ech schreiwen Iech wéint zwou Problematiken op eisen öffentlechen Stroossen, déi mir um Häerz leien. Als Minister fir Mobilitéit hutt Dir e Poids an eng grouss Verantwortung am Decisiounsprozess, an ech vertrauen voll a ganz dat Dir an denen nächsten Méint folgend Punkten unschwätzen wäert, dat an der Optik vun der Vermeidung vun weideren Verkéiersaffer op eisen Stroossen:

An den Tunnelen zu Lëtzebuerg gëtt vill ze oft wäit iwwert déi erlaabten Vitesse gefuer. An menger Fuerpraxis vergeet keen Dag wou net Leit mat 130 km/h an méi duerch Tunnelen wéi deen vun Gousseldeng fueren. Doriwer eraus ginn déi Leit, déi d'Vitesse anhaalen regelméisseg op eng enorm aggressiv Art an Weis ënner Drock gesaat, dat andeems d'Secherheetsdistanzen op eng absurd Manéier ënnerschratt ginn.

Mir ass et ewell oft Mol virkomm, dat ech mam Motorrad en Autofuerer op engem Meter (!!!) hannert mengem henneschten Rad gesinn hunn, an 2018 huet en Autofuerer am Lorentzweiler Tunnel versicht mech an d'Mauer ze drängen well ech net "schnell genuch" ennerwee wor (95 km/h Compteur). Am Däitschen Code de la route gëtt et den Tatbestand vun der "Nötigung", an am Lëtzebuerger Code gëtt et den Délit de "Conduite dangereuse".

Leider ginn dess Punkten vun der Police net konsequent kontrolléiert an bestooft. Wéisou ginn an den Tunnelen net konsequent stationär Radaren installéiert? Wéisou ginn déi Leit, déi Drängler an geféierlech Fuerweisen net méi konsequent zur Rechenschaft gezunn?

Kéint Dir mir w.e.g. op dess Froen en Feedback ginn. Et wier wierklech un der Zäit eng seriös präventiv Campagne ze starten, déi fir méi Sëcherheet op den Stroosen suergt. Et geet net duer mat stationären Radaren Geschwindegkeetsiwwerschreidungen vun e puer km/h mat 50 € ze sanktionéieren, mee et mussen déi Punkten ungeschwaat ginn, déi wierklech geféierlech an fahrlässeg sinn a fir vill Misère an den Famillen zu Lëtzebuerg suergen.

Mat frëndlechen Gréiss,

Pascal Seil