De Politikum em di sougenannt geheim Casieren...

... Fichieren also, déi vun de Sécherheetsautoritéiten mat e sëllechen Informatiounen iwwer d’Bierger gefiddert ginn, hält eist Ländchen säit Mee dëses Joers an Otem. Wat genau do dra steet, wien Accès op wéi eng Donnéeën huet a wéini bestëmmten Anträg verjäert sinn oder beispillsweis an der Suite vun engem Acquitement viru Geriicht geläscht ginn, do gëtt et, nach ëmmer, e grousse Flou. An dat ass den eigentleche Skandal. Datt Sécherheetsorganer Informatiounen sammelen an späicheren, dat ass legitim a vir d’Defense vun der Sécherheet vun eis alleguer, an engem strikt reglementéierte Kader, och noutwenneg. Iwwer dee strikte Kader ginn d’Meenungen allerdéngs méi oder manner wäit auserneen.

Et ass kaum ze gleewen, datt an eisem Ländchen offenbar net kloer ass, wat mat den diverse gesammelten Donnéeë geschitt a wien wéini, wou an a wéi engem Kontext dorop kann zréckgräifen, respektiv ob déi Donnéeë an hir Form iwwerhaapt richteg sinn wéi se an dëser oder där Datebank vun den Autoritéite stinn. An enger Zäit, wou Dateschutz an Dateklau, respektiv Datemëssbrauch eng ëmmer méi grouss Roll spillen, däerf et bei esou engem sensibelen Thema keng Willkür a kee Flou ginn. Scho guer net vu Säite vum Staat, well dat zerstéiert d’Vertrauen an eis Institutiounen. Wéi kann ee soss zum Beispill vun engem Betrib verlaangen, datt dat europäescht Dateschutzreglement och konsequent applizéiert gëtt?

An där ganzer Casiersproblematik ass notamment di lethargesch Positioun vun der Dräierkoalitioun méi wéi erstaunlech, misst dach grad si an der Vergaangenheet a punkto problematesch Methoden vu Säite vun de staatlechen Autoritéiten enges Bessere beléiert gi sinn. „Wer bewacht die Wächter?“ ass en Artikel aus der Zäitschrëft Forum aus dem Joer 2007 iwwerschriwwen, wou de Lex Folscheid, fréiere Fraktiounssekretär bei de Bloen an aktuellen éischte Regierungsrot vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch, d’Affär aus de Joren 1998-2003 tëschent dem deemolege Journal-Chefredakter Rob Roemen an dem och deemolegen CSV-Inneminister Michel Wolter opgräift. E klenge Commentaire aus der Fieder vun deem Rob Roemen stoung ënnert dem Titel „Minister Wolter der Steuerhinterziehung überführt“. Konkret goung et em eng Geldstrof vun 100.000,- Frang déi den deemolege Minister Wolter vum Enregistrement opgedréckt kritt hat. Déi Affär ass a leschter Instanz virun der europäescher Cour vun de Mënscherechter zu Gonschte vum Rob Roemen op en Enn gaangen.

Vir erauszefanne wien den Informant an de Reien vun der Enregistrementsverwaltung war, duerch deen de Journalist déi delikat Informatioun iwwert de Minister kritt hat, hunn eis Sécherheetsorganer sengerzäit vu méi wéi zweiwelhafte Methoden Gebrauch gemaach. Et koum an deem Zesummenhang net nëmmen zu Perquisitiounen beim Journalist doheem, an der Etüd vu sengem Affekot, respektiv zu Retracementer vun Telefonsverbindungen vum Journal-Chefredakter. Neen, d’Enquête, wann een se dann esou nenne kann, ass esou wäit gaangen, datt och Telefonsverbindungen vun der LSAP-Chamberfraktioun retracéiert goufen. D’Sozialiste waren an de Joren 1999-2004 an der Oppositioun. Di aktuell Debatt kritt also virun deem Aspekt eng interessant Nues, net zulescht, well och scho sengerzäit am Kader vun där Enquête Donnéeë vun etleche Leit ouni deenen hiert Wëssen gesammelt an iwwerpréift goufen, respektiv déi Leit net woussten wat duerno nach alles mat deenen Donnéeë geschitt ass oder zumindest hätt kënne geschéien.

D’Affär em di sougenannte Geheimcasieren, si gläicht awer och där vu virun e puer Joer beim Service de Renseignement. Och do ass et ënner anerem em Fichieren gaangen, déi de Geheimdéngscht während Joren éischter willkürlech iwwer bestëmmte Bierger an Aktiviste gefouert huet. Verschidde Protagonisten aus der jëtzeger Dräierkoalitioun hunn an der SREL-Enquêtekommissioun 2013 bekanntlech eng zentral Roll gespillt. De finale Rapport vun där Kommissioun, an där de François Bausch Rapporter war, hat schlussendlech zu Neiwale gefouert opgrond vun deenen et zu engem historesche Regierungswiessel sollt kommen.

Bei där aktueller Problematik geet et allerdéngs net just em eng Rëtsch auserwielten Staatsdénger déi – am Optrag vun enger Regierung oder och net – Informatiounen iwwer e puer supposéiert politesch lénks oder kommunistesch orientéiert Rebelle sammelen, neen, hei geet et em eppes nach vill méi Fundamentales. Et geet méiglecherweis em di systematesch direkt oder indirekt Iwwerwaachung vun eis alleguer. Em Datebanke wou e Groussdeel vun der Allgemengheet kann ouni hiert Wëssen fichéiert sinn, a wou eng enorm Unzuel u Beamten kann einfach esou, mir näischt dir näischt, Informatiounen iwwert hire Noper oder d’Ex-Frëndin vum neie Partner anhuelen. Datt vill ze vill Leit Zougrëff op de sougenannte fichier central hunn an den Zweck net ëmmer kloer ass, dat huet och di national Dateschutzkommissioun festgestallt.

Iwwerraschend a schwéier ze verstoen ass virun dem Hannergrond och dat, wat ech dëser Deeg an engem internen Dokument vun enger renomméierter Gewerkschaft liese konnt. Am Verbatim vun enger Sëtzung heescht et vun engem Spëtzefonctionnaire wiertlech „dass die Problematik über den „geheimen casier“ in aller Munde ist, es jedoch politisch wichtigere Themen momentan gibt“.

Wann ee weess datt bei der SREL-Affär  ebe just eng Rei Leit vum lénkse politesche Spektrum viséiert waren, dann ass dat carrement onverständlech an ech stelle mir Froen iwwer di politesch Wahrnehmung vun deene Leit déi jo eigentlech sollten d’Klammer representéieren, déi eis Gesellschaft zesummenhält.

Deemools, 2007, war de Lex Folscheid der Opfaassung, datt virum Hannergrond vun der Affär Roemen-Wolter, de Staatsapparat eng bedreelech Eegendynamik entwéckele kéint, déi net emol virun de Fundamenter vun engem demokratesche Rechtsstaat Halt mécht an et sech réckbléckend em eng „wahre Krise der staatlichen Institutionen“ gehandelt hätt.

Dem ass näischt bäizefügen.