Vill gëtt driwwer geschwat wéi gutt homosexuell Leit et hei zu Lëtzebuerg dach hunn a wéi progressiv mir géigeniwwer verschiddenen anere Länner sinn. Mee wéi gläichgestallt sinn gläichgeschlechtlech Koppelen dann eigentlech hei zu Lëtzebuerg?

Op deen éischten Bléck schéngen se effektiv mat heterosexuellen Koppelen gläichgestallt ze sinn. Awer och just zu engem gewëssenen Deel. Well soubal bis Kanner am Spill sinn, da mierkt een eréischt, dass et net esou ass. Déi sougenannten Reeboufamilljen stinn méi wéi emol virun Diskriminatiounen, well villes net bis zum Schluss duerchduecht ginn ass an d’Gesetzer nëmmen zum Deel geännert an ugepasst gi sinn.

D’Regierung huet sécherlech déi lescht Joren eng gutt Aarbecht geleescht um LGBTQI Plang, och de Premier Xavier Bettel steet zu senger Homosexualitéit a fäert net fir och ëmmer nees am Ausland Verschiddenes unzeschwätzen. Mee wéi gesot, hei a sengem eegene Land ass och nach net alles wéi et kéint a sollt sinn.

Mir, dat sinn meng Fra, eis dräi Kanner an ech, sinn dann elo endlech, fënnef Méint no der Gebuert vun eisem drëtte Kand, och virum Gesetz als Famill mat dräi Kanner unerkannt. All eis Kanner hunn elo ganz offiziell zwee Elterendeeler, an eisem Fall eben zwou Mammen. Sou selbstverständlech wéi dat kléngt, war dat awer guer net. Mir sinn zwar wuel bestuet an awer hu mir eis eegen Kanner mussen géigesäiteg adoptéieren...

D’Kanner kréien war dee mannsten Problem, iwwerall si mir ganz oppen empfaangen ginn an enger PMA stoung näischt am Wee. Soll d’Kand dann awer bis op d’Welt kommen, da sti mir virun engem éischten Problem: deen sougenannten Pappecongé. Laut Gesetz ass dëse Congé just fir den « agent de sexe masculin » virgesinn an deemno kritt och keng Fra deen accordéiert. Rechtlech gesinn, ginn ech also net vu menger Aarbecht fräigestallt fir bei der Gebuert vu mengem eegene Kand dobäi ze sinn an duerno seng éischt Deeg mat him a menger Fra zesummen ze verbréngen.

War ech dann awer bei der Gebuert vu mengem Kand dobäi, dann däerf ech et zwar wuel op d’Gemeng umelle goen, kann et awer net als mäi Kand unerkennen, och net wann ech mat der Mamm vum Kand bestuet sinn. E Mann däerf dat awer, egal op hien den biologeschen Papp vum Kand ass oder net, dat gëtt guer net a Fro gestallt - ass d’Koppel bestuet, gëtt de Mann vun der Fra automatesch als Papp vum Kand unerkannt (Art.312 vum Code Civil “L'enfant conçu pendant le mariage a pour père le mari” & Art.143 “Si le mariage a été contracté entre des personnes de même sexe, l’article 312 n’est pas applicable”).

Mir sinn zwar wuel bei eise Kanner um ursprénglechen Acte de naissance erwänt, allerdéngs just als Persoun déi d’Gebuert deklaréiert huet an mat ‘Relation avec l’enfant: aucune’.

Dräi Méint musse mir, laut Gesetz, dann waarden éier mir iwwerhaapt mol d’Demande op d’Adoptioun kënne maachen. Fir déi dräi Adoptiounen si mir am ganzen e puer Dausend Euro un Affekotskäschten lass, Suen, déi mir sécherlech och anerwäerts hätte kënnen am Sënn vun eise Kanner investéieren.

Kréie mir déi Adoptioun dann accordéiert, nodeems mir eis mat eisen dräi Kanner hu mussen um Geriicht presentéieren, da kann d’Kand och een neien, duebelen Familljennumm kréien. An dann ännert och dem Kand seng Matricule, hatt brauch eng nei Carte d’identité, asw. Kéint d’Kand direkt bei der Gebuert vun der zweeter Mamm unerkannt ginn, kéint et och direkt säin definitiven Familljennumm kréien an och seng Matricule bäibehalen, wat villes géif erliichteren a fir manner Konfusioun suergen.

Esou einfach wéi vill Leit mengen, dass et säit der Gesetzesännerung vun 2015 wier, ass et schlussendlech dann awer net. Jo, mir däerfen eis bestueden - jo, mir däerfen Kanner adoptéieren - gläichgestallt si mir am Moment awer nach ëmmer net.

Obwuel mir eis bei all dësen Punkten nach ëmmer diskriminéiert fillen an nach ganz oft mam konventionellen Familljemodell vu Mamm a Papp konfrontéiert ginn an oft mussen op diverse Formulairen den ‘Papp’ duerch en zweeten ‘Mamm’ ersetzen, sou mierke mir awer eng grouss Akzeptanz vu Säiten vun der Gesellschaft. Mir stellen ëmmer erëm fest, dass mir am Alldag ganz positiven Reaktiounen ausgesat sinn an et immens schéin fir eis Kanner ass, dass hir Famill zwar wuel nach ëmmer aus der Roll fält, gläichzäiteg awer net méi sou aussergewéinlech ass. Sécherlech bleift een gewëssenen gesellschaftlechen Drock an och nach ëmmer déi eng oder aner Virurteeler an och mol komesch Blécker, mee ofschléissend kann ech awer soen, dass mir d’Gesellschaft als ganz oppen empfannen an et vill méi eis lacunaire Gesetzestexter sinn duerch déi mir eis diskriminéiert fillen, an dat obwuel se sech zwar ganz progressiv ginn, et schlussendlech awer nach ëmmer net wierklech sinn.

Sylvie Klein