De Jean Lichtfous hëlt e Saz aus enger parlamentarescher Fro emol ganz genau auserneen...

Den Deputéierten Kartheiser (ADR) schreift an enger parlamentarescher Fro den 6. Dezember 2019, als Aleedungssätz dëst: „Et gëtt am ganze westleche Raum ëmmer méi Stëmmen, déi soen, datt d’Medie géintiwwer méi konservative Meenungen eng Zensur ausüben. A ville Länner gëtt dës Diskussioun ganz vehement geféiert. (...)“ Dozou e puer Froen: Wat ass de „westleche Raum“ a wat ass de „ganze westleche Raum“ ? An do gëtt et „ëmmer méi Stëmmen“. Wellech Stëmmen sinn dat, a säit wéini kann ee feststellen datt et der „ëmmer méi“ gëtt ? An déi Stëmme soen „datt d’Medie géintiwwer méi konservative Meenungen eng Zensur ausüben“. Wat sin „méi konservativ Meenungen“ ? Am ganze westleche Raum üben „d’Medien .. eng Zensur“ aus. D’Medien, also alleguerten, üben déi „eng Zensur“ aus ? Wéi machen déi dat da genee ? Hunn déi sech all ofgeschwat ? „A ville Länner gëtt dës Diskussioun ganz vehement geféiert.“ A welleche Länner, a sinn dat alles Länner aus dem westleche Raum ? An „dës Diskussioun“ gëtt gefouert. Wellech Diskussioun ? Oder si „Stëmmen“ schonn eng „Diskussioun“ ? An déi gëtt souguer „ganz vehement geféiert“, vun de „Stëmmen“ ? Oder wee diskutéiert do mat wiem ?

Dono freet den Deputéierten d’Regierung ob si der Meenung ass „datt d’Bierger hei am Land, net nëmmen an der Theorie mä och an der Praxis, prinzipiell d’Méiglechkeet sollen hunn, fir an de staatlech subventionéierten oder konventionéierte Medie Meenungen ze vertrieden, déi net dem sougenannte „lénke Mainstream“ entspriechen ?“ Lo ass d’Regierung awer mol richteg an der Féckmillchen ! Si muss sech froen wat „sougenannte lénke Mainstream“ ass. A wa si dat definéiert huet, da kann si jo gutt frech sou wéi si jo ass, äntweren: Nee ! Oops ! oder sou hannerlëschteg wéi si ass: Jo! Oops ! Sie kéint awer och zréck froen: Här Deputéierten, firwat stellt Dir Froen, an deenen Dir Iech selwer schonns d’Äntwert gitt ?

Den Deputéierten huet am Ausland an dem Kontext vun den lénken Mainstream Medien déi Zensur am ganzen westlechen Raum ausüben wouriwwer Stëmmen eng vehement Diskussioun féieren „Etüden iwweet déi dacks eesäiteg a staark tendenziell Bericherstattung vun de Medie bei Froen ewéi der Migratioun, dem Klima an nach ähnlechen, dacks ideologiséierte Froen“ entdeckt. Leider seet hie net wellech Etüden dat sinn, a wou hien déi entdeckt huet. A wat sinn dann „dacks ideologiséierte Froen“ ? Et schéngt esou eng Etüd nach net hei am Land ze gin. Dofir freet den Deputéierten dann: „Wëll d’Regierung eng Etüd maache loossen, wéi objektiv d’Press zu Lëtzebuerg vun 2015 bis haut iwwert esou Themen (an och iwwert dat speziell lëtzebuergesscht Thema vum Auslännerwalrecht) informéiert huet an déi Etüd publizéieren ?“ Lo stellt Iech mol fir, bei där Etüd géif eraus kommen datt dem Deputéierten sengem Kolleg Fred Keup säin Dada, d’Auslännerwalrecht, iwwerhaapt net objektiv an de lénke Mainstream Medien behandelt gi wär. Skandal ! De Beweis fir eis lëtzebuerger „Lügenpresse“ wär erbruecht !

Ech erlabe mir der lëtzebuergescher Presse en Tipp ze gin: Liest dem Deputéierten seng question parlementaire ganz genee, an huelt Iech an Uecht !

Jean Lichtfous