Eise Lieserbréif-Auteur seet eis, firwat d'Greta Thunberg ee Virbild ass.

Ech si virun a puer Woche vu Portsmouth op Plymouth geseegelt. Dat sinn iwwer 100 Séimeilen. Eng wonnerschéi Küst, 200 Meter héich wäiss Fielsen, gréng Koppen, mee Mier ass wëll a rau do, och am Summer. All 2 Joer ass d'Arrivée vun der Fastnet Regatta ebe genau zu Plymouth, esou ewéi och dëst Joer. Et ass eng vun de schwieregste Regattaen op der Welt. Vun 3 Skipperen di dëst Joer matgefuer sinn, an di ech perséinlech kënnen, hunn der 2 missen opginn, no 4 respektiv 5 Deeg Strapazen a rau Konditiounen Dag a Nuecht.

Am 19. Joerhonnert sinn europäesch Auswanderer mat Dampschëffer, deemools modern, a manner ewéi 30 Deeg iwwer den Atlantik gefuer. Haut huelen di meescht Leit ganz bequem de Fliger fir e Weekend zu New York ze verbréngen. Fir Greta ass de Fliger allerdéngs keng Optioun: ze vill Klima schiedlech Emissiounen. Et fiert och keen Zuch an Amerika an Queen Mary 2 ass och keng gutt Optioun. Op enger Iwwerfaart vu Southampton op New York, ginn iwwert eng Millioun Liter schwéieren Ueleg buchstäblech duerch de Kamäi geblosen.

Ewell Greta et awer eescht mengt, bleiwen him net vill Alternativen iwwreg, fir op de UN Klima Sommet zu New York zu fueren, ausser e Seegelboot. Jiddereen dee schonns emol eng Kéier um Mier geseegelt ass, weess dat eng Iwwerfaart iwwer den Atlantik, alles anescht ass ewéi eng Croisière, schonns guer net wann ee mat engem Regattaboot ënnerwee ass, ouni Kajüt, ouni Toilette, ouni leedleche Komfort. Plaz ass kaum um 60 Fouss groussem Schëff, just genuch Plaz fir zwou Matrassen fir den Equipage vu 5 Leit. Zwou Woche laang ass Greta ënnerwee, vill Schlof ass net dran. Ee speziellen Apparat filtert Drénkwaasser aus dem Mierwaasser. Eng richteg Kichen hunn se och net. D'Iessen besteet ass gedréchente Pudder, Vakuum-verpaakt, et gëtt mat e bëssche waarmt Waasser opgeléist, esou wéi Astronauten et maachen. Ewéi gesot, alles anescht ewéi op enger Croisière, a séikrank op esou engem klenge Schëff kann een och nach ginn.

Greta mengt et also eescht, a säi Message ass kloer. Wann mer wëllen eise Planéit schounen an op en oppassen, musse mer ëmdenken, eist Verhalen am Ëmgang mat Ressourcen änneren an op munch Luxus an Zukunft verzichten. Mee et ass machbar. Et kann een och mat engem Seegelboot an Amerika reesen.