An engem interessanten Artikel vum 26. Oktober op RTL 5 minutes si mer iwwer dem Jeremy Rifkin seng Visiounen informéiert ginn :

« Jeremy Rifkin prédit la fin de notre civilisation en 2028. »

« La civilisation centrée sur les énergies fossiles va s'effondrer d'ici à 2028 pour être remplacée par une nouvelle économie basée sur le solaire, l'éolien et le numérique prédit l'essayiste et économiste américain Jeremy Rifkin.

Jeremy Rifkin, qui a conseillé de nombreux responsables politiques dont le gouvernement luxembourgeois, part du constat que le solaire et l'éolien deviennent si bon marché que leur coût moyen est désormais moindre que celui de l'énergie nucléaire, du pétrole, du charbon ou même du gaz naturel. »

Den aktuellen Energiesystem wäert sech no dëser Visioun zu der gréisster Wirtschaftsblos entwéckelen, déi et an der Geschicht gouf. Dës Blos soll also bis 2028 platzen, a vollstänneg vu Wand- a Solarenergie ersat ginn.

Dësen Discours passt perfekt an den aktuelle politesche Storytelling, wou de „Leit dobaussen“ eng Zukunft mat 100% erneierbaren Energië versprach gëtt. Mir hunn eng Klimaurgence an dofir mussen d’Leit eng schnell a kuerzfristeg Perspektiv vermëttelt kréien. An d’ökoliberal Politik brauch elo d’Akzeptanz vun der Bevëlkerung fir dat de gréissten Industrialiséierungsprozess vun eise Gréngzonen mat Fotovoltaikparken a Wandindustriezone kann duerchgezu ginn.

Komme mer awer emol vun de Visiounen nees kuerz zeréck op de Buedem vun der Realitéit.

Wand- a Solarenergie gi säit ronn 20 Joer developpéiert. Wou sti mer haut ? Si mer prett fir 2028 ?

Fossil Energien decke ronn véier Fënneftel (!) vum weltwäiten Endenergieverbrauch.

Wandenergie a Fotovoltaik komme no iwwer zéng Joer zesummen op ronn een Honnertstel (!) vum weltwäiten Endenergieverbrauch. Do hu mer awer elo e klenge Problem wa mer presséiert sinn, well hei bräichte mer reng rechneresch jo dann iwwer 1.000 Joer, also e wéineg méi ewéi déi ugekënnegt 10 Joer.

Mä, kréie mer da net reegelméisseg den Androck vermëttelt, dat den Ausbau vun erneierbaren Energien sech ëmmer méi séier developpéiert ?

Huele mer d’Beispill vun der Wandenergie, dem Haaptpilier vun der Energiewend. Wéi gesäit hei de rezenten Ausbau vun der installéierter Leeschtung aus ?

Weltwäit ass de Niveau vum Ausbau tëschent 2015 an 2018 ëm ronn 20% RÉCKLEEFEG.

An Europa ass de Niveau vum Ausbau am Joer 2018 par rapport zum Virjoer esouguer ëm ganzer 33% zeréckgaangen.

Ganz haart trëfft et de weltwäit drëttgréisste Wandstroumproduzent Däitschland :  hei goufe jo an de leschten 20 Joer ronn 30.000 Wandanlagen opgeriicht. Abee, am éischte Semester 2019 sinn hei Netto ganzer 35 (!) Anlagen dobäi komm.

Hei gesi mer ganz konkret e Marché, deen op der Saturatioun ukomm ass.

De Bundesrechnungshof an de Sachverständigenrat kritiséiere reegelméisseg déi däitsch Energiepolitik, well se extrem deier ass a kaum Wierkung am Klimaschutz weist. Wisou wëll Lëtzebuerg dat elo kopéieren?

E Montage vum Auteur vum Bréif.

