Den Hierscht ass do, d'Temperature falen an et reent. Et ass ee villäicht net sou gutt drop an et setzt een am léifsten doheem, wou et waarm ass.

Ech weess net op et d' Monotonie ass oder einfach Frust, deen d' Leit dozou feiert iwwert aner Mënschen an och Beruffsgruppen hier ze zéien. Et ass eng Melancholie an deeër ech mech erëm fannen wann ech kucken wat  Leit op de sozialen Netzwierker iwwert mäin an och nach aneren Leit hire Beruff schreiwen. Net nëmmen datt Politik an Medien ëmmer erëm Negativ iwwert de Beruff vum Bauer hierzéihen, elo sinn et och d' Leit déi sech net kennen zeréckhalen.

Bannent 3 Deeg sinn op de sozialen Netzwierker Fotoen vun Béischten am Bulli opgedaucht. Wann een dann d' Kommentare liest, dann schéngen d' Leit sech eens ze sinn datt déi Béischten déi am Bulli stinn eng Apokalypse mussen duerchstoen.

Datt op de Fotoen ze gesinn ass datt de Räscht vun der Wiiss Bulli fräi ass, interesséiert dann keen méi an d' Leit stierzen sech wei wëll Déieren op hiert Opfer. ( An deem Fall de Bauer )

Déiereschutz ass jo en grousst Thema an et ginn verschidden Usiichten. Et kann een soen datt d' Leit géint Massendéierenhaltung sinn an se nëmmen dat bäscht fir d' Deier wëllen. Dat schéngt eng Ligen ze sinn.

Leif Hater vun de Baueren, mat esou Fotoen an Kommentaren bewierkt dir, datt d' Baueren hier Béischten gläich net méi kennen eraus loossen. Et ass een beschränkt Denken wat verschidden Leit vun sech ginn.

An Zukunft Leif Leit froen d' Baueren Iech dann wéini een Béischt op d' Wiiss dierf an wéini net. De Veterinär kennen mer eis dann och spueren well dir duerch är Omniszienz alles wësst.

Datt et de Béischten net kal ass an datt et manner Risiko mat sech bréngt wann se dobaussen sinn well keen agesinn well et anscheinend en Genoss ass iwwer aner Leit hierzezeihen.

Informéiert Iech éier der esou Saachen verëffentlecht an denkt doriwwer no, wiem der wierklech domadder schued.

Traureg ass awer och datt eisen Landwirtschaftsminister seng eegen Leit net a Schutz hellt. Här Schneider, dir misst et sinn deen Partei ergräift an fir d' Baueren antrëtt. Et kann net sinn, datt en ganzen Beruffsstand vun der Gesellschaft diffaméiert gëtt.  An grad de Minister fir Landwirtschaft misst dach do ganz kloer Wieder fannen.

Net nëmmen d' Baueren mee och d' Jeeër ginn am Internet diskreditéiert an et gëtt sech gefreet wann ech Accident geschitt bei deem e Mënsch em d' Liewen komm ass.

Wann d'Leit esou weidermaachen dann mussen se iergendwann op Chemesch Liewensmëttel ëmklammen, well d' Baueren maachen net éiweg esou weider. Hutt e bëssen Respekt géintiwwer aneren Mënsch an frot Iech firwat déi Béischten am Bulli stinn wann de Räscht vun der Wiiss net am Bulli ënnergeet. Déi äntwert loossen ech dann op, an dir kennt se hoffentlech mat genuch Erkenntnis selwer beäntweren.