Nach net esou laang hier, du war dat Wuert „Bauer“ e Schimpfwuert, en Diminutiv – ënner deene „Studéierten“.

Haut mussen d‘Nokommen op d‘Schoul goen, fir den „Haff“, deen als Betrib gefouert muss ginn, kënnen um Funktionéieren ze halen. D‘Elektronik, an d‘Konkurrenz um internationale Maart, zwéngen, mat der Zäit ze goen, à jour ze sinn, net nëmme fir de Konsument, mä, fir och nach selwer ze iwwerliewen.

Wann ee méi eeler Biller a Fotoe kuckt, wou ganz Bauerefamilljen um Feld stoungen, an der praller Sonn, de ganzen Dag gebéckt, fir d‘Onkraut tëschent de Rommelen, mat Hand an Heel, ze eliminéieren, da gi bestëmmt bei munch eeler Lieser Erënnerunge waach. Wann d‘Hee era geholl ginn ass, - schonn eleng dee Geroch -, do hat och vläicht deen een oder aner Lieser d‘Chance, op dem Réck vun engem schwéieren Ardennerpäerd dierfen ze sëtzen. A wien war net frou, mat dem Bauer sengem Jong, an der Vakanz d‘Kéi dierfen op der laanger Wiss mat ze hidden? Oder war et heemlech wéinst dem Hond, deen ëmmer derbäi war, fir deen ze heemelen? An am Stall duerno, fir déi kleng Katzen an d‘Schippelcher op den Aarm ze huelen. All dat, well doheem, wou op „Propretéit“ gehale ginn ass, sou en Hausdéier net huet dierfen eran?

„Zeréck zu der Natur!“, gëtt zwar haut (nach) net geruff, mä, de Sproch läit an der Luucht. All déi grouss „Mailer“ trauen sech net sou richteg, sech ze iwwerwannen, an en auszespriechen. Si stelle léiwer Fuerderungen, un di „Aner“! Ass och méi einfach! Et kéint jo mol een op d‘Iddi kommen, si ze froen, si anzelueden, an där laanger a wärend deene ville Vakanzen, wou eng sënnvoll Selwerbeschäftegung ëmmer méi schwéier fält, mat op d‘Felder ze goen, pardon, ze fueren, oder am Stall, fir eng Hand mat unzepaken. Fir esou och real ze erliewen, sech bewosst ginn, wat se eigentlech wëlles hunn. D‘Händsche géinge souguer gestallt ginn, fir nëmme keng Bloder ze erwëschen oder eng Holzspläiter, déi mol beim Schaffen ënner d‘Haut geréit.

Keng Pestizide méi gebrauchen, wéinstens keng chemesch, dann awer e puermol wärend der Vegetatioun mat deene schwéiere Gefierer iwwer d‘Feld fueren, wou all Kéier erëm deen opgelockerte Buedem kompriméiert gëtt – duerfir gëtt et en technesche Fachausdrock – a soumat manner op deene Plaze wiisst. Oder vläicht entsteet, entwéckelt sech och da spontan déi Hëllefskraaft, - éierenamtlech, versteet sech! -, déi gären d‘Onkraut „zupfe“ kënnt, wann da gebraucht?

Kloer, et mierkt een et selwer, d‘Insekte stierwen of, an d‘Bestäubung vun de Bléien ass a Gefor oder net ëmmer méi sou garantéiert. A nëmme keng vu Mënschenhand modifizéiert Planze produzéieren an ubauen! Well, wien interesséiert et schonn, wann domat deene ville Leit mat schwéieren Allergien oder soss Aliment-Onverdréiglechkeete kéint gehollef ginn? Z.B Gluten fräie Weess? Oder verschiddene Planzen dee Gen asetzen, dee verhënnert, datt och wärend der grousser Hëtzt, d‘Planze manner Waasser brauchen? A gewësse „zônes arides“ wuesse souguer meterhéich Kaktussen; op aner Planzen aner Sträich, an dat praktesch ouni Reen!

Oder steiere mer net, trotz dem Wësse vun deene 97% Klimatologen, dach op eng klimatesch „kleng Kälteperiod“ zou? Dat niewebäi!

Dach léiwer de Fortschrëtt hei bremsen an nei Erkenntnisser net wëlle wouer hunn oder se ëmsetzen? Sou kréien och aner Länner eng Chance, eis hir Errongenschafte spéider deier ze verkafen. Dobäi ginn awer ëmmer méi Ubauplaze gebraucht, fir déi vill Mäiler sat ze kréien, Plazen déi fir d‘Planze verschwannen, wa méi Bauplaze gebraucht ginn.

A wien seet eis, vläicht och absichtlech net, datt d‘Stralung vu G4 an elo geschwënn vu G5 den Insekten d‘Liewe schwéier bis onméiglech mécht? Iwwerall stinn dach där Masten, fir och dee klengsten Eck permanent kënnen ze bestralen. Déi Fro gëllt natierlech och fir d‘Vigel, déi angeblech jo d‘Kazen – och bei eis? - schamlos diminuéieren!

Dat kann dach alles net sinn, well, als logesch Suitte et dann heescht, dee „smarte phone“ bleift vun elo un doheem oder permanent ausgeschalt. Da wier eng aner Gefor awer grouss, d‘Orientéierung, beim net nëmme jonke Mënsch, kéint dann total verluer goen.

Léiwer dem „Bauer“ d‘Schold an d‘Schong schëdden. Do fënnt een e konkreten Unhaltspunkt; also DE Schëllegen! Awer mat onsiichtbare Stralen, déi een och nach net spiert? D‘Klima, dat spiert ee wéinstens all Dag. Och wann een domat d‘Wieder mengt. Et sief dann!

Dat schéngt wéinstens jiddereen ze verstoen.

Just de Bauer, dee versteet haut kee méi!