D’Saturatioun huet ekonomesch an technesch Ursaachen :

Och wann eis suggeréiert gëtt, dat dës Energie ëmmer méi bëlleg gëtt, schéngt se awer sensibel drop ze reagéieren, wa Subventiounen deelweis ewech briechen. D’Entwécklung vun de Käschten gëtt op der Basis vum „Levelized cost of energy“ och schéingerechent, well wesentlech Systemkäschten bei volatilen Energien einfach ignoréiert ginn, ewéi zum Beispill de noutwendegen Ausbau vum Stroumnetz, oder déi ëmmer méi heefeg Stabiliséierungsmoossname vum Stroumnetz (fir déi Däitschland all Joer e puer Milliarden Euro muss ausginn ouni domat och nëmmen eng eenzeg KWh ze produzéieren), oder och nach déi astronomesch Käschte fir eng an Zukunft noutwendeg Energiespäicherung.

D’Saturatioun gesäit een och an der enorm héijer Zuel vun 30.000 Wandanlagen, déi awer nach wesentlech misst ausgebaut ginn, well se just ronn 4% vum däitschen Endenergieverbrauch duerstellen. Dës invasiv Industrialiséierung vun de Gréngzonen a vun dem ländleche Raum gëtt vun der betraffener Bevëlkerung net méi akzeptéiert. Ronn dausend federéiert Biergerinitiative wiere sech mat juristesche Mëttele géint den ongehemmten Ausbau vun der Wandenergie a fir eng mënschewierdeg Liewensqualitéit, a fir dat de Landschafts- an Aarteschutz net méi fir e Subventiounsbusiness geaffert ginn. D’Wandlobby ass dofir elo aktiv ginn, a fuerdert ganz ongenéiert eng Oplackerung vum däitschen Aarteschutzgesetz an eng Vereinfachung vun de Prozeduren fir dat Geneemegungsverfahre kënne beschleunegt ginn.

Eng aner technesch Ursaach vun der Saturatioun ass déi ëmmer méi schwiereg Integratioun vun de Leeschtungsschwankunge vum Wandstroum an d’Stroumnetz. Däitschland muss ëmmer méi heefeg onbrauchbar Leeschtungsspëtzte verwerfen, a kritt op där aner Säit Leeschtungsdefiziter am Stroumnetz net méi aus eegener Kraaft an de Grëff. D’Volatilitéit vu Wand- a Solarenergie ass e physikalesche KO-Faktor, an dat gesäit een elo an der Realitéit.

An de leschte Jore sinn an Däitschland zéngdausende vun Aarbechtsplazen an der Wandindustrie ewechgebrach. Eleng am Joer 2017 goufen 26.000 Aarbechtsplazen ofgebaut (minus 17%), méi ewéi insgesamt an der Braunkohle aktuell beschäftegt sinn. D’Firma Senvion ass dëst Joer faillite gaangen, an och grouss Firmaen ewéi z.B. Siemens a Vestas hu misse Plazen ofbauen.

Den däitsche Modell huet den däitsche Bierger bis elo ronn eng hallef Billioun Euro kascht, a stécht ouni nennenswäert Resultat an enger ekonomescher an technescher Sakgaass. Hei ass eng Blos konkret am Gaang ze platzen, net eréischt am Joer 2028.

Déi visionär Energie vun der Zukunft ass an der Realitéit an engem totalen Zesummebroch. D’Wandlobby struewelt fir hiren ëmweltschiedleche Subventiounsbusiness ze erhalen, a brauch dofir d’Propaganda vun engem Jeremy Rifkin, a ganz konkret brauch se dringend en europawäite Klima- an Energieplang, wou fest Ausbauziler plangwirtschaftlech a gesetzlech verankert ginn.

Lëtzebuerg ass an der freedeger Erwaardung vu „sengem“ Klima- an Energieplang 2030.

Waarde mer bis 2030, oder solle mer eis net elo scho léiwer dofir asetzen, dat eis Natur an eis staark zersidelt Landschaft geschützt ginn, géint en ëmweltschiedleche Subventiounsbusiness, a géint den invasiivsten Industrialiséierungsprozess vun eise Gréngzonen, déi och nach an e puer honnert Joer kee positiven Impakt op eist Klima wäerten hunn ?

Op wéi enge wackelege Féiss dem Här Rifkin seng visionär Energiestrategie fir Lëtzebuerg steet, kann een an dem Bäitrag Dem Rif-Kinnek seng nei Kleeder noliesen, dee virun engem Joer hei online goung.