E „Kuss“ fir den öffentlechen Transport!?

Ma nee, op kee Fall, en Armut sonnergläichen!

SONNDEG 1. Dezember 2019, Schnéi a kal, allez hopp, haut bleift den Auto doheem a mir fueren mam ZUCH an d‘Stad op de Krëschtmaart an den „Ëmzuch“ mam Kleesche kucken, ass vill méi einfach an et brauch een keng Parkplaz ze sichen a kee Stress.

10 Minutte virun der Zäit op der Gare, 15.34 Auer soll den Zuch zu Schëffleng ukommen.  Ewéi vill aner, fir zeg Milliounen Euro nei gebaute Garen, stinn dann ca. 20 Leit mat Kanner an der Keelt an ouni Ënnerdaach do ze waarden . Entretemps ass et schonns 15.40 Auer, wäit a breet ausser Schnéireen näischt vun engem Zuch ze gesinn. Dat schlëmmst, et kënnt och kee Message iwwer Lautsprecher datt onsen Zuch ausgefall ass, an den nächsten eréischt um 16.04 Auer kënnt kommen. Vläicht hätt een sech jo kënnen iergendwou ënnerdaach a waarm zréckzéie kënnen bis et esouwäit ass. Kommen mat engem „Vielfahrer“ an d‘Gespréich ..... mäi léiwen Här seet mir dee Mann, dat do ass dagdeeglech dat selwecht, Problem ass wann ee mat Zäit iergendwou wëllt sinn, sidd Dir esou gutt an huelt z.B. ën Zuch 1 Stonn éischter, vläicht klappt et dann.

Fazit: Och mat Stau, huelen ech léiwer dann nees mäin Auto, do sëtzen ech mindestens mol waarm Ënnerdaach! Schued fir d‘Kanner, déi an d‘Stad de Kleeschen wollte kucke goen an elo duerchgefruër mat hiren Elteren um Quai stoungen! Ganz sécher kritt an dësem Fall d‘CFL eng säfteg Datz opgeschriwwen! An déi Ministeren, déi zoustänneg sinn respektiv waren, fir den Aarmut mat deenen neie Garen z‘organiséieren, missten wärend 1 Mount dee Fiasko do matmaachen. En plus, ech bedaueren déi op iergendeng Aart a Weis behënnert Leit, déi de Wee op d‘Gare SCHËFFLENG mussen aschloen, Architekt a Staat 0 setzen.

An de Cortège Kleeschen!? Och dat war ënner aller Klarinetten, vill Gedäisch an näischt dohannert.