Wat vir eng Zukunft vir de Landesverband?

E richtungsweisende Kongress soll et den 2. Dezember am Bouneweger Casino gin. Een deen d’Weiche vir d’Zukunft stellt, an een deen e bëssen eppes vun der Komplexitéit vum Brexit kéint hunn, well en Zréck wäert am Fall vun enger mi enker Kooperatioun bis hin zu enger Fusioun wuel extrem schwiereg bis bal onméiglech gin. Aus engem Ee eng Omlette ze maachen ass keng gréisser Schwieregkeet. Vir allerdéngs aus där Omlette spéiderhin nees en Ee ze maachen ass eng Saach vun der Onméiglechkeet. Dees sollten d’Delegéierten um Kongress sech stets bewosst sinn.

Ee vun den Haaptgrënn vir eng méiglech Fusioun mam OGBL schéngt ekonomescher Natur ze sinn, wann och des Ursaach souzesoen hausgemaach ass. Nach stéing de Landesverband finanziell gutt do kritt een ëmmer nees ze héieren, ma wann ee weess datt bal d’Hallschent vun de Memberen vun deem Landesverband dem Secteur vun de Pensionéierten zouzerechne sinn, dann ass d’Fro wéi et mëttelfristeg em déi Finanze bestallt ass dach awer berechtegt.

Kuckt een d’Evolutioun vun de Neizougäng vun de Memberen, da sollten di Verantwortlech vum Landesverband sech awer nawell selwer ferm a Fro stellen. En onofhängege Landesverband sollt onbedéngt eng kloer an däitlech Sprooch schwätzen, ma et ass mëttlerweil scho bal 5 op 12. Wärend d’Policegewerkschaft SNPGL oder och nach  d’Arméigewerkschaft SPAL, vir nëmmen déi ze nennnen, kloer Positiounen am Sënn vun hire Membere vertrieden, sou kënnt d’Approche vum Landesverband – dee grad esou munch Personalkatgeorien am Secteur public vertrëtt – net bei den diverse Belegschaften un. Et gëtt méi Asaz, méi eng kloer Linn a méi eng kloer Sprooch verlaangt, dat kréien d’Militanten um Terrain quasi dagdeeglech ze héieren an ze spieren.

Nach gin et vill Onkloerheeten beim Thema Kooperatioun-Fusioun mam OGBL. Do wär beispillsweis di kruzial Fro, woufir ee beim Landesverband eesäiteg Verhandlungen mam OGBL geféiert huet, amplaz parallel och mat der CGFP. Huet d’CGFP als Daachorganisatioun mat hire sëllegen Ënnerorganisatiounen zweiwelsouni méi Gemeinsamkeete mat deene Secteuren an deenen de Landesverband vertrueden ass ewéi den OGBL. Et kann ee sech deemno froen, wat de Méiwäert vir d’Memberen vum Landesverband an engem OGBL soll sinn, enger Gewerkschaft déi majoritär am Privatsecteur vertrueden ass. Jo et kann een esouguer d’Fro opwerfen, ob verschidde Beruffskategorien am Landesverband net reegelrecht ënnerginn an deem risegen OGBL dee net zulescht deels di selwecht Beruffskategorien vertrëtt wéi de Landesverband, allerdéngs am Privatsecteur. Di privat Buschaufferen sinn ee Beispill ënner villen, déi dach awer eng staark Lobby sinn. Et freet ee sech wéi et do an Zukunft em d’Harmonie bestallt kéint sinn, wann op eemol dee selwechten OGBL als Daachorganisatioun och d’Buschaufferen aus dem Secteur public sollt vertrieden.

Wann een dann och e bëssen d’Aktualitéit verfollegt, dann erschéngt di ganz Fusiouns-Kooperatiouns-Diskussioun an engem nach e méi paradoxe Liicht. Virun e puer Deeg konnt muncher een an der Press feststellen, wéi vill Gemeinsamkeeten di sëllegen ëffentlech Bedéngschteter aus dem Landesverband mat de Vertriedunge vu beispillsweis dem Syndicat Professionnel de la Force Publique – SPFP hun. Dësen ass iwwregens och an der CGFP affiliéiert. Et hätt sech deemno kloer ugebueden, éischter e Rapprochement mat der CGFP wéi mam OGBL ze sichen.

Spënnt een an där ganzer obskuerer Geschicht nach e bësse weider, da freet ee sech ob net eventuell nach ganz aner Zenarien de Responsabele vum Landesverband dämmeren.

Steet do méiglecherweis mëttelfristeg eng Privatisatioun vu bestëmmten ëffentlechen Déngschtleeschtungen an d’Haus? Dëst wär zumindest eng méiglech Erklärung, woufir de Landesverband zesumme mam OGBL sech därmoosse staark vir d’Salariéen vu Luxtram agesat huet. Solle méiglecherweis nach aner ëffentlech Déngschtleeschtunge nom Virbild vu Luxtram privatiséiert gin?

An där Hypothees wär een da vläicht tatsächlech besser am OGBL opgehuewen, an awer. Och an deem Kontext kéint d’CGFP dem Landesverband éischter de Réck stäipen ewéi den OGBL.

Tatsaach ass, datt aktuell, e puer Deeg virun dem ominéisen ausseruerdentleche Kongress, nach ëmmer eng jett Froen opstinn, op déi di Responsabel vum Landesverband keng richteg Äntwert hunn oder zumindest wëlle ginn.

Zesumme staark… oder zesumme gefall?

E puer Querulanten aus dem FNCTTFEL Landesverband

Jérôme TRAUSCH

Starsky FLOR

Ph. HOFFMANN