wäerten et mat Gléck richteg erroden, anerer wäerten dës Chance net hunn a wäerten sech ieren. Wann Dir Iech gëiert hutt, t'ass net schlëmm. Et war och net fair, well esou eppes war nie ermëttelbar gewiecht! Effektiv kann een keen Ënnerscheed tëscht dem Lëtzebuerger Primaner a dem auslännesche Primaner, deen nie eppes aneschters kannt huet wéi Lëtzebuerg, fannen, well keen Ënnerscheed do ass (ausser um Pabeier dann). A wéi sollt dann och do en Ënnerscheed sinn? Wann do en Ënnerscheed wär, wär dat net e Zougeständnis, datt eis Integratiounspolitik null wär?

Mir halen also lo fest : d'Net-Lëtzebuerger, déi hei gebuer sinn a hei hier Schoul gemaach hunn, sinn genee sou "lëtzebuergesch" wéi d'Lëtzebuerger. Ass et dann net sieltsam, datt do eng ganz administrativ Démarche gefuerdert gëtt vun deene "net-lëtzebuergesche Lëtzebuerger" a datt dunn de Ministerium véier Méint laang analyséiert, doktert a reflectéiert, ob d'Nationalitéit sollt verginn ginn, fir um Pabeier just Lëtzebuerger ze ginn? Firwat dat ganzt? Kloer soll een iwwerpréifen, ob d'Dokumenter a d'Scholarisatioun stëmmen, mä dat iwwerpréift sech ënnerhalb vun enger Woch oder guer zwou, awer net vun etleche Méint. Déi betraffe Leit wëllen net d'Lëtzebuerger Nationalitéit fir ze profitéieren oder fir déi ze veronrengegen, mä well se sech als Lëtzebuerger fillen a dëst Land am Häerzen droen.

Zréck ze eiser Geschicht vun de "Brécken", déi ech am Ufank ernimmt hunn. Dëse Volet vun der Acquisitioun vun der Nationalitéit par option ass eng "Bréck", jo! Eng "Bréck", déi ech begréissen. Mä och eng "Bréck mat ville Barrièren op der anerer Säit, woumadder d'Iwwerqueren vun dëser Bréck sech immens erschwéiert". Eng "Bréck" soll verbannen a net onnéideg behënneren a Problemer stellen.

Gabriel Boyadjiev