Wann een alt emol sou uechter d’Leit freet, wéini dat Münchener Oktoberfest dann entstan ass, da mussen déi meescht bestëmmt passen.

Mä dat war exakt 1810; deemools war eist grousst Hierschtfest ewell eng al Ditti vu…470 Joer!  Klor, datt eis Schueberfouer domat, grad ewéi déi Iechternacher Sprangprëssioun, an d’Rei vun de kulturelle sougenannten ‚imaterielle Werter‘ gehéiert.

Natierlech kann een och an den Himmel kommen, ouni dat ze wëssen, mä de Verglach mat dem Münchener ‚Event‘ ass jo ower net onintressant. D’Proportioune sinn ganz sécher grondverschidden, ower hätt dir dann och gewosst, datt op d’mannst een Drëttel esou vill Leit op eis Fouer komme wéi der op de ‚Wies’n gezielt ginn. Domat ass eis national ‚Kiermes‘ dat gréisst Fest aus enger ganz grousser Géigend; vrun allem well si och nach 3 Wochen dauert, deemno eng Woch méi wéi dat 2 Woche laangt Münchener Oktoberfest.

Intressant och, datt Lëtzebuerg no de geschriwwenen Akten eng ronn 200 Joer méi laang ernimmt ass wéi dat aalt ‚Münnicher‘, wat mer mat deem Numm jo nach am Franséischen an Engleschen als ‚Munich‘ erëmfannen; et huet ganz kloer mat ‚Mönchen‘ ze dinn.  Lëtzebuerg – am Akt vun 963 als  ‚dicitur Lucilinburhuc‘ genannt – hat scho laang virdru bei de Franken, de Réimer an de Kelten eng gewësse Bedeitung. Dat huet alles näischt mat iergendenger Form vu ‚Bretzerei‘ ze dinn; et sinn nun emol einfach historesch Tatsaachen! Datt déi bayeresch Haaptstad eng Weltstad guff, vergonne mir hinne jo ganz gär… apaart well Lëtzebuerg jo eng vun den Europa-Haaptstied ginn ass. Bingo!

Et bleift vläicht och nach eppes iwwer de Charakterënnerscheed  vun deenen zwee flotte Fester ze soen: Op d’Fouer geet een d’meescht wéinst deer typescher Atmosphère, fir mat Frënn oder der Famill e krupsege Fouerfësch, Gromperekichelcher, gebrannten Nëss ze kréien, op „d’Spiller“ ze goen, eng net hysteresch verdeiert ‚Klensch‘ ze drénken… an sech net onbedéngt ‚programméiert‘ volllafen ze loossen. Djee, eis Fouer huet hiren eegene Charakter; si ass och, mä net nëmmen e ‚Béierfest‘. Déi Feier an déi Zäit sinn nun emol eenzeg… a mir bleiwen dem Jang de Blannen dee Merci schëlleg, deen ech a mengem ‚Fouerliddchen‘ an de Refrain (no der Weis vum ‚Kleinen Café‘ / Kärntner) geschriwwen hunn:

 

De Blanne Jang wor dach e feine Kärel;

seng houbescht Iddi ass d’Fouer gewiescht;

dofir gi mir haut nach ëmmer sou gären,

mam Foerschwonk dann eran an den Hierscht!

 

Lex Roth