Spuerkeess- a Postschalter si scho fort, an elo mécht d’CFL zousätzlech d’Guicheten zou.

Am Zäitalter vun der Globaliséierung an der Digitaliséierung muss d’Produktivitéit klammen an d’Kompetitivitéit muss erhalen bleiwen - héiere mir déi politesch Verantwortlech priedegen. An dono froe si sech, wisou d‘Leit sou flämssech sinn, wisou et souvill Angscht virun der Zukunft gëtt, wisou konservativ bis ganz rechts gewielt gëtt?

Villäicht well si hir Privileegien hunn, oder eleng hire Numm schonns duer geet fir sech net mat der alldeeglecher Plo mat där sech déi aner Leit rondrëmschloen, mussen ausernaner setzen? Net esou einfach wann ee krank ass ee rendez-vous bei engem Spezialist ze kréien, ee Bett an der Klinik oder souguer een Eenzel Zëmmer .

Ouni Internet wéi iwwert mäin Geld op mengem Konto verfügen, wéi d’Spuerbuch ofsécheren virum Inflatiouns Verloscht?

Muss een elo säin Zuchticket on-line kafen ? Ouni Guichet op der Gare, wéi sech renseignéieren iwwert verschidden Méiglechkeeten fir vun A op B ze kommen? Wéi kann ee sech sécher fillen an net ze vill erkalen, beim Waarden op den Zuch, deen eng Stonn Verspéidung hott, an dat elo ouni Wartesall? Wéi wëllt een eng Stiedchen um Liewen halen ouni Aarbecht, ouni lieu de rencontre? Wéi wëllt een eng gesond an optimistesch Bevëlkerung hunn ouni Maternité, ouni Policlinique, ouni Generaliste op 40 km am Ëmkrees? Firwat den Osten vum Land vum Rescht ofschneiden mat der Schléissung vun der eenzeger Gare ?

Sou stierft den Service public an domat ganz Uertschaften.

Ween all déi Iwwerleeungen als, naiv, retrograd, etc qualifizéiert, dee soll sech mat lénken, engagéierten, ekonomeschen, soziologeschen an ekologeschen Iwwerleeungen auserneesetzen: wéi wëllt een en effizienten Service public organiséieren ouni „Service“?

Firwat net grad déi bestoend Strukturen, Garen a Postschalter benotzen fir nei (an déi al) Servicer dran unzebidden, vum Jugendhaus zum Office Social asw., eng Zort Biergerzenter vun a fir d’Bierger an d’Biergerinnen, ob jonk oder al, ob nei zougezunn an der Gemeng oder do opgewuess, fir Flüchtlingen oder Immigranten ... Ee Café gehéiert dohinner wou Leit sech treffen, sech wiermen oder op de nächsten Bus oder Zuch waarden. De Gérant vum Café kann Infoen ginn an Billeten verkafen. An dat besonnesch an Uertschaften wéi Ettelbréck, Miersch, Waasserbëlleg, asw. Dëst si jo Platzen wou an der Zukunft nach méi Leit wunnen an deemno och den ëffentlechen Transport benotze wäerten. Am Ausland hunn se gutt Erfarungen domat gemaach. An deem Sënn, mussen och erëm déi Garen opgemaach ginn, déi viru Joren zougemaach goufen, zBsp, Wolz an Dikrech. Jiddereen muss dach erkennen datt een d’Leit net an de Zuch ka lackelen wann een d’Garen zoumécht, jo villäicht souguer ofrappt.

„Let’s make it happen“, aplaz, „let’s shut everything down“ !

Jean Lichtfous