Eise Lieserbréif-Auteur mécht sech Suergen iwwer d'Verspéidung beim Rembourséiere vu Rechnunge bei der CNS.

A leschter Zäit héiert een ëmmer méi Leit sech bekloen a beschwéieren driwwer, datt et därmoosse laang géif daueren, bis een d’ Sue vun den Doktesch- a Spidolsrechnunge géif erëmkréien. Tatsaach ass, datt di allermannste Leit wuel 2000, 3000 a 4000 Euro op den Dësch bliedere kënnen an dann zwéi Méint op d’ Ofrechnung vun der Krankekeess waarde mussen, et misst da sënn, si huele fir de Rescht vum Mount de Fanger an de Mond.

An dobäi wier et dach esou einfach, den « Tiers payant » wéi an den Apdikten och bei den Dokteren a bei de Spideeler anzeféieren; mee dogéint wieren sech d’ Dokteren a besonnesch d’ AMMD mat Hänn a mat Féiss. Firwat eigentlech?

Et wier elo endlech un der Zäit, datt den zoustännege Minister a firwat net di ganz Regierung hier Responsabilitéit géifen iwwerhuelen an eng – vu bausse gesinn – einfach Léisung décidéieren. Firwat net festleeën, datt d’Krankekeesen, wann se Rechnungen erakréien an se an de Computer setzen, derzou ugehale wieren, Rechnungen vun engem bestëmmte Betrag, z.B. vun 100 Euro un, prioritär direkt ze behandelen; wéinst enger Consultatioun vu 45 Euro brauch wuel kee Versécherten ze knécken an Honger ze leiden.

Well esou richteg déck Beträg sënn hautdesdaags guer net méi seelen. E Scanner, en IRM, eng Operatioun, a scho schéissen di Beträg ganz séier an d’ Luucht a kënne guer net esou einfach iwwer eng länger Zäit verkraft ginn.

Esou eng Regelung kéim alle Patienten zegutt, besonnesch awer deene mat klengem a mëttlerem Akommes.
                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                           
Roby ZENNER