De Strecke-Radar zwësche Gonnereng an dem Waldhaff kënnt an den Asaz. Dat ka jo heiter ginn !

Elo schonn sprange vill Autofuerer mat 2 Féiss op d’Brems wa si an d’Géigend vun engem Radar kommen. Obwuel d’Vitesse z.Bsp. mat 90 km/h erlaabt ass, gëtt virsichtshalber emol mat 65 km/h laanscht gezuckelt. Sécher ass sécher!

Beim Strecke-Radar wäert dann iwwer di ganz kontrolléiert Streck am Schleekentempo geschlach ginn. Ech wëll mir guer net virstellen wat dat gëtt, wann esou Radaren an den Autobunns-Tunnellen installéiert ginn.

Et huet ee mëttlerweil den Androck, datt duerch di regelrecht Anti-Vitesse-Hysterie eng ganz Partie Autofuerer esou veronséchert, ageschüchtert oder terroriséiert sinn, datt net méi normal op eise Stroossen gefuer a sech dem Verkéiersfloss ugepasst gëtt – wann de Verkéier dann emol fléisst.

Nee, et gëtt mat den Aen um Tacho gepecht a virsichtshalber mat 10-15 km/h méi lues wéi erlaabt geschlach fir nëmmen net di willkürlech Limitten ze depasséieren.

Datt dat vill Verkéiersteilnehmer aggressiv mécht an incitéiert, bei éischt beschter Geleenheet ze iwwerhuelen, egal wéi geféierlech dat vläicht ass, ass novollzéibar.

Huet eigentlech ee vun deenen dichtegen Herrschaften am Ministère sech emol d’Fro gestallt, firwat vill Autosfuerer sech NET un d’Limitten halen ?

Ass et schonn engem an de Sënn komm, datt di Limitten op ville Plazen ouni gesonde Mënscheverstand festgesat goufen ?

Natierlech kann een der Iwwerzeegung sinn : wat méi lues gefuer gëtt, wat manner Accidenter. Leider geet dat awer deelweis komplett un der Realitéit erlaanscht.

An eiser schnelllieweger Zäit ass jiddfereen presséiert, gestresst, ënner Zäitdrock. Di alldeeglech Stauen verschäerfen déi Situatioun nach. Dann ass et kee Wonner, datt d’Leit wëlle viru kommen, wann et dann emol rullt. Dat kritt och de Ministère mat senge schikanöse Methoden net geännert.

E Radar opstellen oder d’Vitesse reduzéieren op enger Plaz wou eng Kéier en Accident geschitt ass, ass just blannen Actionnismus. Fir de Verkéier auszebremsen op Plazen, wou dat absolut net néideg ass, ass onverständlech.

Ech plaidéieren net dofir, datt ouni Sënn a Verstand kann oder soll gerannt ginn. Di Onverbesserlech kritt ee souwisou net gestoppt. Di Aner sinn awer menger Meenung no méi verstänneg, wéi di ëmmer méi drakonesch an diktatoresch Mesuren et vermute loossen.

Dat kann ee gutt bei normalem Trafick beobachten - dee regelt sech nämlech gréisstendeels selwer : den Ofstand gëtt agehal, et gëtt net gedrängelt, de Verkéier rullt, ouni datt sech mordikus un di virgeschriwwe Vitesse gehal gëtt. Et gëtt op de Verkéier opgepasst, aplaz andauernd krispéiert op den Tacho ze stuerken.

Firwat gëtt bei de Limitatiounen eigentlech keen Ënnerscheed gemaach, ob vill oder net vill Trafick ass, ob et daagsiwwer oder owes/nuets ass ?

Hei sinn ë.a. d’Tunnellen op den Autobunnen e gutt Beispill.

90 km/h duerch en Tunnel ass souwisou vill ze lues par rapport zu den 130 km/h op der Autobunn a bei deene meeschten Tunnellen och guer net néideg. Och hei ass et erëm d’Saach vun den “mat 2 Féiss op d’Brems sprangen”.

Firwat dann och nëmmen däerf mat 90 km/h gefuer ginn, wa wäit a breet kee Mënsch méi op der Strooss ass, ass net nozevollzéien. Mat den heidegen technesche Méigleckeeten dierft et kee Problem sinn fir d’Vitesse-Limitatiounen un den Trafick unzepassen.

D’Cougenade duerch de Ministère dréit zu engem groussen Deel zu der Aggressivitéit op eise Stroosse bäi. Aplaz, datt Moossname geholl ginn, fir de Stress fir all d’Verkéiersteilnehmer ze reduzéieren, ass den eenzege Credo bei de Responsablen : lues fueren.

De Stress gëtt reduzéiert wann den Trafick rullt. Eng Optimiséierung vun de Luten-Regelungen géng och dozou bäidroen. Déi loossen nämlech op ville Plazen ze wënschen iwwreg.

Willkürlech Vitesse-Limitatiounen sinn sécher net de richtege Wee a ginn net vun de Leit akzeptéiert, wa se net konkret a situatiounsofhängeg berechtegt sinn.

Et huet een awer ëmmer méi den Androck, datt et de Responsablen guer net drëms geet, fir den Trafick méi flësseg ze kréien, mee éischter fir den Autofuerer d’Flemm anzedreiwen an se op den öffentlechen Transport ze kréien – en ö.T. niewebäi gesot, deen elo scho mat senge Kapazitéiten um Enn ass.

Oder geet et awer nëmmen drëm fir d’Staatskeesen gefëllt ze kréien ??