Wat ass net schonn alles iwwert dëse Sujet geschriwwen an diskutéiert ginn. D’Wunnengsproblematik ass jo net nei, huet awer an de leschte Joren enorm u Brisanz gewonnen.

Déi lescht Präisentwécklunge sinn, och fir Lëtzebuerger Verhältnisser, astronomesch. Dëst huet eng ganz Partie vu Grënn. Een Haaptgrond hei ass ganz kloer déi ronn 12.000 nei Awunner déi Joer fir Joer op Lëtzebuerg kommen. Dëst bedéngt duerch deen, haaptsächlech vu Regierungssäit, geförderten ongebremsten héije Wuesstem un Aarbechtsplazen an den Zouzuch vun ëmmer méi Entreprisen. Wa mir Joer fir Joer just tëschent dräi a véierdausend Wunnenge schafen, där awer iwwer 6.000 all Joer brauchen, bedéngt dat eng ëmmer méi grouss Diskrepanz tëschent Offer an Demande, an ergo och déi enorm Präissteigerungen hei.

Dozou kommen dann nach een Immobilismus vu Regierungssäit, wou innerhalb vu 6 Joer 4 Ministeren hei responsabel waren, mat deem bekannte Resultat elo. Eng TVA Erhéijung vu 14% op deene Wunnengen, déi fir de Verkaf respektiv Locatioun geduecht sinn, an een ëmmer méi offensichtleche géigesäitege Blockage tëschent Ëmweltminister a Logementsminister, respektiv deem vun der Landesplanung, an och vis-à-vis vun de Gemengen, déi, och wa se Projeten ëmsetze wëllen, hei ganz oft ausgebremst ginn.

Net ze schwätze wat des Präisentwécklung fir all déi Läit bedeit, déi eng Wunneng sichen. Hei klëmmt doduerch den Undeel vun den Ausgaben, vum disponibele Revenu, fir de Logement ëmmer méi, a bedeit doduercher fir ëmmer méi Läit ee steigende potentiellen Aarmutsrisiko.

Lo kann ee sech eng ganz Partie vu Mesurë virstellen, déi jo och am Raum stinn, fir hei méi Logementer ze schafen, respektiv de Mënsche finanziell ze hëllefe beim Kaf oder Locatioun vun enger Wunneng, déi och deelweis bestëmmt Sënn maachen an eventuell zu enger Steigerung vun der Offer kéinte féieren.  Mir mussen et fir alleréischt fäerdeg bréngen de Retard opzehuelen a gläichzäiteg awer och dofir suergen, datt an Zukunft d’Demande u Logementer, spréch den Zouzuch vun neien Awunner, spierbar zréckgeet an deenen nächste Joren.

Eppes ass ganz sécher, mir bréngen et net fäerdeg den Tempo beim Baue permanent esou ze steigere fir der aktueller Demande ze entspriechen, eleng vun de Kapassitéiten hier gesi vun der Bauwirtschaft, déi elo schonn um ieweschte Limitt sinn. Wa méi Wunnenge gebaut ginn, bedéngt dat jo och méi Infrastrukturen, am Waasserberäich, Mobilitéit a Stroossebau, Schoul a Maison Relais etc. déi néideg ginn, respektiv och ons sozial Systemer (Gesondheets- a Pensiounskeess) enorm belaascht. Wat och erëm de Landverbrauch steigert, an dee gëtt et jo definitiv net onendlech bei ons zu Lëtzebuerg. Ouni elo méi genau op den doduerch bedéngten negativen Impakt op d’Natur an de Klima hei anzegoen, hei brauch ee just de Beruffstrafic kucken deen, och mat den Investitiounen an den ëffentlechen Transport hautzedaags, et wahrscheinlech emol net fäerdeg wäert bréngen de plus un Trafic deen all Joer dobeikënnt ze kompenséieren.

Ee vun de Haaptacteuren hei si jo d’Gemengen, där hier Aufgab am Logement ëmmer méi grouss dierft ginn. An zwar haaptsächlech hei am Beräich vum bezuelbaren, respektiv dem soziale Wunnengsbau. Dëst hei souwuel am Locatiounsberäich awer och fir ze verkafen, dëst dann awer, wa méiglech, just iwwert ‚bail emphytéotique‘. Eng Steigerung vun dëser Offer wäert jo dann hoffentlech zu enger Brems bei der Präisdeierecht bäidroen. Dës Steigerung ass momentan jo limitéiert op déi dofir ausgewise ‚Baulandflächen‘. Dat si ronn 1.000 Hektar sougenannt ‚Baulücken‘ a ronn 1.700 Hektar mëttelfristeg bebaubar Flächen am Bauperimeter.

Wëssend datt déi Flächen net all esou séier mobiliséiert kënne ginn, muss een hei och de Gemengen d’Méiglechkeet gi fir Flächen ze mobiliséieren, déi momentan net am Bauperimeter leien, dofir awer et vun der geographescher Lag hier gesi géif Sënn maache fir hei Projeten ze realiséieren, wou d’Gemengen, respektiv de Staat, dann och bezuelbare Wunnraum kënne schafen.

Déi privat Acteure mussen awer ëmmer nach de Gros vun de Logementer bauen, dofir mussen déi och vun der Politik ënnerstëtzt ginn an hirem Rôle. Dofir fannen ech et scho bedenklech, wann hei den neie Logement Minister, den Här Kox, mengt datt et net säi Problem wier wann déi privat Bauträger net matmaache wëllen an deem Kader, deen hien sech virstellt.

Ech widderhuele mech awer hei dann och, eng wesentlech Steigerung vum Wunnengsbau ass net permanent méiglech, muss also esou gesteiert ginn, datt et och Sënn mécht. Den ‚A und O‘ bleift hei eng spierbar Senkung vun onsem demographesche Wuesstem, ouni dëst ass alles just Geflécks, a wäert mëttelfristeg fir Lëtzebuerg nach méi Problemer bedeiten.

BODEN Jean

Gonnereng